Search

You may also like

Europa „not amused“ iwwert Trump Besuch
Neiegkeeten

Europa „not amused“ iwwert Trump Besuch

Et war net dee wäermsten Empfang, deen den Trump zu

Coronavirus: Mënschen dobannen, Déieren dobaussen
Neiegkeeten

Coronavirus: Mënschen dobannen, Déieren dobaussen

Wärend d’Mënschheet eng Aart Stëllstand erlieft, beweist d’Natur weiderhin, wat

Diskussioun iwwer Legalitéit vun der privater Sécherheetsiwwerwaachung am ëffentleche Raum net zougelooss
Neiegkeeten

Diskussioun iwwer Legalitéit vun der privater Sécherheetsiwwerwaachung am ëffentleche Raum net zougelooss

Am Kader vun enger urgent gestallten Fro vun den 3

Fir d’Kriibsfuerschung: D’Fondation Cancer an den FNR kollaboréieren

Fir d’Kriibsfuerschung: D’Fondation Cancer an den FNR kollaboréieren

D’Fondation Cancer an den Nationale Fong vun er Recherche (FNR) hu sech zesummegedoen, fir d’Kriibsfuerschung nach méi staark ze ënnerstëtzen. „Just wa mir d’Recherche fërderen, kënne mir viru kommen“, huet d’Dr Carole Bauer, Presidentin vun der Fondation Cancer beim Ofschléisse vun dësem wichtegen Accord zur Kollaboratioun ervirgehuewen.

Op der enger Säit hu mir den FNR, deen ëffentlech Fongen, sou wéi Privat-Donen a Fuerschungsprojeten investéiert, sou wéi Aktivitéiten ënnerstëtzt a koordinéiert, déi d’Verbindung tëscht der Wëssenschaft an der Gesellschaft stäerke sollen. Och d’Ëffentlechkeet soll am Beräich vun der Recherche sensibiliséiert ginn.

Op der anerer Säit hu mir d’Fondation Cancer, déi zënter méi wéi 25 Joer de Kampf géint Kriibs ënnerstëtzt. Hir Missioune gi vun den Informatiounen zur Preventioun, dem Depistage, den Traitementer an dem Liewen mat dëser Krankheet, iwwert d’Hëllef fir Patienten an hir enk Vertrauten, bis hin zur Ënnerstëtzung vu Fuerschungsprojeten an der Organisatioun vum Relais pour la Vie.

Kriibsfuerschung

Mat dëser Kollaboratioun, déi sech vun 2020 bis op d’Joer 2023 streckt, verfollege béid Institutiounen elo virun allem eng héich qualitativ Recherche am Beräich vum Kriibs. An dësem Kader kann d’Fondation Cancer vun de Kompetenzen a vum FNR-Reseau am Beräich vun der Evaluatioun vun agereechte Fuerschungsprojeten duerch internationalen Experten profitéieren.

„Et ass d’Fuerschung, déi fir eis Patiente wichteg ass. Si gëtt Hoffnung. All meng Patiente froe mech an de Konsultatiounen wéi eng nei Pisten et ginn, wéi eng nei Medikamenter op de Maart kommen“, erkläert Dr Carole Bauer.

Gläichzäiteg kann duerch dës Kollaboratioun d’Lëtzebuerger Fuerschung um nationalen Niveau harmoniséiert an d’Recherche um internationalen Niveau nach méi ervirgehuewe ginn. Den FNR-Generalsekretär Marc Schiltz (PhD) huet hei besonnesch den enke Kontakt mam professionelle Milieu am Gesondheetsberäich, sou wéi direkt mat de Patienten bitt eng eenzegaarteg Méiglechkeet gelueft. Esou kann d’Fuerschung an der Ëffentlechkeet a bei de betraffene Persounen gefërdert ginn.

An dësem Kader sinn am vergaangene Joer 4 Fuerschungsprojeten zeréckbehale ginn, déi eng Investitioun an Héicht vun 2,8 Milliounen Euro benéidegen:

  • Investigating the role of the microbiome in colorectal cancer, Université du Luxembourg, Elisabeth Letellier, PhD
    Budget 863.000 €;
  • Glioma Longitudinal AnalySiS in Luxembourg (GLASS-LUX), Luxembourg Institute of Health, Prof. Simone Niclou (PhD)
    Budget 850.000 €;
  • Reprogramming of the leukemic microenvironment by small extracellular vesicles: from characterization to therapeutic application- EVIL. Luxembourg Institute of Health, Jérôme Paggetti PhD
    Budget 563.000 €;
  • Characterization of the tumor and Its microenvironment in chronic lymphocytic leukemia Luxembourg Institute of Health, Etienne Moussay PhD, Budget 571.000 €.
Related topics Dr Carole Bauer, FNR, Fondation Cancer, Kollaboratioun, Kriibsfuerschung, Marc Schiltz, Nationale Fong vun der Recherche
Next post Previous post