Search

You may also like

A Gedenken un déi verstuerwen Drogenofhängeg
Kultur Neiegkeeten

A Gedenken un déi verstuerwen Drogenofhängeg

Um haitege Gedenkdag fir déi verstuerwenen Drogenofhängegen sti weltwäit déi

Eemaischen: D‘Péckvillercher hunn och an der Haaptstad gepaff
Kultur Neiegkeeten

Eemaischen: D‘Péckvillercher hunn och an der Haaptstad gepaff

An de Gässele vun der Uewerstad war op Ouschterméindeg zolidd

Vu lauter Beem gesäis du de Bësch net méi?
Kultur Neiegkeeten

Vu lauter Beem gesäis du de Bësch net méi?

Organiséiert vum Service vum natierleche Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg,

Kreuz und Queer: Wou Toleranz an Akzeptanz nach ëmmer feelen

Kreuz und Queer: Wou Toleranz an Akzeptanz nach ëmmer feelen

Kreuz und Queer – Esou heescht dem Rapper Jirka Otte säin neien Track. Oppen gëtt kritiséiert, datt weltwäit nach ëmmer eng gewëss Repressioun an Ofneigung géint d’Homosexualitéit an d’Intersexualitéit herrscht.

Den Jirka Otte setzt mat sengem neien Lidd ee wichtege Statement fir déi ganz LGBTQI-Community. Net ëmsoss huet den Rapper säi Video an enger Kierch gedréint. An zëch Reliounen ass d’Homosexualitéit an virun allem d’Ausliewen dervun eng Sënd,déi bestrooft gehéiert.

Esou ginn et nach ëmmer hautdesdaags Länner an deenen d’Homosexualitéit mam Dout bestrooft gëtt. Een homosexuellen Mënsch gëtt als krank betruecht an et versicht een en erëm op den „normalen“ Wee ze bréngen. Hei kënnt dann déi sougenannten Konversiounstherapie an d’Spill.

Bei der sougenannter Konversiounstherapie handelt et sech ëm eng Therapieform déi d’Homosexualitéit heele soll. Nach oft gëtt d’Homosexualitéit als Krankheet betruecht, déi een am beschten Fall behandelen sollt. Dës psychesch Agrëff an d’Gesondheet vum Mënsch stellen eng grouss Aschränkung vun der sexueller an geschlechtlecher Selbstbestëmmung duer.

Duerch d’Repressiounen, déi duerch d’Behandlung entstinn, sinn d’Entwécklung vun enger Angschtstéierung, Depressioun oder een méi héicht selbstverletzend oder suizidaalt Verhalen, just e puer vu ville Folgen.

Kreuz und Queer

© Sharon McCutcheon / Unsplash

D’Bundesregierung an Däitschland huet den 6. Mäerz 2020 een Gesetz beschloss, dat genau dës Konversiounstherapien bei Mannerjäregen verbidden soll. Genau sou soll dëst Verbuet awer och déi Volljäreg schützen, déi sech sou enger Behandlung duerch Zwang ënnerzéien sollen. Zukünfteg Verstéiss géint d’Gesetz kënnen mat enger Fräiheetsstrof vun bis zu engem Joer an engem Bousgeld vu bis zu 30.000 Euro bestrooft ginn.

Eng weidert ugeschwat Thema ass d’Operatioun bei intergeschlechtlechen Kanner. Bei intersexuellen Mënschen sinn d’Geschlechtsmierkmoler, wéi z.B. Chromosomen, Hormoner oder Genitalien net eendeiteg engem Geschlecht zouzeuerdnen. Esou sinn souwuel weiblech wéi och männlech Mierkmoler vertrueden.

Déi meescht Operatiounen bei intersexuellen Kanner sinn awer net medezinesch noutwendeg, mee éischter eng Fro vun Ästhetik. D’Kanner ginn esou fréi wéi méiglech operéiert, an hunn domadder keng Chance selwer ze entscheeden. Am Virdergrond steet natierlech, datt d’Elteren hir Kanner virun Diskriminéierung schützen wëllen.

Mee domadder huelen se awer och dem d’Kand d’Entscheedung, wéi engem Geschlecht et sech zougehéiereg fillt. Mee villäicht wëll sech d’Kand och guer net entscheeden, well et esou zefridden ass an sech wuelfillt wéi et ass.

Zu gudder Lescht kann een der Ausso vum Jirka Otte „Liebe doch einfach wen du willst“ dach nëmmen zoustëmmen, oder?

Opmaacherfoto: ©Antisexismus AG Medizinische Hochschule Brandenburg

Related topics Geschlecht, Homosexualitéit, Intersexualitéit, Jirka Otte, Konversiounstherapien, Kreuz und Queer, Léift, LGTBQI, Lidd
Next post Previous post