Search

You may also like

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister
Neiegkeeten

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister

Iert sech de polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki um Dënschdegowend mam

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!
Neiegkeeten

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!

De Ciné-Club zu Esch-Uelzecht luet all Mount op interessant Filmpresentatiounen

Ee Kueb pickt deem anere keen A aus
Neiegkeeten

Ee Kueb pickt deem anere keen A aus

Virun eppes méi wéi enger Woch, haten d‘Kolleege vum Lëtzebuerger

Kourommeldomm… an dat ass nach gelueft

Kourommeldomm… an dat ass nach gelueft

Wann ee kriminell ass, esou dat net wierklech eppes Besonnesches, wann een allerdéngs kriminell a geeschtlech mannerbemëttelt ass, dann dierf ee sech gewëss sinn, zumindest an der Zeitung seng Véierelsstonn „Opmierksamkeet“ zougestanen ze kréien. Esou dann och am Fall vum Brigang, dee gëschter vun den Zankerten den Dicks riicht gebéit krut. Wat war geschitt?

Um Donneschdegnomëtten, et war eng Auer 15.10, ass eng Patrull vun der Police an der Ardenner-Strooss op en Automobilist opmierksam ginn, deem d‘Virfaartsreegelen, esou wéi am Code de la Route definéiert, entweder net geleefeg oder schäissegal waren. D‘Beamte wollten sech da beim mann hannert dem Steierrad erkënnegen, wéi eng vun de genannten Optiounen déi richteg ass.

Dee gouf virschrëftsméisseg ugehalen a beim eruntrieden un d‘Gefier, de Pilot hat schonn emol d‘Fënster erofgelooss, hunn d‘Polizisten de séisse Geroch vu lëschtegem Kraut wouergeholl. Dat ass dem onvirsiichtege Chauffer och zimmlech séier bewosst ginn, firwat dësen sech kuerzfristeg derzou entscheet huet, d‘Ausenanersetzung betreffend d‘Virfaart zäitlech ze verréckelen.

Hien huet also de Fouss op déi riets Pedall gestallt an dem Gefier d‘Spore ginn. Dat esou eng Flucht seele vum Erfolleg begleet ass, konnt de Mann, dee sech éischter net mat Statistiken ausenanersetzt, natierlech net anen. Et ass zuweile vu Virdeel, wann ee fir d‘Flucht gutt Uertskenntnisser huet, wat hei net esou de Fall ka gewiescht sinn. Esou ass de Flüchtling erwaardungsgeméiss net wäit komm.

Et war guer net säin Auto

An der Strooss Auguste Lumière, koum dem flüchtende Chauffer eng Camionnette vun der Police entgéint. Eisen „Held“ huet eppes ze laang gebraucht déi richteg Entscheedung ze huelen an ass wéi net anescht ze erwaarden an d‘Camionnette geknuppt. Do wier et da wuel déi besser Wiel gewiescht sech de Polizisten ze stellen, mee de Kadett war gutt ze Fouss an huet et drop ukomme gelooss.

Gutt ze Fouss vläicht allerdéngs liicht ausser Otem, firwat de Brigang dann och zäitno konnt gepëtzt ginn. Wärend de Chauffer zréck bei d‘Gefier begleet gouf, waren aner Beamten dem „Geroch“ nogaangen a sollten net enttäuscht ginn: 230 Gramm vum lëschtege Kraut, mee och 27 Gramm Heroin an eng geréng Meng Hasch, konnten am Auto séchergestallt ginn. Dat ass nach net alles…

Datt d‘Beamten et hei mat engem „Geschäftsmann“ ze dinn haten, huet sech doduerch bestätegt, datt de Brigang ee sougenannte „Jammer“ (Stéiersender) eng Gaspistoul a Pefferspray mat sech gefouert huet. Et muss ee gudden Dag gewiescht sinn, well de Mann nawell ee gréissere Geldbetrag bei sech hat. An hätt sech dësen onséilege Mënsch un d‘Verkéiersreegele gehalen…

Mee nee a bekanntlech dierf jiddereen esou domm sinn wéi hien dat fir sech selwer als richteg hält. An et sollt och domadder net gedoe sinn. Beim iwwerpréiwe vun de Pabeieren zum Gefier, huet sech erausgestallt, datt dëst am Frankräich als geklaut gemellt ass. De Mann setzt elo zu Schrasseg, wou hien nach emol de Feelercode aus sengem beniwwelte Kapp ausliese kann.

Seng „Wäertsaachen“ goufe vun der Police a Sécherheet bruecht, och d‘Gefier gouf op Uerder vum Procureur beschlagnahmt. Bleift nach festzehalen, datt beim duerch dat Kallef provozéiert Accident zwee Beamten (zum Gléck nëmme) liicht blesséiert goufen. Wéi d‘Justiz elo mat dëser Affär wäert ëmgoen ass nach net gewosst, mee de Mann schéngt gutt beroden e gudden Affekot auszewielen,.

Illustratioun: © Brandi Ibrao / unsplash

Related topics Accident, Code de la Route, Drogen, Fahrerflucht, Police, Verkéiersreegelen
Next post Previous post