Um Tour: Kreschtdaags Trakter Parade zu Welleschten

E fantasteschen a besonnesche Virgeschmaach op déi wanterlech Feierdeeg gouf e Sonndeg mat der „Kreschtdaags Trakter Parade“ zu Welleschten gebueden. No laange Preparatiounen, fir all d’Geliichts an d’Dekoratioun un déi landwirtschaftlech Maschinnen ze kréien, hu beim Tour net nëmmen d’Luuchten, mee och d’Aen vun de Spectateure geliicht.

Lass goung et nom CovidCheck beim Jugendhaus um 18 Auer – schliisslech huet et jo missen däischter sinn fir dës Aktioun a vollen Zich bewonneren ze kënnen. Vu Welleschten aus goung et op Bech-Maacher, iwwert d’Wäistrooss laanscht d’Musel erof op Schengen, eriwwer op Biermereng mat engem klengen Ofstiecher op Éimereng laanscht d’Kierch fir schliisslech lues awer sécher a Richtung Elweng ze steieren.

Kreschtdaags Trakter Parade
© Laurent Hoff / moien.lu

Vum Jugendclub, iwwert d’Leit hannert dem Steierrad, bis hin zu de Leit, déi vun der Trakter-Parade Bescheed woussten, respektiv spontan iwwerrascht gi sinn, war d’Stëmmung super!

Ma, wien dës besonnesch Aktioun verpasst huet, dee soll e Sonndeg, de 26. Dezember 2021 d’Aen ophalen. D’Asbl Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren organiséiert nees säi „Christmas Tour“, deen am vergaangene Joer wärend de Restriktiounen fir eng angeneem Ofwiesslung wärend de Feierdeeg gesuergt huet.

Dobäi gi 6 Tier an allen Ecke vum Land ugebueden, an zwar vun der LLJ Cliärref, der LLJ Dikrech & LLJ Fueren, der LLJ Uewersauer, der LLJ Zenter, der LLJ Maacher an der LLJ Süden. Dës verlafe laanscht Spideeler, Altersheemer a sozial Ariichtungen, sou datt jidderee vum Spektakel profitéiere kënne soll. Weider Informatioune ginn et HEI.

Dernières nouvelles