Search

You may also like

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen
Neiegkeeten

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen

Souwuel um weltwäiten, wéi och um nationalen Niveau erliewe mir

déi Lénk: Déi „gréng Long“ net dem Profit afferen
Neiegkeeten

déi Lénk: Déi „gréng Long“ net dem Profit afferen

Säit Woche brennt elo de Reebësch am Amazonasgebitt. Dëst ass

Editorial: Revanchismus ass keng Léisung
Neiegkeeten

Editorial: Revanchismus ass keng Léisung

Wann ee verstoe muss, datt déi spuenesch Regierung, no der

D’Digitaliséierung am Kampf géint de Kriibs notzen

D’Digitaliséierung am Kampf géint de Kriibs notzen

Zu Lëtzebuerg ginn et all Joer ëm 3.000 nei Fäll, woubäi Kriibs eng vun den heefegsten Doudesursaache bleift. An dësem Kader huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert den zweeten Nationale Kriibsplang 2020-2024 (PNC2) presentéiert, deen de Succès vum PNC1 weiderféieren a mat de Virdeeler vun der Digitaliséierung verbanne soll.

Wärend Männer virun alle u Prostatakriibs erkranken, steet bei Fraen Broschtkriibs op der éischter Plaz vun de Kriibserkrankungen, bei béide Geschlechter gefollegt vu Longen- an Daarmkriibs. Mat 32% stellt Kriibs déi éischt Doudesursaach beim männleche Geschlecht duer, bei Fraen déi Zweet mat 26%.

PNC2

Duerch Preventioun, Moossnamen zur Fréierkennung an entspriechend Behandlungen muss dës Erkrankung awer net mam Dout endegen. Hei soll de PNC2 säin Deel dozou bäidroen.

Mam éischten nationalen Aktiounsplang (2014-2018) konnten nämlech direkt e puer Erfolleger erziilt ginn. Dozou zielt beispillsweis d’Kreatioun vun neien Infrastrukturen, wéi de Centre National de Génétique Humaine am LNS, den Institut National du Cancer oder och en nationale Programm zur Fréierkennung vun Daarmkriibs.

PNC2

A Kombinatioun mat de villfältegen digitale Mëttel gëtt dësen Errongenschaften e méi einfachen a schnellen Zougang zu Informatioune bäigefüügt. Op der Sich no engem Spezialist oder enger Institutioun kann de Betraffenen déi gewënschten Erklärungen an Detailer am Netz fannen.

D’Aktioune vum PNC2 profitéieren vun de Synergie vum Koalitiounsaccord 2018-2019, nationale Gesondheetspläng, Preventiounsprogrammer, wéi beispillsweis „Gesond iessen, méi beweegen“, oder legislative Moossnamen, wéi dem Spidolsgesetz vun 2018.

Den Depliant an den Dossier vum PNC2 fannt Dir op sante.lu.

Related topics Behandlung, Centre National de Génétique Humaine, Digitaliséierung, Fréierkennung, Institut National du Cancer, Kriibs, LNS, Nationale Kriibsplang, Paulette Lenert, PNC, Preventioun
Next post Previous post