Search

You may also like

Gedenkfeier vun der KPL um russesch-sowjeteschen Denkmal zu Esch
Meenung Neiegkeeten

Gedenkfeier vun der KPL um russesch-sowjeteschen Denkmal zu Esch

Zum 75. Joresdag zur Befreiung vun Europa vum Faschismus huet

US-Representantenhaus ass géint den Noutstand, an den Donald chillt mam Kim
Meenung Neiegkeeten

US-Representantenhaus ass géint den Noutstand, an den Donald chillt mam Kim

Well de Kongress him de Goss fir seng onséileg Mauer

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat
Meenung Neiegkeeten

Numeresch Innovatioun: Lëtzebuerg a Monaco wëllen e Partenariat

En Donneschdeg hunn de Premierminister Xavier Bettel an de Staatsminister

Editorial: Do kann s de näischt maachen…

Editorial: Do kann s de näischt maachen…

Zanter enger Rei Deeg ass wéinst dem Asaz vu private Sécherheetsentreprisen am ëffentleche Raum eppes Gespréich amgaangen. An zanter gëschter Owend sinn dann d‘Agente vu „GDL Security“ am Garer Quartier ënnerwee. Am „Journal-Interview“ vu Bertelsmann/RTL huet den Henri Kox (déi gréng), Minister fir bannenzeg Sécherheet, nach emol säi Mëssfalen zum Ausdrock bruecht.

Hien huet hei dann nach emol bestätegt, datt een zu Lëtzebuerg ëmmer de politeschen a juristesche Gedanke verfollegt huet, datt een d‘Aarbecht vun der Police net u privat Sécherheetsentreprise kann oftrieden. Als Deel vun der Léisung – am Kontext vun der Beschafungskriminalitéit – géif jo hei och op d‘Sozialaarbechter zeréckgegraff an et hätt et d‘Zuel vu Polizisten op der Gar erhéicht.

A jo hie weess och, datt et am Garer Quartier en Drogeproblem gëtt, firwat hien d‘Suerge vun de Bierger novollzéie kéint. Datt déi Agente vu „GDL Security“ elo also am Optrag vun der Stad op der Gar patrulléieren, schéngt de Minister akzeptéiert ze hunn. Et gesäit zudeem net esou aus, wéi wann hien der Gemeng dës Moossnam verbidde kéint. Wat soll dann elo d‘Aufgab vu GDL sinn?

Zwee schwaarz Sheriffer mat engem Hond, déi eenzeg den Zweck hunn „Androck ze schënnen“ an de Kriminellen „Respekt anzefléissen“, dierfte wéineg derzou bäidroen, dem Drogenhandel en Enn ze bereeden. Den Handel gëtt wuel méi komplizéiert, mee et schéngt genuch Nofro ze hunn an esou verlagert sech dat Ganzt. Wou also ass hei de Notzen? Déi hu jo absolutt keng Befugnis…

A wou ass déi legal Basis? Wéi eng Formatioun hunn dës Sheriffer, déi sech anscheinend net fir de Policedéngscht eegenen, wou jo behäerzt no Kandidate gesicht gëtt? A wat wann elo all Gemeng, déi hire Policebüro ofgeholl krut och op dëse Wee geet? Froen iwwer Froen a keen deen eng gutt Äntwert parat huet. Eigentlech kann ee just hoffen, datt d‘Moossnamen net nei Problemer schafen.

Bild: Et geet net drëms der Sécherheetsfirma ze ënnerstellen, hei Raudien oder soss Rabbelkäpp op d‘Strooss ze schécken, an hinne verdenken eppes Ëmsaz ze maachen, kann een och net. Si bidden e Service un a verloossen sech drop, datt den Optraggeber berechtegt ass hinne Missiounen, wéi hei op der Gar, unzevertrauen. Et wier also falsch, hei mam Fanger op d‘Entreprise ze weisen. © GDL

Related topics Beschafungskriminalitéit, Drogenhandel, Garer Quartier, GDL Security, Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Police, Sécherheetsentreprise
Next post Previous post