Search

You may also like

De Sportprogramm vum Weekend (06. – 07.03.2021)
Neiegkeeten

De Sportprogramm vum Weekend (06. – 07.03.2021)

Fussball Bayern München – Borussia DortmundSamschdes, de 6. Mäerz um

Aktiv Stierfhëllef och fir Kanner
Neiegkeeten

Aktiv Stierfhëllef och fir Kanner

Et ass en Tabuthema, a ganz besonnesch déi klerikal Kräften,

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President
Neiegkeeten

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President

Um Samschdeg haten déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg (JSL) zu Esch-Uelzecht

6 Joer Krich am Jemen, héich Zäit Fridden ze schléissen

6 Joer Krich am Jemen, héich Zäit Fridden ze schléissen

Dem Appell vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) an dem Comité fir ee gerechte Fridden am Noen Osten (CPJPO), sech dem Protest- a Solidaritéitspiquet op de Plëss unzeschléissen, hu nëmme wéineg Leit Rechnung gedroen. Dat ass Schued, bezunn op den Eescht vun der Situatioun, wéi och der Roll déi Europa hei spillt.

Ënnerstëtzt gëtt dës Initiativ vun der Partei déi lénk. Vun anere Friddensdauwen aus der Chamber war leider näischt ze gesinn. Gutt et war och net wierklech dat richtegt Wieder an et hätt et vläicht och eppes Kritik aus der US-Ambassade kënne ginn, wann ee sech géint ee Konflikt asetzt, wou d‘Saudien offiziell d‘Koalitioun „leeden“, deen awer mat Waffen aus USA an der EU bestreiden.

Déi mat der Organisatioun vertraute Verbänn FSPL & CPJPO hunn am Kader vun dësem Piquet de politesch verantwortlechen eng Rei Fuerderunge gestallt:

  • den direkte Stopp vun der auslännescher Militärinterventioun, wéi och dem Verkaf vu Waffe fir d‘Krichsparteien;
  • een Appell un déi Vereenten Natiounen an un d‘EU ze riichten, Drock op Saudiarabien an seng Koalitiounspartner ze maachen, fir déi humanitär Hëllefsliwwerungen (Medikamenter a Liewensmëttel) an d‘Land ze loossen;
  • déi 12 Länner – zu deenen Däitschland, d‘Belsch an Italien zielen – ze encouragéieren, déi ugekënnegt hunn de Verkaf vu Waffen u Saudiarabien an déi Vereenegt Arabesch Emirater (UAE) anzestellen, oder zumindest ze limitéieren.

Béid Mënscherechtsorganisatiounen hunn hir „Stëmmen“ deenen iwwer 250.000 bäigefüügt, déi d‘Petitioun vun der „Koalitioun géint de Verkaf vu Waffen u Saudiarabien an d‘UAE“ bäigefüügt. Dës Petitioun ass un de franséische President Emmanuel Macron geriicht.

Et ass an dësem Kontext wichteg nach emol kuerz de Kontext ze ëmräissen an drun ze erënneren, datt déi Lëtzebuerger Regierung sech un der humanitärer Hëllef fir de Jemen bedeelegt. Hei géif schonn een offensichtlecht Argument bestoen, de weltfriemen an demokratiefeindleche Frënn aus der Wüst ze erklären, datt een net d‘Kou, de Botter an och nach d‘Mëllechfra verlaange kann.

Keen Enn a Siicht

De Konflikt am Jemen wäert elo zanter 6 Joer, d‘Zuel vun de Krichsaffer läit wäit iwwer 233.000, eng 5 Millioune goufen aus hiren Haiser verdriwwen an – och wa keen et wëll matkréien – d‘Land erlieft grad déi gréissten humanitär Kris vun der Mënschheet.

Wien do elo mengt, datt de Covid19 eis ausräichend beschäftegt an datt de Jemen wäit ewech ass, versteet déi politesch Dimensioun vun dësem Krich net. Realistesch betruecht stinn sech hei den Iran a Saudiarabien géinteniwwer. Dëse Parteien ass wuel egal, wéi d‘Zivilisten et maache fir ze iwwerliewen, an dat erliichtert et kengem eng Léisung virunzedreiwen.

Engersäits ass den Iran den Äerzfeind vun de Saudien an den Amerikaner, anersäits wëllen awer d‘Europäer mat den Iraner eng Léisung fannen, fir dee vum Donald Trump zerrappten Accord zum Atomwaffen iergendwéi um Lafen ze halen. Déi Lëtzebuerger Regierung ass jo awer och de Serviteur vun den USA, datt grad déi sech sollt fir de Piquet interesséieren, schlicht onvirstellbar.

Sech als Regierung an der Ëffentlechkeet ëmmer als grousse Kämpfer fir de Fridden duerstellen, vill Geld an de Grapp huele fir dat humanitäert Leed ze lënneren, dat déi enkste Partner bewosst erbäiféieren… Alles kee Problem, et geet an de Politik net ëm Recht a Kredibilitéit, mee wéi ee sech een zolidd Netzwierk opbaut, fir „no der Politik“ nach ëmmer maximal Geld anzestiechen.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics CPJPO, FSPL, humanitär Kris, Jemen, Krich, Protestpiquet
Next post Previous post