Search

You may also like

Israel schléit um Mound op!
Fail Meenung

Israel schléit um Mound op!

Si haten en Dram an hunn alles dru gesat dësen

Covid19 Pandemie: Eng kuerz Situatiounsiwwersiicht vu Lëtzebuerg
Fail Meenung

Covid19 Pandemie: Eng kuerz Situatiounsiwwersiicht vu Lëtzebuerg

Den offizielle Bilan fir d‘Lëtzebuerger Land huet gëschter Owend laut

All Kontakt ass een ze vill!
Fail Meenung

All Kontakt ass een ze vill!

Déi vum Bundeskanzler Sebastian Kurz um Samschdeg ugekënnegt drastesch Moossnamen,

dislike

Wann d’Kreationisten et bis an eis Schoul packen, ass d’Wëssenschaft um Enn

E Kommentar

Wann d’Kreationisten et bis an eis Schoul packen, ass d’Wëssenschaft um Enn

Schlecht Iddien hunn et u sech, datt se keng Grenze kennen. Weder déi national nach déi, wat Dommheet ugeet. Wann ech liesen, datt d’Kreationiste mëttlerweil an Däitschland an de Schoule fouss faassen, da kënnt mir den Angschtschweess. Glawensfroen hunn näischt do ze sichen, wou et ëm Wëssenschaft geet.

D’Kreationisten sinn, wéi sou oft, aus den USA eriwwer an Europa geschwappt. Problematesch sinn se net, wéinst dem Glawen, mee well se hire Glawen iwwert wëssenschaftlech Erkenntnisser stellen. D’Evolutiounstheorie gëtt net nëmmen hannerfrot, mee ofgeleent. Eng schläichend Wëssenschaftsskepsis mécht sech domat breet.

Mir rutschen ëmmer méi an en Zäitalter vun den Verschwierungstheorien, Fake News an alternative Fakten of

Wëssenschaftlech Kenntnesser ze préiwen, dat gehéiert an der Wëssenschaft zum gudden Toun. Se zum Inhalt vun enger Glawensfro ze maachen ass allerdéngs extrem geféierlech. Virun allem dann, wann ech domat an d’Schoule ginn. Well Kreationisten verbreeden domat d’Tendenz, laang bestoend Fakten duerch eppes ze ersetzen, wat ech mëttlerweil géing Fake News nennen.

Erschwéierend kënnt dobäi, datt des Skepsis gewësse parallel Entwécklungen opweist. Wann een net d’Wëssenschaft hannert der Evolutioun akzeptéiert, refuséiert ee mi schnell de Klimawandel. A firwat sollt een dobäi stoe bleiwen? Komm mir ginn erëm dovunner aus, datt d’Äerd flaach ass! Oder datt Impfungen geféierlech sinn an een se net braucht.

Dat aktuellt gëllent Zäitalter vun der Verschwierungstheorie ergëtt sech aus dëser Wëssenschaftsskepsis. Dat soll net heeschen, datt en net hannerfroe sollt, wat een esou opgedëscht kritt. Mee wa mer grondsätzlech alles ofleenen, wat an de Medien leeft an Spezialisten an hire Fachgebidder einfach net méi gleewen, dann hu mer als Gesellschaft e fundamentale Problem.

Vir populistesch Politiker ass et nawell e gutt Klima. En Trump, deen net un de Klimawandel “gleeft” sollt do wuel als bescht Beispill hierhalen. An ech denken net, datt en eis do sollt e Virbild sinn. Leider ginn et och zu Lëtzebuerg genuch Leit, déi op esou Saachen era falen. Kreationisten an Impfgéigner sinn och hei aktiv, an et muss ee mol net laang sichen, fir déi wëllste Verschwierungstheorien och hei zu Lëtzebuerg ze fannen.

Do stellt sech dann d’Fro, wéi een agéiere muss. Opklärung – op elo an oder ausserhalb de Schoulen – muss konstant stattfannen. An dofir brauche mer e verbreet Wëssenschaftsverständness, gekoppelt mam noutwennege Respekt dofir.

Related topics Kreationismus, Lëtzebuerg, Verschwierungstheorien
Next post Previous post