Search

You may also like

Taina Bofferding: „Zesumme si mir méi staark wéi d’Gewalt“
Neiegkeeten

Taina Bofferding: „Zesumme si mir méi staark wéi d’Gewalt“

Am Kader vun der sougenannter Orange Week an dem haitegen

Zesummegefaasst: Wat ass elo wou an zu wéi vill erlaabt?
Neiegkeeten

Zesummegefaasst: Wat ass elo wou an zu wéi vill erlaabt?

Nodeems bei der Chambersitzung vum 8. Januar dat neit Covid-Gesetz

De „Monsieur Paul“ ass einfach gaangen…
Neiegkeeten

De „Monsieur Paul“ ass einfach gaangen…

Säi Numm war e Mythos an eng Mark: Paul Bocuse,

Vill kriminell Aktivitéit trotz Pandemie

Vill kriminell Aktivitéit trotz Pandemie

Datt sech Brigange vu Krisen net vun hire kriminellen Aktivitéiten ofhale loossen, huet och eppes domadder ze dinn, datt „Krisen“ zuweilen nei Opportunitéite schaffen. An dat wuelverstanen net nëmmen am wirtschaftleche Beräich. Nee och de sougenannte „klenge Banditismus“ huet net wéinst Covid19 ofgeholl.

An dësem Kontext a bezunn op de Communiqué vun der Police, betreffend d‘Campagne géint d‘Abréch 2020/21, wollt elo den CSV-Deputéierte Leon Gloden vum Minister fir bannenzeg Sécherheet wëssen (parlamentaresch Fro 3644), wéi déi an dësem Text opgewise „Widderspréch“ sech erkläre loossen. Tatsächlech heescht et do, datt et am Zäitraum Oktober 2020 – Januar 2021, 200 Abréch manner huet, wéi am Zäitraum Oktober 2019 – Januar 2020, dogéint awer de Versuch anzebriechen, vun 250 op 450 geklommen ass. Dat géif d‘Zuele jo dann nees berengegen.

Fir den Deputéierten ergëtt sech dorausser: déi kriminell Aktivitéit u sech huet net ofgeholl, just d‘Erfollegquote fir d‘Brigangen ass erofgaangen. Dat huet, esou de Leon Gloden, natierlech eppes mam Fait ze dinn, datt wéinst der Ausgangsspär méi Leit doheem sinn, wat en Abroch erhieflech erschwéiert. Woubäi jo elo awer gewosst ass, datt d‘Raiber et awer wéinstens probéieren. An de meeschte Fäll gëtt dann och versicht iwwert d‘Garage oder eng Kellerdier an d‘Haus ze gelaangen. Besonnesch um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg, wier dat eng éischter gängeg Praxis.

D‘Folge vun der Penurie bei den Agenten

De Minister Henri Kox (déi gréng) stellt a senger Äntwert aleedend fest, datt d‘Bierger sech ëmmer méi konsequent a performant (selwer) schützen, firwat vill Abréch net iwwert de Stadium vum „Essai“ erauskommen. Dës Feststellung hätten och eis däitsch Nopere gemaach. Doriwwer eraus hätt d‘Police wärend der Campagne 30% méi Patrulle gemaach, wéi nach bei der Campagne vun zejoert. Dat hat zu enger notabeler Baisse vu 15% bei den „Infraktioune“ gefouert, esou de Minister.

Hie gesteet awer och an, datt wéinst anere Missiounen am Kontext vun der Covid19-Pandemie, ee gewëssenen Impakt op d‘Campagne net ze verleegnen ass. Et géif een awer och grouss Stécker op d‘Präventiounsmesuren halen. Dozou gehéieren och d‘Aktioune „Vakanz“ an den „europäeschen Dag vum Abroch“. D‘Police wier bei gréissere Manifestatioune mat sengem Berodungsservice fir Abrochspräventioun present an et géif eng gréisser Kooperatioun mat de Gemengen am Land.

Esou géifen dës beispillsweis ugeschriwwen, fir am Fall wou eng Baugeneemegung ausgestallt gëtt, si dëser den Informatiounsflyer vun der Police bäileeë sollen. Et ass jo wichteg och de Bierger an dësem Kontext ze sensibiliséieren. Dat d‘Haaptstad ee „Brennpunkt“ ass a wuel och bleiwe wäert, hätt domadder ze dinn, datt Residenze mat vill Keller a Garagen, méi diskret Méiglechkeete bidden, säi Verbriechen onentdeckt duerchzeféieren. Mat den neie Polizisten, soll et awer besser ginn…

Illustratioun: Steffen Salow / pixabay

Related topics Abréch, Henri Kox, Leon Gloden, Minister fir bannenzeg Sécherheet, parlamentaresch Fro 3644, Police
Next post Previous post