Search

You may also like

Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?
Kultur Neiegkeeten

Transiton Days – 9 Méint fir eng nei Zukunft?

Wärend de leschte Méint huet sech d’Denke vun der Bevëlkerung

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 15. bis de 21. Mäerz
Kultur Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 15. bis de 21. Mäerz

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg

dislike
Neien Erpressungsvirus mécht d’Ronn
Kultur Neiegkeeten

Neien Erpressungsvirus mécht d’Ronn

Déi nei Well u Cyber-Ugrëff vum Dënschdeg notzt ee „Lach“

Krautmaart: Kulturministesch Sam Tanson verdeedegt de Projet „Esch 2022“

Krautmaart: Kulturministesch Sam Tanson verdeedegt de Projet „Esch 2022“

Et ass en Dossier deen een als „Däreg“ bezeechne muss, well esouguer Insider esou lues awer sécher den Iwwerbléck verléieren. Schold dorunner sinn déi ganz Revirementer, och wann Enn Februar de Projet „Remix Culture“ nees un d‘rulle bruecht ginn ass.

Fir vill Artisten, déi hir Projete scho „viru Joren“ agereecht haten, an déi am sougenannte „Bid Book“, dem Katalog fir d‘Kandidatur, opgelëscht waren, heescht et elo allerdéngs nees: „Alles op Ufank“. Et ass tatsächlech esou, datt déi „nei Equipp“ Braun/Mosar réngen Dësch gemaach huet, firwat all dës Artisten hire Projet op e neits musse virleeën, wann hinnen nach dru geleeën ass am offizielle Programm vun Esch 2022 opzetauchen.

Et zeechent sech en Debakel um kulturellen Horizont of, an de politeschen Interessi un Esch 2022, dréit net wierklech derzou bäi, datt sech d‘Gemidder kéinte berouegen. Woubäi den Deputéierte Marc Baum (déi lénk) – hien ass e confirméierten Artist, deem net ze ënnerstellen ass hie géif de Sujet net beherrschen – gëschter bei der „Froestonn“ um Krautmaart, mat senger Interventioun der Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) an Erklärungsnout bruecht huet.

D‘Sam Tanson huet wuel Recht an hirer Äntwert, datt et weder Sënnvoll nach Gescheit ass, alles schlecht ze rieden, an een all Ustrengungen op sech huele muss, fir dëse Projet zum Erfolleg ze féieren. Dofir wier et allerdéngs schonn ubruecht, wann nees eppes Rou an dat ganzt komme géif. Et ass sécherlech erfreelech, datt d‘Kulturministesch dem Duo Braun/Mosar dat ganzt Vertrauen ausschwätzt, mee et bleiwen Zweiwel.

Wien de Goss huet, huet besser Chancen

Wat genee weess d‘Ministesch? Um Krautmaart huet si erkläert, datt déi nei Direktesch hir gesot hätt, datt déi Projeten (déi wou am Bid Book enthale waren) „net wierklech konkret“ duergestallt sinn. Zudeem soll d‘Nancy Braun drop higewisen hunn, datt eng Rei vun den „ale“ Projete richteg an d‘Geld ginn, an Esch 2022 och eng gewëssen Ausgeglachenheet vum Budget verlaangt. Et wier awer méiglech, datt esou Projete vu Sponsore kënnen iwwerholl ginn.

Heizou muss ee wëssen, dat vun Ufank un virgesi war, datt d‘Asbl Esch 2022 nëmme 50% vun de Käschte pro Porjet iwwerhëlt. Firwat? Mat d‘Argument ass einfach: „Et erlaabt de Kënschtler eng gewëssen Onofhängegkeet ze behalen“. Wëll d‘Sam Tanson eis domatter soen, datt Artisten, deenen hir Projeten zu 100% finanzéiert ginn, aner Virschrëften hunn? Wann et esou weider geet, kéint et emol sinn, datt d‘Artisten sech nei Objektiver setzen.

Seng Transparenz huet Esch 2022 schonn emol verluer, fir net ze soen opginn. D‘Kommunikatioun ass verbesserungswierdeg, an et wier flott wann déi Kënschtler, déi schonn en Dossier agereecht hunn, eng kloer a verständlech Äntwert kéinten erhalen. Ass et ze deier, da sot wéi et ass, an déi betraffen Artiste kënnen sech op Neies konzentréieren. D‘Direktioun vun Esch 2022 sollt besser net dovunner ausgoen, datt een op si ugewisen ass.

Related topics Christian Mosar, Esch 2022, Krautmaart, Marc Baum, Nancy Braun, Sam Tanson
Next post Previous post