Search

You may also like

Brexit: Bréissel a London mat engem Léisungsusaz
Neiegkeeten WTF

Brexit: Bréissel a London mat engem Léisungsusaz

Haut kënnt et am britesche Parlament nees zur Ofstëmmung iwwert

ACL ElectroLease: Elektrogefierer einfach testen a leasen
Neiegkeeten WTF

ACL ElectroLease: Elektrogefierer einfach testen a leasen

Mat der neier Offer ACL ElectroLease bitt de Lëtzebuerger Automobilclub

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!
Neiegkeeten WTF

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!

E Familljemember oder Frënd an der Klinick leien ze hunn,

surprise

D’KPL wëll méi Gerechtegkeet an de Schoulen

D’KPL wëll méi Gerechtegkeet an de Schoulen

Wéi eng Roll spillt d’Gemeng an der Sozialpolitik? Déi Fro stellt sech d’KPL am Zentrum. Keng Gemeng kann alles maachen, well vill vun der Regierung an der europäescher Union ofhängeg ass. Mee et ka méi a villes besser gemaach ginn. D’Situatioun vun der Staat Lëtzebuerg ass net grad roseg.

All Gemeng kéint zum Beispill e Service kréien, dee sech ëm de Bau vu Wunnenge këmmert. Zousätzlech dozou kéint d’Gemeng Aarbechter fir de Wunnengsbau an enger Entreprise astellen. D’Staat Lëtzebuerg wier eng räich Gemeng déi et sech leschte kéint, eppes ze änneren, mee am Moment stéingen d’Interesse vun de Promoteuren a vun der Industrie am Virdergrond.

Net jidderee kann an eng Privatschoul goen

Déi finanziell Ausstattung vu den ëffentleche Schoule wier ganz wichteg fir eng sozial Politik. Net jidderee kéint sech de Luxus vun enger Privatschoul leeschten. Säit 2009 sinn d’Hëllefen un d’Schoule kontinuéierlech erof gaangen. Den Appui als flexibel Hëllef wier mëttlerweil praktesch inexistent. Dat trauregt Resultat vun dem Ganzen wier, datt ëmmer manner Kanner an den Enseignement Classique (Lycée Classique) orientéiert géife ginn.

Dofir géifen ëmmer méi Kanner an den Régime préparatoire orientéiert ginn ouni déi néideg Grondkenntnisser, déi se missten aus dem Enseigement Fondamental matbréngen. Am meeschte betraff sinn Aarbechterquartieren an deenen d’Elteren net richteg mam Lëtzebuerger System vertraut sinn.

De Schäfferot (DP an Déi Gréng) wéilt keng Suen zur Verfügung stelle fir Educateuren, déi d’Kanner kéinten encadréieren. Déi Sue wäre wichteg, fir datt méi Kanner an hirer schoulescher Karriäre kënne reusséieren. D’Schäffe déi zoustänneg wiere fir d’Schoulen hätt gemengt, de Gemengerot misst  ophalen ze lamentéieren a mat deem schaffen, wat d’Regierung zur Verfügung gestallt huet. Et géifen och nach aner Punkten op der Dagesuerdnung stoen.

Wat versprécht KPL?

D’ KPL versprécht, datt si transparent schaffe wäerten an zwar net nëmme beim Thema Schoul, mee och an all aner Dossier. Ausserdeem wëllen si fir d’Bierger dobaussen accessibel sinn, dofir wäerten si reegelméisseg Informatiounsowenter organiséieren.

Quell: KPL Sektioun Zentrum

Foto: (v.l.n.r) Marie-Jeanne Reckinger, Spëtzenkandidat Jean-Marie Jacoby, Guido Raman, Marco Ourth, Jaime Ferreiro Coelho a Roland Wolff an der Av. de la Gare, wou d’KPL bis de 7.10. all Samschdeg vun 14-18 Auer steet. (© KPL, Sektioun Zentrum)

 

Related topics Gemengewahlen 2017, Jean-Marie Jacoby, KPL, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post