Search

You may also like

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer
Meenung Neiegkeeten

Mat de Rettungsdéngschter an dat neit Joer

Vergaangenen Dënschdeg huet d’Inneministesch Taina Bofferding d’Representante vum Service vun

D‘Nora Back ass déi nei Presidentin vun der CSL
Meenung Neiegkeeten

D‘Nora Back ass déi nei Presidentin vun der CSL

Am Kontext vun de Sozialwahlen am Mäerz, hat den OGBL

money
Wann d‘USA d‘Regelen net festleeën, da gëtt et keng Regelen
Meenung Neiegkeeten

Wann d‘USA d‘Regelen net festleeën, da gëtt et keng Regelen

Zu Bréissel huet d‘EU-Kommissioun ewell widderholl op eng Reguléierung a

D’KPL fuerdert Nationaliséierung – Aarbechtskontroll vu Liberty Steel Diddeleng

D’KPL fuerdert Nationaliséierung – Aarbechtskontroll vu Liberty Steel Diddeleng

Nom Schëfflenger Hüttewierk, dat 2016 zougemaach gouf, well d’Wierk fir d’Aktionäre vun ArcelorMittal net genuch Profit ofgeworf huet, riskéiert elo e weidert Wierk zougemaach ze ginn: D’Flachstolwierk zu Diddeleng, dat ArcelorMittal gehéiert huet a vu Liberty Steel opkaaft ginn ass.

D’Kommunisten aus der Belsch a Lëtzebuerg hate schonn am Joer 2020 op déi ontransparent Finanzgeschäfter vun der Famill vum britesch-indesche Kapitalist Sanjeew Gupta, Besëtzer vum Stol- an Aluminium-Produzent Liberty Steel, opmierksam gemaach an op d’Geforen higewisen, déi sech doraus fir Dausende vun Aarbechtsplazen an der Stolindustrie an e puer europäesche Länner ergi kéinten, dorënner Liberty Steel Diddeleng a Liberty Steel Léck – zwee Wierker, déi vuneneen ofhänken.

Déi versprachen 100 Milliounen Euro, déi zu Diddeleng an zu Léck investéiert sollte ginn, sinn ausbliwwen. Amplaz dreeën elo de Konkurs an de Verloscht vun der Produktioun vun industrielle Spëtzeproduiten an héichqualifizéierten Aarbechtsplazen.

D’KPL leent dës Demontage grondsätzlech of, ënnerstëtzt d’Gewerkschaften am Kampf fir den Erhalt vun Aarbechtsplazen a fuerdert d’Regierung op, d’Produktioun oprecht ze erhalen an d’Clienten un d’Wierk ze bannen, an an Zesummenaarbecht mat de belschen Autoritéiten d’Vergesellschaftung vun de Wierker vu Liberty Steel zu Diddeleng a Léck virzebereeden.

Fir d’KPL heescht Vergesellschaftung: Nationaliséierung plus Aarbechtskontroll an setzt viraus, datt déi Beschäftegt an hir Gewerkschaften no der Nationaliséierung bei alle strategeschen Entscheedungen e Vetorecht hunn.

D’KPL fuerdert d’Regierung erneit op, ee staatleche Bedeelegungsfong ze schafen, an deem d’Aktien vun der ëffentlech-rechtlecher Entreprise an d’Bedeelegung vum Staat u Privatentreprisen gebonne ginn, fir ee méiglechst grousse finanzielle Réckhalt ze hunn, mam Zil a Wirtschaftsberäicher ze investéieren, déi fir d’Entwécklung vu Lëtzebuerg wichteg sinn.

Matgedeelt vun der KPL

Opmaacherbild: © Ant Rozetsky / unsplash

Related topics ArcelorMittal, Diddeleng, Erhalung vun den Aarbechtsplazen, Kommunisten, KPL, Léck, Liberty Steel, Nationaliséierung, Sanjeew Gupta, Schléissung, Vergesellschaftung
Next post Previous post