Search

You may also like

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?
International Neiegkeeten

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?

Nodeems Lëtzebuerg sech scho virun e puer Wochen, fir ee

Bicherwoch am Biodiversum -Esou gëtt d’Fuesvakanz spannend gestalt!
International Neiegkeeten

Bicherwoch am Biodiversum -Esou gëtt d’Fuesvakanz spannend gestalt!

Bei der 4. Editioun vun der Bicherwoch, déi vun natur&ëmwelt

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn
International Neiegkeeten

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn

Et war de fréieren Iechternacher Buergermeeschter, Jos Scheuer (LSAP), deen

Korsika: Schéisserei op der „Île de Beauté“

Een Doudegen a fënnef Blesséierter an de Stroossen vu Bastia

Korsika: Schéisserei op der „Île de Beauté“

Um Mëttwoch 30. Januar géint 16 Auer, ass et an de Stroosse vu Bastia, zur Panik komm, wéi e Mann am Quartier vu Montesoro, wéi Dabo ronderëm sech geschoss huet. Laut dem bis ewell virleefeg leschte Bilan, dee eis vum Parquet vu Bastia zoukomm ass, si bei dësem Tëschefall eng Persoun gestuerwen, fënnef Mënsche sollen deels schwéier blesséiert gi sinn.

Wéi et am Bericht heescht, huet e 60 järege Mann, deen der Police net onbekannt war, wéinst Sträit ëm en Hond, seng Waff géint zoufälleg op, sech op der Strooss ophalend Mënschen, geriicht an d‘Feier erëffent. Nach iert d‘Police op der Plaz agetraff waarm, huet sech de Mann an engem Appartement verschanzt. Beim Versuch de Mann ze iwwerwältegen ass e Polizist blesséiert ginn.

Korsika

D‘Procureure vu Bastia, Caroline Tharot, déi sech op der Plaz e Bild vun der Situatioun gemaach huet, bestätegt, datt ee Polizist liicht um Hals blesséiert ginn ass. Hien ass am Spidol behandelt ginn eng Gefor fir Leif a Liewe besteet net. Alles an allem wiere sechs Persoune vu Kugele getraff ginn, eng dovunner ass hire Verletzungen erleeën. Fir e Mann vun 23 Joer, gesäit et och net gutt aus.

Bei de Blesséierten Zivilisten handelt sech ëm dräi Fraen an zwee Männer. Eng ufanks siwent Persoun, déi als blesséiert genannt gi war, huet kee kierperleche Schued erlidden. Si steet allerdéngs ënner Schock, a laut Police, géif si psychologesch betreit. Um Mëtternuecht huet den Inneminister, Christophe Castaner der Assemblée matgedeelt, datt sech den Täter selwer ëmbruecht huet.

Related topics Bastia, Caroline Tharot, Christophe Castaner, Korsika, Schéisserei
Next post Previous post