Search

You may also like

money
Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen
Neiegkeeten

Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen

Um Freideg huet de Finanzminister Pierre Gramegna bedauert, datt d‘EU-Kommissioun

Kollektivvertrag fir de Secteur vum Gardiennage: Endlech eppes Konkretes?
Neiegkeeten

Kollektivvertrag fir de Secteur vum Gardiennage: Endlech eppes Konkretes?

Opgrond vun der Initiativ an dem Engagement vum LCGB, der

Eeler Persounen an der Coronakris: Divers Erausfuerderung, awer engagéiert Personal
Neiegkeeten

Eeler Persounen an der Coronakris: Divers Erausfuerderung, awer engagéiert Personal

Op Ufro vun der CSV hu gëschter bei enger Videokonferenz

KPL: d’Arméi muss ofgeschaaft ginn!

KPL: d’Arméi muss ofgeschaaft ginn!

Haut de Moien huet d’Kommunistesch Partei KPL d’Protestaktioun „Ofrëschten, amplaz Oprëschten” firum Arméisbüro an der Stad Lëtzebuerg opgeruff. Ziel war et géint d’Erhéijung vum Militärdéngscht virzegoen all Oprëschtung am militäresche Beräich ze stoppen.

An engem Interview erkläert de President Ali Ruckert, datt Lëtzebuerg kee Militärfliger a Spionagesatelliter kafe soll. Och déi zwee- bis dräihonnert Milliounen Euro, déi an de Militär gestach ginn, sinn net néideg. De KPL stellt sech kloer géint d’Oprëschtung a fuerdert d’Regierung op, de Vertrag mat der NATO fir d’atomar Ofrëschtung ze ënnerschreiwen.

D’Kommunistesch Partei seet kloer, datt Lëtzebuerger Arméi net defensiv ass, soss géif jo eisen Territoire verdeedegt ginn. Eis Arméi soll net komplett ofgeschaaft ginn. Den Zivildéngscht soll, am Fall vu Katastrophen, an den Asaz kommen an och am Beräich vun der Entwécklungshëllef antrieden.

Weider seet den Ali Ruckert: „ Mir mengen, datt Lëtzebuerger Regierung misst den Haaptakzent op d’Preventioun leeën, awer net op déi militäresch Oprëschtung, wéi dat de Moment ass“. Zaldoten aus dem Grand-Duché, déi am Ausland am Asaz sinn, sollen Heem geruff ginn an alleguer d’Lagere muss ee schlussendlech opléisen, souwuel an den USA, wéi och dat zu Capellen.

KPL Demo

De President vun der KPL, Ali Ruckert, bei der Demonstratioun. © Laurent Mehlen /moien.lu

D’Police muss fir eis Sécherheet suergen, an net d’Arméi

De KPL stellt kloer, datt eis Nopeschlänner eis Frënn sinn, an am Fall vun enger Katastroph och hëllefen. Lëtzebuerg ass schliisslech net Ziel vun Terrorakten. D’Police ka gutt fir déi national Sécherheet suergen, wa se vum administrative Beräich entbonne gëtt.

Eng Arméi soll just nach am Beräich Entwécklungshëllef bestoen. A Länner, wou Nout an Aarmut herrscht, wéi zum Beispill Afrika, ass den Asaz vum aktiven Zivildéngscht enorm wichteg, mee e soll ouni militäresche Volet optrieden.

D’Suen, déi all Joer an d’Arméi gestach ginn, kënne besser genotzt ginn. „Et gëtt esou vill Aarmut op der Welt. Déi Suen kéint ee jo awer besser an d’Bekämpfung vun der Aarmut stiechen a besonnesch a Beräicher wéi de Jugendlechen eng besser Ausbildung ginn. Dofir soe mir och hei zu Lëtzebuerg: gitt déi Suen, déi dir fir d’Arméi ausgitt, an de Schoulberäich, gitt se an de soziale Beräich, amplaz Kasären ze bauen“, ënnersträicht de n Ali Ruckert.

D’Idealvirstellung vun der KPL ass et, op weltwäitem Niveau kee Militär méi ze brauchen a Konflikter anescht ze léisen.

Related topics Arméi, Demonstratioun, Kommunisten, KPL, Waffen
Next post Previous post