Search

You may also like

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 14. bis den 20. Juni
International Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 14. bis den 20. Juni

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg

Europadag: Zesumme fir oppe Grenzen (Billergalerie)
International Neiegkeeten

Europadag: Zesumme fir oppe Grenzen (Billergalerie)

Am Kader vum Europadag um vergaangene Samschdeg ass op de

D’Kand an Iech – Loosst et eraus!
International Neiegkeeten

D’Kand an Iech – Loosst et eraus!

Mir hunn all en klengt Kand an eis. Leider hunn

Kosovo: Am Sträit ëm d‘Covid19-Strategie gëtt d‘Regierung gestierzt

Kosovo: Am Sträit ëm d‘Covid19-Strategie gëtt d‘Regierung gestierzt

Et ass wuel net wierklech de beschte Moment, déi kosovaresch Regierung matten ab der Kris ze stierzen, an awer huet d‘Parlament dat esou entscheet. Esou ass d‘Regierung vum Albin Kurti, déi grad emol sechs Wochen am Amt war, mat 82 vun 120 Stëmme beim Mësstrauensvott ofgewielt ginn. Et ass dat déi éischt Regierung, déi un der Pandemie vum Covid19 zerbrach ass…

Am Kosovo war eng Koalitioun tëscht ongläiche Géigner zesummegeneelt ginn. Zum enge war do dem Kurti seng lénks-national „Vetëvendosje“ (Selbstbestëmmung) an zum aneren déi konservativ „Demokratesch Liga Kosovo“ (LDK). Dat ass elo „passé“ an esou stécht de Kosovo elo an enger sanitärer Kris, an dat ouni Regierung, där Instanz déi d‘Verantwortung huet d‘Kris ze managen.

Ausléiser war d‘Entloossung vum Inneminister Agim Veliu (LDK). Dee war iwwerzeegt, datt et an dëser Situatioun noutwenneg ass den Noutstand auszeruffen. Den Albin Kurti, huet dat anescht gesinn, a well et de Kosovo ass, wou d‘Sitten och an der Politik, zuweilen eppes méi Rau wéi bei eis um Krautmaart sinn, muss ee Frou sinn, datt se sech net zerschloen hunn. Et huet awer e Grond.

An deen ass änlech Domm wéi de Mann deen de Mësstrauensvott erausgefuerdert huet. Wier elo den Ausnamezoustand ausgeruff ginn, hätt et eng Verlagerung vun de Kompetenze ginn. Fort vun der Regierung hin zum President Hashim Thaci an dat wollt de Ministerpresident onbedéngt verhënneren. Dozou muss ee wëssen, dat déi zwee sech zanter Jore bis op d‘Blutt bekämpfen.

Dobäi haten d‘Kosovare vill Hoffnung an dës Regierung vun der „Eenheet“ gesat. Si hat endlech eng politesch Formatioun, déi zum gréissten Deel aus Milize-Leader aus dem „anti-serbeschen Opstand“ (90er Joren) bestanen huet, ofgeléist. Zwee Joerzéngte laang hunn si hiert Onwiese gedriwwen, d‘Korruptioun war quasi „Gesetz“ an och soss hu si dem Vollek net wierklech gedéngt.

Elo huet dem Albin Kurti säi Club 15 Deeg Zäit fir en „Neien“ an d‘Arena ze schécken. Op dësen dann den Noutstand ausrifft, dierf ee bezweiwelen. Woubäi ganz esou dramatesch schéngt et am Kosovo, bezunn op de Coronavirus, nach net ze sinn. Laut den offiziellen Zuelen, wier bis ewell eréischt bei 63 Persounen eng Infektioun festgestallt ginn eng Persoun ass dru gestuerwen.

mat indymedia/prs

Foto: De Ministerpresident Albin Kurti wollt den Noutstand net ausruffen, wëll dat sengem Feind d‘Kompetenzen iwwerdroen hätt. Elo muss hie säin Hutt huelen. © Parliament of Kosovo

Related topics Agim Veliu, Albin Kurti, Hashim Thaci, Kosovo, LDK, Mësstrauensvott, Vetëvendosje
Next post Previous post