Search

You may also like

Charlotte: 2 Doudeger bei Schéisserei op der „University of North Carolina“
Neiegkeeten

Charlotte: 2 Doudeger bei Schéisserei op der „University of North Carolina“

Um Campus vun der „University of North Carolina“ sinn zwou

Mat enger grenziwwerschreidender Strategie d’Groussregioun stäerken
Neiegkeeten

Mat enger grenziwwerschreidender Strategie d’Groussregioun stäerken

D’Groussregioun verfollegt riseg Ziler. Zousätzlech zur Widderstandsfäegkeet an der Kompetitivitéit,

Libyen: e Konflikt mat ëmmer méi Acteuren
Neiegkeeten

Libyen: e Konflikt mat ëmmer méi Acteuren

Dat nordafrikanescht Land huet vill Begierden erwächt an hei stinn

Minister erwiert sech de Beschëllegungen

Minister erwiert sech de Beschëllegungen

No dem Positionnement vun der Policegewerkschaft SNPGL, zu dem Minister sengen Aussoen an engem RTL-Interview, kënnt den Henri Kox aus dem Staunen net méi eraus. Déi vun der SNPGL gemaachten Affirmatioune wieren net fundéiert.

De Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox (déi gréng) bedauert an engem Communiqué, datt sech d‘Policegewerkschaft SNPGL esou hefteg a virun allem onbegrënnt géint hie stellt. Esou Aussoen, wéi déi vun der SNPGL wieren enger Gewerkschaft net wierdeg, a wuel och kaum nach an Aklang mam neien deontologesche Kodex dee sech d‘Police ginn huet.

Hien erënnert drun, ee Verfechter vum oppenen a konstruktiven Dialog ze sinn. Esou Virstéiss, wéi d‘Attack säitens de Policegewerkschaft, sinn net konstruktiv a droen net zu engem Dialog op Aenhéicht bäi. Mat hire Stellungnam hätt d‘Policegewerkschaft eenzeg Bensin op d‘Feier geschott an der aktueller Diskussioun keng „Plus-value“ bruecht. D‘SNPGL kritiséiert getraffe Moossnamen an/oder Léisungsvirschléi, ouni selwer Proposen zur Verbesserung Opweises ze hunn.

„Net nëmmen datt dës Kritiken d‘Aarbecht vum Minister versicht an Diskredit ze bréngen, mee et gëtt sech och un der exzellenter Aarbecht, déi d‘Beamten um Terrain ze leeschte wëssen, vergraff“, esou de ministerielle Communiqué. Weider heescht et, datt de Positionnement vun der SNPGL mat villen Hallefwourechten hantéiert, Detailer an elementar Erklärungen einfach ewechgelooss hätt.

E puer konkret Zuelen

Well den SNPGL seng Zuele virgeluecht huet, hei dann elo déi „richteg gestallten Zuelen“ aus dem Ministère fir bannenzeg Sécherheet

  • 52 Polizisten an Uniform (inklusiv Cheffen) si bei den 3 Eenheeten déi den Territoire vum Quartier Gar, Hollerech a Bouneweg op zwou, respektiv dräi Schichten ofdecken affektéiert;
  • 20 detachéiert Polizisten an Uniform, verstäerken déi 3 Eenheeten déi den Territoire vum Quartier Gar, Hollerech a Bouneweg an dräi Schichten ofdecken;
  • 4-5 Poliziste mam ziville Statut ginn zur Ënnerstëtzung vum uniforméierte Personal agesat;
  • 8 Mann vun der Police Judicaire sinn an zivil am Asaz;
  • 2 Hondsmeeschter ginn am Roulement agesat, dat ergëtt 4 Patrullen den Dag.

Zu dëse Beamte kommen nach emol déi 120 uniforméiert Poliziste vum CR3 Verluerekascht, déi de gesamten Territoire vun de Stad Lëtzebuerg couvréieren, derbäi. Zudeem misst den SNPGL jo elo och wëssen, datt et zanter Joresufank vill Erfolleger an der Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit ginn huet. 17 Verhaftungen am Januar, dovunner 8 um Gebitt vun der Haaptstad, a dräi Verhaftunge schonn am Februar,och heivunner 2 um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg-

Pilotprojet „remise-reprise“

De Ministère erkläert nach emol wat et mam Pilotprojet „remise-reprise“, dee am Kommissariat Gar ugewannt gëtt op sech huet. Dëse baséiert op engem scho vun der franséischer Police ugewannte System. Et gëtt och rappelléiert dat déi juristesch Autoritéiten iwwert d‘Prinzipie vum Projet am vollen Ëmfang informéiert goufen. Zu dëse Prinzipie gehéieren:

  • Erliichterung vun den administrativen Tâchen a Verbindung mat Affären,
  • Vermeidung vun exzessiven Iwwerstonnen, wann en Delikt oder ee Verbrieche kuerz virun Déngschtschluss passéiert,
  • den uniforméierte Patrullen erméigleche méi laang um Terrain ze bleiwen an esou méi laang am Déngscht vun der Bevëlkerung ze stoen,
  • Zäit beim administrativen Deel vun den Affären aspueren, an esou d‘Méiglechkeet schafe méi Affäre wärend dem Déngscht behandelen ze kënnen,
  • wann et sollt gewënscht ginn, kann den éischten Akt vum Protokoll – notamment déi initial Saisine ma den éischten Elementer vun der Affär – per e-Mail un de Procureur oder den Untersuchungsriichter geschéckt ginn. Esou kann de Prozess vun der Inculpatioun acceleréiert ginn, an,
  • laangfristeg soll et zur Schafung vun enger Aart „Back-Office“ vun der Police kommen. Esou wieren Ekippe just um Terrain affektéiert an anerer géifen d‘Verantwortung fir déi administrativ Aarbecht iwwerhuelen.

Rekrutement a Formatioun

Wat déi ugeschwaten 200 Beamte betrëfft déi schonn 2022 um Terrain kéinten agesat ginn, gëtt et och eng Rei Präzisiounen. D‘Ausbildung vun de Stagiaire-Polizisten dauert zwee Joer. Si ass opgedeelt an eng theoretesch Phas, respektiv praktesch Phas am 1. Joer. Am zweete Joer gëtt en eng Phas zur Initiatioun vun der Praxis.

Eréischt wann dës Phasen ofgeschloss sinn, kënnen d‘Stagiaire mat der Initiatioun an der Praxis ufänken. Da kommen se an déi verschidden Unitéiten an huelen u Patrullen deel, dat natierlech als „drëtte Mann“. Et gëtt nach drop higewisen, datt d‘Stagiairen am zweete Stagejoer den Titel „Agent de Police Judicaire“ (APJ) kréien an och méi Kompetenzen zougewise kréien, wéi dat de Fall bei de virechte Promotioune war.

De Minister léist nach matdeelen, datt hie sech ganz bewosst ass, wéi d‘Situatioun am Quartier Gar ausgesäit. Hien huet sech jo zimmlech genee ëmgekuckt a weist nach emol drop hin, datt et eng Léisung vun der Drogeproblematik nëmme ka ginn, wann all déi mat dëser Matière konfrontéiert Acteuren Hand an Hand zesummeschaffen.

Opmaacherbild: Archivfoto vum 27.05.2020 © SIP/JULIEN WARNAND

Related topics Beschellegungen, Hallefwouerechten, Henri Kox, Kritik, Minister fir bannenzeg Sécherheet, Policegewerkschaft, SNPGL
Next post Previous post