Search

You may also like

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen
International Neiegkeeten

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen

Um Freideg haten d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an de Sozialminister Romain

Mécht Fage International S.A. ee Réckzéier?
International Neiegkeeten

Mécht Fage International S.A. ee Réckzéier?

Laut de Kollege vu Bertelsmann/RTL soll sech Fage International S.A.

Polen: Ausnamezoustand am wäissrussesche Grenzberäich
International Neiegkeeten

Polen: Ausnamezoustand am wäissrussesche Grenzberäich

Eigentlech ass sech ganz Europa doriwwer am kloren, datt Wäissrussland/Belarus

Krawall zu Athen

Griicheland huet sech en neit Demonstratiounsgesetz ginn an dat huet direkt zu Ausenanersetzunge mat der Police gefouert

Krawall zu Athen

En Donneschdeg huet déi griichesch Regierung e Gesetz ugeholl, mat deem Demonstratiounen elo mussen ugemellt ginn. E Gesetz datt net wierklech op Zousproch ze stousse schéngt, well schonn um Owend hunn dausende Griichen am Zentrum vun Athen dergéint protestéiert. Autonomer an de sougenannte „schwaarze Block“ hunn dobäi zolidd randaléiert a sech mat der Police ugeluecht.

Déi huet de „Kampf“ ugeholl a sech mat Blendgranaten a Tréinegas géint d‘Rabbelkäpp, déi mat Géigestänn – deels esouguer mat Molotowcocktailen – ëm sech geworf hunn. Zur Demonstratioun haten d‘Gewerkschaften, déi kommunistesch Partei a Syriza (d‘Partei vum fréiere Regierungschef Alexis Tsipras) opgeruff. Duerch d‘Konfrontatioun mat der Police, dierft d‘Zil verfeelt gi sinn.

AthenSchliisslech huet déi griichesch Regierung d‘Gesetz grad wéinst den heefegen Ausschreidungen op den Instanzewee bruecht. Elo also, mussen Demonstratiounen ugemellt ginn an de Procureur kann, wann d‘Gefor besteet, datt et wéi gëschter Owend zur Gewaltuwennung kënnt, dat verbidden. Elo muss den Organisateur fir de rouegen Oflaf vun der Demo suergen a Verantwortung iwwerhuelen.

Am Parlament huet den neokonservative Premierminister Kyriakos Mitsotakis (Nea Dimokratia) virum Vott nach emol betount, datt d‘Recht vun alle Mënsche muss respektéiert ginn, also esouwuel vun deenen déi demonstréiere wëllen, wéi eben och dat vun all deenen déi op d‘Schaff oder soss Aktivitéite wëllen nogoen. Neo Dimokratia huet d‘Majoritéit, an esou war d‘Gesetz ni a Gefor…

AthenKritiker an d‘Oppositioun werfen der Regierung vir, hei e Gesetzestext vun der Diktatur (1971) an enger kaum verännerter Form aus dem Tirang geholl ze hunn, dann eenzeg zum Zweck huet, de Mënschen hir Recht op Demonstratioun anzeschränken, an d‘Organisateuren anzeschüchteren. Déi mussen och da Verantwortung iwwerhuelen, wa radikal Kräften eng Maniff u sech géife rappen.

Et ass net onüblech, datt d‘Police an/oder aner Spezialdéngschter sougenannt „Provokateure“ an Demonstratiounen, déi der Regierung net gefalen, asetzen. Richteg ass awer och, datt et vill gewaltbereet Aktiviste gëtt, déi d‘Konfrontatioun mat den Autoritéite sicht. Mat dësem Gesetz wäert et kaum besser ginn, woubäi et méi schwiereg dierft sinn elo een ze fannen deen de Kapp hinhält.

mat indymedia/ath

Foto: Jee no Source hu gëschter tëscht 20.000 a 50.000 Leit zu Panepistimio, Omonia a Syntagma géint d‘Demonstratiounsgesetz vun der rietskonservativer Regierung Demonstréiert. Nodeems alles ganz friddlech ugefaangen hat, hunn eng Rei gewaltbereet Demonstranten d‘Konfrontatioun mat der Police geswicht © th1an1 (via Twitter)

Related topics Athen, Demonstratiounsgesetz, Griicheland, Kyriakos Mitsotakis, Nia Dimokratia
Next post Previous post