Search

You may also like

Subventioune fir de Logement
International Neiegkeeten

Subventioune fir de Logement

No der Presentatioun vum éischten Tëschebericht zum spezielle Fonds fir

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
International Neiegkeeten

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip

D’80er Joren ze imitéieren ass einfach. Eppes Interessantes an Originelles

Ee Podium nom aneren
International Neiegkeeten

Ee Podium nom aneren

Leschte Samschdeg goufen déi zwou Manche vum virtuelle Porsche Mobil

An den USA ass d‘Korrespondenz vun enger Journalistin saiséiert ginn

An den USA ass d‘Korrespondenz vun enger Journalistin saiséiert ginn

An den USA sinn d‘Organisatiounen zur Verdeedegung vun der Pressefräiheet staark Beonrouegt, nodeems d‘Justiz d‘Korrespondenz vun enger Journalistin, am Kader vun enger Enquête iwwer d‘Fuite vu sensibelen Dokumenter, saiséiert.

Um Donneschdegowend huet den US-Justizministère d‘Uklo géint den James Wolfe annoncéiert. Dat ass en Employé vum Kongress, dee fir d‘Senateure-Kommissioun vum Geheimdéngscht schafft. De 57 järege gëtt beschëllegt géintiwwer den Enquêteure vum FBI, iwwert seng Kontakter zu dräi Journaliste gelunn ze hunn.

Wéi hien Enn 2017 befrot ginn ass, hat hien ofgestridde säit dräi Joer e Verhältnes mat der Journalistin Ali Watkins ze hunn, déi d‘lescht Joer vun der New York Times – als Spezialistin vir Froen zur nationaler Sécherheet – agestallt ginn ass.

Fir an der Enquête „weiderzekommen“ huet d‘US-Justiz elo d‘Korrespondenz vun zwou elektronesche Messagerien an dem Handy vum Ali Watkins saiséiert. Heibäi sinn d‘Date réckwierkend op laang Jore séchergestallt ginn, heescht säitens de New York Times. E klore verstouss géint Pressefräiheet, esouguer fir amerikanesch Verhältnesser.

Landesverrot?

Dës Affär léisst Besuergnes opkomme wat d‘Pressefräiheet an de Quelleschutz betrëfft. Zugläich werft et eng Fro vun der Ethik, iwwert d‘Relatiounen tëscht enger Journalistin an enger Informatiounsquell op.

An de Virfall passéiert zu engem Ament, wou den US-President all déi a senger Equippe gewarnt huet, déi der Press Informatiounen zoukomme loossen, a si als Verréider bezeechent huet.

Dës Saisie awer wier „e geféierleche Prezedenzfall“ säitens der Regierung, warnt d‘Direktesch vum Comité fir de Schutz vun de Journalisten (CPJ), Alexandra Ellerbeck. D‘Institut fir Pressefräiheet huet sengersäits via Twitter matgedeelt, datt d‘Saisie vun Dokumenter „eng Violatioun vun de Fräiheeten nom éischten Amendement vun der Verfassung ass“.

Verstouss géint d‘Verfassung?

„D‘Pressefräiheet ass d‘Fundament vun der Demokratie, a mir méi mengen datt d‘Kommunikatiounen tëscht de Journalisten an hire Quelle musse geschützt ginn“, betount d‘Spriecherin vun der New York Times, Eileen Murphy.

D‘Saisie vun Donnéeën „bréngt d‘Méiglechkeet vun de Journalisten, Vertraulechkeet ze garantéieren a Gefor. An domatter gëtt der fräier Press d‘Méiglechkeet entzunn, d‘Aktioune vun der Regierung ëffentlech ze maachen an ze hannerfroen“.

„Mat dëser Aktioun kréien investigativ Journalisten hir Grenzen opgewisen“ bedauert sengersäits de Vertrieder vun der OSCE (Mediefräiheet an Entwécklung), de Fransous Harlem Désir.

Mat „Quellen“ schléift ee net?

Laut dem Stephen Ward, Begrënner vum Ethik-Zenter fir Journalismus op der Universitéit vu Wisconsin, schaaft déi intim Relatioun tëscht der Journalistin an enger Quell, en Interessekonflikt an eng ganz Rëtsch Problemer wann se ëffentlech gëtt, notamment hisiichtlech der Integritéit vun de Journalisten.

Ënnert der Obama-Administratioun, war e Journalist vun der New York Times ugeklot ginn, well hie refuséiert hat d‘Source vun enger Informatioun ze nennen. Rechtlech gesi war dat e Verstouss géint d‘Verfassung an de Mann huet missen op fräie Fouss gesat ginn.

mat AFP

Related topics Ali Watkins, Journalistin, New York Times, Pressefräiheet, USA
Next post Previous post