Search

You may also like

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 4)
Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: Ënnerstëtzung fir Persoune mat Autismus an hir Familljen (Deel 4)

Am Kader vun eise 25 Joer, déi eis Fondation Autisme Luxembourg

Groussbritannien: D‘Theresa May gëtt sech eng nei Regierung
Neiegkeeten

Groussbritannien: D‘Theresa May gëtt sech eng nei Regierung

Déi britesch Premierministesch huet um Méindeg konsequent Verännerunge vun hirer

Dokumentatioun iwwer den Ursprong an d’Folge vun 9/11
Neiegkeeten

Dokumentatioun iwwer den Ursprong an d’Folge vun 9/11

E puer Deeg virum 20. Joresdag vun den Terrorattacke vum

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (19.-20.06.2020)

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (19.-20.06.2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt vun e Freideg, den 19. Juni géint 20:00 Auer bis e Samschdeg den 20. Juni géint 5:00 Auer Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (Héicht Hausnummer 75 bis 79) ustinn.

Wéinst dem Chantier wäert an dësem Zäitraum an der Hollerecher Strooss Sens Unique herrschen Aus dësem Grond kënnt et zu Ännerungen am ëffentlechen Transport:

  • D’Buslinnen 1/125, 4 a 27: Dës Linnen ginn ab der Route d’Esch iwwert d’Rue de la Déportation an d’Rue d’Alsace op d’Garer Plaz ëmgeleet. D’Haltestellen Assurances Sociales quai 2 (Linn 4), Jean-Pierre Merkels a Fonderie (Linnen 1/125, 4 a 27) a Richtung Gare entfalen. Ersat gi si duerch d’Haltestellen Assurances Sociales quai 3 (154, route d’Esch) fir d’Linnen 1/125 a 27, sou wéi Hollerich-Gare (rue de la Déportation) fir d’Linn 4;
  • RGTR-Linn 170: Depart ass beim Arrêt Luxembourg-Gare quai 104 tëscht der Rue d’Épernay an der Rue du Commerce.

Hollerecher Strooss

Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung. D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeet.

Related topics Chantier, Ëffentleche Transport, Ëmleedung, Hollerecher Strooss, Kranaarbechten, Sens Unique, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post