Search

You may also like

De Superjhemp mat ausschliisslech SUPER Bewäertungen
Neiegkeeten

De Superjhemp mat ausschliisslech SUPER Bewäertungen

Um vergaangene Freideg war déi offiziell Avant-Première vum Superjhemp Film.

ADAPTO: Wien eng Kaart huet, soll se kënne behalen
Neiegkeeten

ADAPTO: Wien eng Kaart huet, soll se kënne behalen

D’ADR begréisst, datt den ADAPTO–Service elo gratis gëtt. Dëst ass

Kapitalismus trëfft op Monarchie
Neiegkeeten

Kapitalismus trëfft op Monarchie

Den US-President, deem vill dru geleeë war am Virfeld vum

D’Kreativindustrie ass zwar kleng, awer ze ënnerstëtzen

D’Kreativindustrie ass zwar kleng, awer ze ënnerstëtzen

Moler, Schrëftsteller, Architekten a Museker – wat hunn si all gemeinsam? Richteg, si gehéieren zu der Kreativindustrie. Eng Industrie, déi zwar grad emol 2% vun eisem Bruttosozialprodukt duerstellt, an dach vu grousser Wichtegkeet ass.

Hëllef ass hei wëllkomm

Ëmmerhin 2.200 Entreprisen sinn an dësem Beräich aktiv. En ass, wat seng Kategorien a Berufsbiller ugeet, och zimlech ofwiesslungsräich. Dëst féiert dann och dozou, datt d’Reglementéierung mol strikt (Architekten) a mol manner strikt (Design) ausfale kann. Ma et sinn ganzer 6.300 Persounen an deem Beräich aktiv, an e groussen Deel dovunner an Ee-Mann/Fra-Betriber. Ganzer 60% sinn op sech gestallt a kënnen all Hëllef gebrauchen.

Laut dem Etienne Schneider, Wirtschaftsminister, kënnen des Persounen op déi selwecht Ënnerstëtzung zeréck gräifen, wéi all déi aner Entreprisen. Dozou gehéiert beispillsweis och eng Hëllef zur Recherche, déi och am méi technesche Beräicher vun der Kreativindustrie, zum Beispill am Gaming, duerchaus vergi gëtt. Mee zousätzlech dozou ginn et och Clusteren, déi deene Leit weiderhëllefe kënnen.

Souwuel um nationalen wéi och um Gemengenniveau wieren elo Initiativen ënnerwee, déi do ënnerstetzend wierken. De Wirtschaftsminister nennt do den Kreativhub 1535 zu Déifferdeng als Beispill. Dëse Kreativhub gouf an d’renovéiert Raimlechkeeten vun dräi alen Atelieren vun Arcelor Mittal placéiert. Et bitt der Kreativindustrie e Raum, wou se sech entfale kann a Synergie kreéiert kënne ginn.

Dës Informatioune stamen aus der Äntwert vum Minister op eng parlamentaresch Ufro vum Deputéierten André Bauler (DP).

Related topics André Bauler, Etienne Schneider, Konscht, Kreativindustrie, Lëtzebuerg
Next post Previous post