Search

You may also like

Treffen tëscht Asselborn a Goffin: Komplett Beweegungsfräiheet ass d’Zil
Meenung Neiegkeeten

Treffen tëscht Asselborn a Goffin: Komplett Beweegungsfräiheet ass d’Zil

Gëschter huet de Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn de

„Operation Legend“: …vun de Chinese geléiert
Meenung Neiegkeeten

„Operation Legend“: …vun de Chinese geléiert

Den Donald Trump kann der Well vu Gewalt zu Chicago

Bedréier an onéierlech Firmen hunn net vill ze fäerten (Lieserbréif)
Meenung Neiegkeeten

Bedréier an onéierlech Firmen hunn net vill ze fäerten (Lieserbréif)

D’Police „ka näischt maachen“. Den Telefonsubidder verdéngt nach gutt Geld um

D’Kommuniste fuerderen: Bluttvergéissen a Besatzung mussen direkt ophalen!

D’Kommuniste fuerderen: Bluttvergéissen a Besatzung mussen direkt ophalen!

Duerch déi verschäerften Ugrëff op d’Mënschen am Gazasträifen fuerderen kommunistesch an Aarbechterparteien aus der ganzer Welt, dorënner d’KPL, datt d’Bluttvergéissen an d’Besatzung duerch Israel direkt ophale sollen.

An enger gemeinsamer Erklärung veruerteelen déi ënnerzeechent Parteien d’Loftugrëff vun der israelescher Arméi. „Dem Israel seng schamlos Verletzung vum humanitäre Vëlkerrecht a vum Internationale Recht daueren elo scho Joerzéngten. An dat mat voller Ënnerstëtzung vun den imperialisteschen Kräfte an ouni sënnvoll Interventioun vun internationalen Institutiounen, fir dëse Verletzungen een Enn ze bereeden oder se wéinstens ze veruerteelen“, heescht et an der Erklärung.

D’Parteie fuerderen, datt direkt mat der Bombardéierung an der Belagerung vum Gazasträifen opgehale muss ginn. Si fuerderen een Enn vun den Ugrëff a Verletzunge géint Palestinenser, déi hir Rechter an sou wéi ëm d’Al-Aqsa-Moschee an allen aneren hellege Stätt ausüben; een Enn vun den Ugrëff an Aschiichterunge géint palestinensesch Bewunner an Ost-Jerusalem duerch déi israelesch Autoritéiten a Siidler, zemools d’Versich vun dësen, Familljen aus dem Quartier Sheikh Jarrah ze verdreiwen, als Deel vun enger ethesche Säuberung.

D’Kommunisten äusseren hir onageschränkten an bestänneg Solidaritéit mam gerechte Kampf vum palestinenseschem Vollek fir d’Enn vun der Besatzung a fir d’Ariichtung vun engem onofhängege Staat an den unerkannte Grenzen vun 4. Juli 1967, mat Ost-Jerusalem als Haaptstad an dem Réckkéierrecht fir all palestinensesch Flüchtlingen entspriechend den UNO-Resolutiounen. Si ruffen all fortschrëttlech Mënschen op, hier Stëmm ze erhiewen a sech dëse Fuerderungen unzeschléissen.

D’Erklärung, déi de Weekend lancéiert gouf, ass bis e Méindegmoie vun 43 Parteien ënnerzeechent ginn, dorënner waren déi kommunistesch Parteie vun Australien, Groussbritannien, Kanada, Kuba, Frankräich, Griicheland, Ungarn, Indien, dem Irak, Irland, Israel, Jordanien, Palestina, Portugal, Südafrika, Sudan, Syrien an den USA.

*Matgedeelt vun der KPL, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch / moien.lu

Opmaacherbild: © Ahmed Abu Hameeda / Unsplash

Related topics Besatzung, Bluttvergéissen, Gazasträifen, Gewalt, Israel, Kommunisten, KPL, Loftugrëff, Palestina, Sheikh Jarrah, Solidaritéit, Veruerteelung
Next post Previous post