Search

You may also like

money
Finanzmuecht Lëtzebuerg: „wësse wéi et geet“
International Neiegkeeten

Finanzmuecht Lëtzebuerg: „wësse wéi et geet“

Zënter dem Méindeg, den 15. Mäerz 2021 sinn déi ëffentlech

EU-Staatsanwaltschaft hëlt d‘Aarbecht op
International Neiegkeeten

EU-Staatsanwaltschaft hëlt d‘Aarbecht op

Nach déi lescht Woch konnt een enger zefriddener Kommissiounsvizepresidentin begéinen,

Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix
International Neiegkeeten

Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix

De Februar réckelt mi no. Dat heescht och, datt mer

Stuerm Fabien setzt Korsika ënner Waasser

Stuerm Fabien setzt Korsika ënner Waasser

No den neien Onwieder déi de Süde vu Frankräich fest am Grëff hunn, huet sech de Stuerm Fabien iwwert Korsika hir gemaach. E Samschdeg am fréien Nomëtteg waren d‘Landepiste vum Fluchhafe vun Ajaccio iwwerschwemmt ginn, wat zur Evakuatioun gefouert huet. 15 Departementer sinn an Alarmbereetschaft versat ginn.

De Wanter kënnt an mat him de Stuerm „Fabien“. Deen ass d‘Resultat vun de Renconter vum niddrege Loftdrock iwwert de briteschen Inselen an dem Héichdrock onwäit der marokkanescher Küst. De Stuerm betrëfft grouss Deeler vu Südfrankräich. Dësen heftege Wanterstuerm huet sech gëschter Mëtteg nach bei der Bretagne opgehalen, zitt awer op d‘Küst vun der Aquitaine.

Korsika

Vum franséische Wiederdéngscht „Météo France“ goufe Wandspëtzte vun 148 Km/H zu Socoa (Atlantesch Pyrenäen) 130 Km/H um Cap Ferret (Gironde) an nach 128 Km/H op der „point du Raz“ (Finistère). An der Vendée waren zudeem impressionnant Welle gemellt ginn. Fir den haidege Sonndeg soll sech de Wand nach verstäerken, a ëmmer méi staark Wandstéiss mat sech bréngen.

Op der Küst gi sech Spëtzte vu bis zu 140 Km/H erwaart, am Inland sollen déi bis zu 120 Km/H bedroen. An der Nuecht huet de Fabien sech iwwer de Südosten ewechgemaach an ass de Moien um Wee a Richtung Korsika. Op der atlantescher Küst hunn déi héich Wellen sech vum Golf vu Gascogne an d‘Küsteregioun vun der Gironde verluecht an dréngen an de „Bassin vu Arcachon“ an.

Stroumausfäll nom Stuerm Elsa

Während de Fabien säin Onwiesen dreift, hunn d‘Leit nach mat de Folge vum Stuerm Elsa ze kämpfen. 10.000 Menage waren e Samschdeg nach ouni Stroum, dat haaptsächlech am Departement Auvergne Rhône-Alpes. An der Nuecht vum Donneschdeg op e Freideg, ware bis zu 140.000 Menagen duerch de Stuerm vum Stroum ofgeschnidde ginn.

De Gestionnaire vum Reseau huet seng „Truppe“ mobiliséiert, mee d‘Aarbechte ginn duerch de staarke Reen an ëmgefale Beem entspriechend behënnert. De Stuerm Elsa hat den Departement vun der Loire voll getraff. Am Südoste fiert dann haut och keen Zuch tëscht Bordeaux an Toulouse. Den Eisebunnsverkéier tëscht Bordeaux an Hendaye, wéi tëscht St. Etienne a Lyon ass och ënnerbrach.

KorsikaAm Departement Gironde sinn d‘Leit opgeruff all onnéideg Deplacementer ze evitéieren, net op den Dach ze klamme fir Reparature virzehuelen oder an de Bësch ze goen. Besonnesch am Bassin vun Arcachon ass mat Iwwerschwemmungen ze rechnen. D‘Mënschen déi direkt um Mier Wunne solle Fënsteren an Diere verbarrikadéieren. D‘Leit sollen dann och d‘Noriichte verfollegen.

Op der ganzer Küst sinn all ëffentlecher Evenementer annuléiert ginn, kee Chrëschtmaart huet gëschter opgehat an dat dierft och fir dëse Sonndeg gëllen. Zu Bordeaux sinn déi ëffentlech Anklage wéi Park a Gäert preventiv zougemaach ginn. An der Bretagne gi schonn Iwwerschwemmunge gemellt. Hei lafe mëttlerweil och d‘Kanäl iwwer. D‘Rettungsdéngschter sinn am Dauerasaz…

Süd-Korsika massiv bedreet

Op der „Sonneninsel“ gi sech Wandspëtzte vu bis zu 180 Km/H erwaart. Météo France huet déi héchsten Alarmstuf fir d‘Insel ausgeruff. Hei hat d‘Prefektur e Samschdeg entscheet d‘Afaarten an d‘Ausfaarte vun Ajaccio bis haut Mueren ze spären. Et sollt verhënnert ginn datt Leit sech an den Iwwerschwemmungsgebidder festfueren. Un esou en Onwieder kann sech hei keen erënneren.

Esou guer d‘Digue vum Fluchhafen, déi eigentlech geduecht war engem Joerhonnerthéichwaasser ze widderstoen, konnt d‘Waassermasse vum Floss Gravona net ophalen. Och hei sinn d‘Leit opgeruff ginn, sech doheem opzehalen an d‘Consignen zur Sécherheet ze respektéieren. Bis an de spéiden Nomëtteg soll déi héchst Alarmstuf bäibehale ginn. Nach méi Doudeger wëll keen.

KorsikaBannent engem Mount sinn wéinst den Onwieder 14 Mënsche verstuerwen. D‘Côte d‘Azur, d‘Provence an wéi gesot Korsika ware schonn e Freideg voll erwëscht ginn. Am Golf vu Fosse-sur-Mer ass konnt e Matrous deen iwwer Bord gaange war a sech un enger Boje festgehalen huet, gerett ginn. E weidere Matrous gëtt weiderhi vermësst.

Dës Aart vu Wieder-Episoden ass fir dës Saison net onüblech, och wann se erwisenermoosse vill méi intensiv wéi gewinnt sinn. D‘Previsioniste vu Météo France weisen dann och drop hin, datt dës Onwieder net a Relatioun mam Klimawandel ze brénge sinn. Och wann, wéi gesot d‘Intensitéit vun den Onwieder dëst Joer ongewéinlech Hefteg ass. Och hir Opzeechnunge sinn do däitlech…

mat indymedia/bdx

Foto: De Fluchhafe vun Ajaccio steet komplett ënner Waasser. © Aéroport d‘Ajaacio

Related topics Fabien, Frankräich, Iwwerschwemmungen, Korsika, Wanterstuerm
Next post Previous post