Search

You may also like

Den Denis Scheck weist, wéi flott Buchkritike kënne sinn
Neiegkeeten

Den Denis Scheck weist, wéi flott Buchkritike kënne sinn

Den Denis Scheck ass ënnert de Literaturkenner eng fest Gréisst.

Eppes fir d‘Genéisser: De Kristall vun der Iechternacher Brauerei
Neiegkeeten

Eppes fir d‘Genéisser: De Kristall vun der Iechternacher Brauerei

Et geet mat grousse Schrëtt op Chrëschtdag zou, an deen

What the Fakt – Wéi den Jamie Oliver de Bräiläffel an de Grapp krut!
Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi den Jamie Oliver de Bräiläffel an de Grapp krut!

De weltwäit bekannte Kach Jamie Oliver huet seng kulinaresch Karriär

Eng Kreeslafwirtschaft fir Lëtzebuerg: Fort vun der Ewechwerfgesellschaft

Gëschter hunn de Wirtschaftsminister Franz Fayot, d’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole Dieschbourg an den Energieminister Claude Turmes déi national Strategie vun der Kreeslafwirtschaft presentéiert. Duerch en zouene System solle Ressourcen laangfristeg, responsabel an nohalteg genotzt, respektiv weider verwäert ginn. Dofir muss et e Paradigmewiessel um Niveau vun de Wäerter, sou wéi dem aktuelle sozio-ekonomesche System ginn.

Kreeslafwirtschaft© WWF

Sech op eng Kreeslafwirtschaft ëmzestellen bedeit den „traditionellen“ lineare Wirtschaftsmodell hannert sech ze loossen. Am Géigesaz zur Ewechwerfwirtschaft musse Produktioun a Verbrauch sech ausgläichen, dem Produit a Service eng gewëss Qualitéit geschenkt ginn, fir bestoend Materialien a Produiten esou laang wéi méiglech notzen ze kënnen.

Kreeslafwirtschaft

Huet ee Produit säi Liewensenn erreecht, soll dësen beispillsweis reparéiert oder recycléiert, respektiv a seng eenzel Bestanddeeler zersat ginn, déi dann uschléissend an anerer Form viru genotzt ginn. Fir dëse Wee anzeschloen, bei deem den Offall op e Minimum reduzéiert gëtt an et méi ëm Qualitéit, wéi ëm Quantitéit geet, braucht et eng gemeinsam Visioun fir Lëtzebuerger Bierger, Entreprisen, Gemengen a Verwaltungen.

Wéi d’Ministesch Carole Dieschbourg erkläert huet, géif ee sech hei op ee Wäerte-Dräieck bezéien. Dee gëtt vir, dass als éischt ee Wäert kreéiert gëtt, dësen da konservéiert an uschléissend recuperéiert muss ginn. Wann d’Ressource knapp ginn, an déi aktuell Aart a Weis ze liewen op Dauer uerg Konsequenze fir d’Gesellschaft an d’Ëmwelt mat sech zitt, stellt d’Kreeslafwirtschaft eng noutwenneg Konditioun duer, ënnert anerem fir eben de Kamp géint de Klimawandel unzegoen, d’Ressourcen ze schützen an nohalteg Finanzen ze garantéieren.

Kreeslafwirtschaft

De Wirtschaftsminister sot dozou: „Zënter der éischter Etüd am Joer 2014 huet de Wirtschaftsministère d’Potential vun der Kreeslafwirtschaft fir Lëtzebuerg an d’Méiglechkeeten, déi et fir Entreprisen duerstellt, erkannt. Entre temps goufen zuelräich Initiative gebuer an d’Kreeslafwirtschaft ass zur Prioritéit vun der Regierung ginn. Zil vun der Strategie a sengen Aktiounen huet en duebele Wäert: Engersäits gëtt d’Entfaltung vun der Kreeslafwirtschaft um nationalen a regionalen Niveau acceleréiert, an anerersäits ka Lëtzebuerg sech als Kompetenzzentrum an internationale Leader an dësem Beräich positionéieren.“

Souwuel de Konsum vun alldeegleche Produiten, sou wéi d’Bildung an d’Formatioun sinn an dësem Kader Prioritéiten. Ma, och de Secteure vun de Finanzen, der Industrie, der Konstruktioun an der Bioekonomie gehéieren dozou.

Kreeslafwirtschaft© SIP / Emmanuel Claude

Et sinn ënnert anerem Certificaten fir eng nohalteg Konstruktioun am Bausecteur, Gesetzer zum Offall an de Ressourcen, de Programm Fit4Circularity vu Luxinnovation, Sensibiliséierungscampagnen, an och Formatiounen vum OAI, den Handwierker an den Entrepreneuren, duerch déi zu Lëtzebuerg d’Kreeslafwirtschaft ëmgesat soll ginn.

Fir e ganz konkret Beispill ze nennen, gouf de Projet vun der ECOBOX ervirgehuewen. Zënter 2018 ginn an zuelräiche Restauranten a Kantinnen dës Iessensboxen ugebueden. Packt de Client säin Iessen net ganz, kënnen d’Reschter am praktesche Behälter mat Heem geholl ginn. Esou gëtt zum engen d’Liewensmëttelverschwendung reduzéiert, zum aneren d’Notzung vun Eewee-Verpackunge verhënnert.

Ee weidert gutt Beispill, dat d’Redaktioun vu moien.lu senge Lieser un d’Häerz leet, ass de BENU Village. Méi Informatioune fannt Dir HEI.

Den detailléierten Dossier zur nationaler Strategie vun der Kreeslafwirtschaft fannt Dir HEI.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © SIP / Emmanuel Claude

Related topics BENU Village, Carole Dieschbourg, Claude Turmes, Ewechwerfgesellschaft, Franz Fayot, Kreeslafwirtschaft, National Strategie, Paradigmewiessel, Ressourcen
Next post Previous post