Search

You may also like

Op de Punkt bruecht: Liese mat Fangerspëtzegefill
International Neiegkeeten

Op de Punkt bruecht: Liese mat Fangerspëtzegefill

Um haitege Welt-Braille-Dag steet déi vum Fransous Louis Braille entwéckelt

Kulturfabrik: Den Eschonaut ass bei de klengen Erfuerscher gelant!
International Neiegkeeten

Kulturfabrik: Den Eschonaut ass bei de klengen Erfuerscher gelant!

Schonn am Joer 2014 huet de Centre Culturel Kulturfabrik den

iNaturalist zu Lëtzebuerg: D’Natur kenneléieren an Observatioune weltwäit deelen
International Neiegkeeten

iNaturalist zu Lëtzebuerg: D’Natur kenneléieren an Observatioune weltwäit deelen

Duerch Projeten wéi de City Nature Challenge dierft iNaturalist dem

Wiem gehéiert d‘Krim?

De Komiker vu Kiew wëll d‘Annexioun vun der Hallefinsel nees méi an den internationale Fokus réckelen an riicht eng „Krim-Plattform“ an, un där sech eng fofzeg Länner bedeelege wëllen

Wiem gehéiert d‘Krim?

Et sinn elo gutt siwe Joer hir, datt sech déi russesch Federatioun d‘Krim zeréckgeholl huet, firwat Moskau mat eppes Sanktioune beluecht ginn ass. Natierlech gëtt d‘Annexioun als Verbriechen duergestallt, woubäi am Kontext vum Gestreits tëscht der Ukrain an der russescher Federatioun, geet et ëm wesentlech méi wéi just ëm „d‘Wäibierger vum fréieren Zar vu Russland“.

De President vun der russescher Federatioun, Vladimir Putin, ass folgerichteg „not amused“ an erkennt treffend, déi beabsichtegt Provokatioun, déi jo wuel d‘Grondlag vun dëser internationaler Veranstaltung ass. Anersäits muss Moskau, dat géint aktiivt Vëlkerrecht verstouss huet, sech elo wierklech net wonneren, datt „déi aner“ och geopolitesch wéi wirtschaftlech Interessen hunn.

Krim

A wann dann elo rieds vun der „Krim-Plattform“ ass, dann ass dat esou net ganz komplett. Et geet an dësem Kontext selbstverständlech och ëm déi vu béide Säiten ëmkämpfte Regiounen/Gebidder vu Luhansk an Donezk. Mee ass elo ee Krich tëscht der Ukrain a Russland? Streng geholl net, och wann all Dag Mënsche wéi Fräiwëld ofgeschoss ginn. Geschoss gëtt iwwregens a béid Richtungen.

Eng Fro vun der Eenheet

Bei der grousser Konferenz zu Kiew huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenski vu senge ronn 50 Partnerlänner Ënnerstëtzung gefuerdert. Et kéint een et dréine wéi ee wéilt, d‘Krim géif der Ukrain gehéieren, basta. Hien huet betount an ënnerstrach, datt ee weiderhin alles géif ënnerhuelen, fir d‘Hallefinsel vu senge russesche Besatzer ze befreien. Klengt no engem Plang… wéi geet dat?

Streng geholl geet et net an dat weess och de Komiker: „Mir sinn eis bewosst, datt d‘Ukrain eleng d‘Krim ni wäert zeréckerueweren. Mir brauchen eng Wierksam an anescht gelagert Ënnerstëtzung op internationalem Niveau, fir d‘Befreiung vun der ukrainescher Hallefinsel unzegoen“, esou de Wolodymyr Selenski, zur Erëffnung vun dëser Konferenz. Mee guer näischt maache geet jo och net.

Esou huet de Wolodymyr Selenski, deen sech nach ee Sonndeg mat der Bundeskanzlerin getraff hat, der Audienz un d‘Häerz geluecht, net nees den Dossier „Krim“ fir siwe Joer vun enger Säit vum Büro op déi aner ze tässelen. Elo misst kontinuéierlech a mat allen diplomateschen, wéi wuel och wirtschaftleche Moossnamen dorunner geschafft ginn, d‘Russen zur Réckgab ze beweegen.

Et brauch Organisatioun

Fir dann elo, déi vum Komiker gefuerdert diplomatesch a wirtschaftlech Mesuren ze koordinéieren, hunn sech déi bedeelegt Natiounen op d‘Schafe vun engem „Zentral-Büro vun der Krim-Plattform“ verstännegt. Dëse soll vun de Filialen, déi et an aneren europäesche Länner muss ginn, finanziell a personell gestäipt ginn. Wéi dat dann herno am Detail wäert oder soll ausgesinn, ass nach ze klären.

Zur Stonn goufe just d‘Vereenbarungen an d‘Fuerderunge géintiwwer der russescher Federatioun an enger gemeinsamer Erklärung festgehalen. An dësem Pabeier gouf selbstverständlech déi vun de Russen organiséiert Annexioun op dat schäerfst verurteelt. Un dësem laut eisem Ausseministère „inaugurale Sommet fir d‘Krim-Plattform“ huet de Jean Asselborn selbstverständlech deelgeholl.

Ob Lëtzebuerg – dat nach gutt Bezéiungen zu Moskau ënnerhält – elo och eng „Filial“ erhält? Dat kann ee beäntwerten, wann den Ausseminister sollt Eenzelheeten zum Sommet matdeelen, an och gewëllt wier d‘Positioun vu Lëtzebuerg an dësem geopolitesche Kontext ze erläuteren. Däitschland jiddefalls kann de Sommet net sonnerlech eescht geholl hunn, déi hunn den Altmaier „delegéiert“.

mat indymedia/iev/bru

Foto: E Selbstportrait vun der „First Deputy Minister of Foreign Affairs of Ukraine“ Emine Dzheppar. © MFA Ukraine

Related topics Annexioun, Donbass, Kiew, Krim, Krim-Plattform, Russland, Sanktiounen, Ukrain, Vëlkerrecht, Wolodymyr Selenski
Next post Previous post