Search

You may also like

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Kannerbicher
Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Kannerbicher

Ob de Reeboufësch, de Struwwelpéiter oder d’Geschichte vum Pippi Langstrumpf

Réckruffaktioun fir Produite vun der Mark „Boerinneke“
Neiegkeeten

Réckruffaktioun fir Produite vun der Mark „Boerinneke“

D‘Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet sinn iwwert de „séiere Warnsystem“ vun

Collectif au Carré: Wann dausende Stoff-Quadrater verbannen
Neiegkeeten

Collectif au Carré: Wann dausende Stoff-Quadrater verbannen

De gemengnëtzege Veräi Mamie et Moi huet schonn den 1.

KPL solidaresch mat de kämpfenden Aarbechter vu Guardian/Luxguard

KPL solidaresch mat de kämpfenden Aarbechter vu Guardian/Luxguard

Den Aarbechtskampf bei Guardian/Luxguard geet weider a géigewäerteg setzen sech den OGBL an d‘Personaldelegatioun a Verhandlunge virum nationale Schlichtungsamt energesch dofir an, déi vun der Direktioun ugekënnegt 37 Entloossungen ze verhënneren.

Am Virfeld hat Guardian/Luxguard mam OGBL ee „Plang zum Erhalt an Aarbecht“ (PME), mat Versetzungen, fräiwëllegen Ofgäng a Preretraite fir 200 Salariéeën ënnerzeechent, dann awer den Accord gebrach, a sech dofir entscheet, awer en Deel vun der Beleegschaft iwwert ee Sozialplang op d‘Strooss ze setzen.

Sollt d‘Schlichtung scheiteren, wäert et mussen zum Streik kommen, deem bekanntlech 80% vun de Gewerkschaftsmembere vun de Standuerter Käerjeng an Diddeleng, an enger Urofstëmmung jo schonn zougestëmmt hunn.

D‘KPL erkläert hir voll Solidaritéit mat der streikbereeter Beleegschaft, der Personaldelegatioun an hirer Gewerkschaft OGBL. Aus hirer laanger Erfarung an der Stolindustrie wëssen déi Lëtzebuerger Kommunisten, datt ee kapitalistesch Profitgeier am séiersten duerch déi konsequent a solidaresch Ausnotzung vum Streikrecht zum Alenke beweege kann.

D‘KPL erënnert drun, datt si d‘Regierung opgefuerdert huet, all staatlech Subventioune vun der Guardian/Luxguard zeréckzefuerderen, sollt de Konzern op d‘Entloossunge bestoe a sech weigeren Investitiounsgarantië fir d‘Produktiounsstanduerter Käerjeng an Diddeleng zouzestëmmen.

D‘KPL mécht sech an dëser Hisiicht awer keng Illusiounen, well d‘Regierung net iwwert eng industriepolitesch Strategie verfüügt, an bei änleche Fäll meeschtens als Vetrieder vun de Kapitalinteressen opgetrueden ass.

Grad aus dësem Grond ass et wichteg, datt d‘Aarbechter mat hiren engagéierte Gewerkschaftler de Konzernbesëtzer an der Regierung hir Entschlossenheet am Kampf ëm den Erhalt vun den Aarbechtsplazen an de Fabricken demonstréieren. D‘KPL wäert si dobäi ënnerstëtzen.

Matgedeelt vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL), fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Vun Ufank un, huet sech déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) hannert d‘Salariéeë vun der Guardian/Luxguard gestallt, an all Aktioun vu Personaldelegatioun an OGBL tatkräfteg ënnerstëtzt. © Martine de Lagardère / moien.lu (Archiv)

Related topics Guardian, kommunistesch Partei Lëtzebuerg, KPL, Luxguard, OGBL, Personaldelegatioun, Sozialplang
Next post Previous post