Search

You may also like

Auslännerwahlrecht: d‘ASTI gëtt keng Rou!
Fail International Stories

Auslännerwahlrecht: d‘ASTI gëtt keng Rou!

Wann de Referendum vun 2015 och en zimlech „eendeitegt“ Resultat

Hong Kong schaaft d‘Pressefräiheet of
Fail International Stories

Hong Kong schaaft d‘Pressefräiheet of

Fir eis Kolleege vun der prodemokratescher Zeitung Apple Daily geet

En Inventaire vun der Sozialversécherung
Fail International Stories

En Inventaire vun der Sozialversécherung

Bei der chrëschtlecher Gewerkschaft LCGB ass ee veriergert, stänneg gëtt

dislike

MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen

MSF veruerteelt kriminell Haftkonditiounen a Libyen

Vertrieder vun der EU begréissen d‘Baisse vun de Zuel vun de Migranten déi Libyen a Richtung Europa verloossen. Och datt et dowéinst manner Doudeger am Mëttelmier géif gi schéngt se zefriddenzestellen.

Vergiess gëtt hei allerdéngs de Präis deen déi „Migrante“ musse fir dat Resultat bezuelen. Déi Mënsche gi mat brutaalster Gewalt a Lager bruecht, a mussen do ënnert absolut mënschenonwierdege Konditioune (iwwer)liewen. Dokteren ouni Grenzen (MSF) beschreift d‘Situatioun als wäit méi wéi nëmmen „Alarmant“. D‘Leit wieren an deenen „Prisongen“ schlëmmster Gewalt ausgesat.

Datt deem esou ass, läit dann och un de EU-Länner déi mat alle Moyene wëllen d‘Migranten awer och d‘Refugiéen a Libyen festhalen. Heibäi handelt et sech dann och ëm dat läscht Beispill vun enger ganzer Rei Initiativen, déi grad esou inakzeptabel wéi onmënschlech sinn, a dem eenzegen Zweck déngen, déi europäesch Grenzen ze „schützen“.

Déi europäesch Migratiounspolitik gëtt laut MSF, ouni Récksiicht op Verloschter duerchgesat. Déi dausende Migranten a Refugiéë sinn esou a Libyen festgesat, wou se gräissleche Qualen ausgesat sinn.

Ënnerstëtzung fir d‘Regierung

Am Communiqué weist MSF drop hin, datt déi europäesch Regierungen aktiv politesch no Méiglechkeete gesicht gëtt wéi een déi Mënsche ka festhalen. Am Juli hunn se sech dann dozou entscheet déi libesch Regierung ze ënnerstëtzen. Hir d‘Moyenen zur Verfügung ze stellen, fir d‘Migranten an d‘Refugiéeën un der Iwwerfaart vum Mëttelmier ze hënneren.

D‘EU huet net manner wéi 46 Milliounen Euro fräigesat, fir déi libesch Küstewaach auszebilden. Déi hunn nämlech den Optrag kritt d‘Booter mat de Flüchtlingen a Migranten opzehalen.

„D‘Strategie déi vun de Regierunge verfollegt gëtt ass kloer: se sinn zu allem bereet fir d‘Mënschen an hiert Leide wäit vum Bléck vun den Europäer ewechzehalen“

Paul Delaunois, Generaldirektor vun MSF

„D‘Verlagerung vun den europäesche Grenzen ass näischt anescht wéi Outsourcing: déi europäesch Länner, déi net méi gewëllt si weider Refugiéeën opzehuelen, mee Unhand vu Verflichtungen an internationalen Accorde gezwonge sinn, Asyl ze ginn, sichen e Wee hir Verantwortung ze ëmgoen an deem se Libyen bezuelen dat an hirer Plaz ze maachen“, esou de Paul Delaunois, Generaldirekter vun MSF Lëtzebuerg. „D‘Strategie déi vun de Regierunge verfollegt gëtt ass kloer: se sinn zu allem bereet fir d‘Mënschen an hiert Leide wäit vum Bléck vun den Europäer ewechzehalen“.

De Vereenten Natiounen ass d‘Lag bekannt

Laut dem UNHCR huet déi libesch Küstewaach tëscht dem 1. Januar an dem 31. August, 10592 Refugiéeën a Migrante virun hirer Küst ofgefaangen. All dës Mënsche sinn zréckbruecht ginn, erzwongen a bedrängt, no Libyen. A Libyen allerdéngs sinn all dës Mënschen, déi Al, déi jonk, grad ewéi schwanger Fraen extreme Grausamkeeten ausgesat: se gi gekidnappt, Zwangsaarbecht gehéiert zu hirem Alldag, si ginn zur Prostitutioun gezwonge  a vill Schlëmmeres méi…

D‘Equipe vun MSF déi zanter iwwert engem Joer zu Tripolis am Asaz sinn, waren direkt Zeie vun dëse schreckleche Situatiounen deenen déi Mënschen an deene Lager ausgeliwwert sinn. Wann d‘Sécherheetslag et zouléisst an d‘Equipe net a Gefor sinn, ginn si och Woch fir Woch a Siwe vun deene Lager.

Säit de Projet am Juni 2016 ugelaf ass, huet sech MSF a 16 Lager vun der Agglomeratioun vun Tripolis gekëmmert. Zu Misrata, 200 Kilometer ëstlech vun Tripolis, organiséiert MSF ähnlech Aktivitéiten an hëlleft de Refugiéeën a Migranten a véier weidere Lager. Am Mount ginn esou eng ronn 100 Consultatiounen duerchgefouert.

Inoffiziell Prisongen

Aner Lager a Prisongen, déi et offiziell guer net gëtt, bleiwen inaccessibel. Tatsächlech gi Flüchtlingen a „private“ Raim vu bewaffente Gruppe festgehalen. Och gëtt et sougenannten „Transithaiser“, wou d‘Leit opgeholl ginn, iert se weidergeleet ginn. D‘Zuel vun de ville Plazen déi vun de Passeuren an Trafikanten oder soss net wierklech vertrauenswierdege Personnagë bedriwwe ginn ass weder bekannt, nach fir MSF zougänglech. Et gëtt awer eng Abberzuel un Temoignage déi bestätegen datt engersäits déi „Haiser“ gëtt an anersäits d‘Leit do mësshandelt an ausgeraibert ginn.

„Ech hunn am September eng grouss Zuel un offizielle Lager besicht a weess, datt se just de siichtbaren deel vum Äisbierg sinn“, erkläert Joanne Liu, déi international Presidentin vun Dokteren ouni Grenzen.

Trotz de sëllechen Erklärunge vun den europäesche Regierungen, dorënner och Lëtzebuerg, déi versécheren, datt d‘Konditioune besser musse ginn an d‘ONG‘en Zougang musse kréien, ass bis haut keng Mesure geholl ginn. Dat bedauert de Paul Delaunois zudéifst: „Déi europäesch Ministere soen och weiderhin, datt d‘Situatioun vun de Mënschen déi zréck no Libyen geschéckt gi verbessert gëtt, och wann se wëssen, datt dat onméiglech ass“.

Libyen ass e rechtsfräie Raum

Sech domatter ofzefannen a weiderhin drun ze gleewen, datt een d‘Lag verbessere kann, an sech dobäi d‘Aen zouhält am Bezuch op d‘Komplexitéit vun der libescher Situatioun ass onverantwortlech. Esou gëtt e System legitiméiert an deem Mënschen op arbiträr Aart a Weis festgehalen a mësshandelt ginn. Dat ouni sech deem erwieren ze kënnen.

„D‘Leit déi a Libyen agespaart sinn, behandelt gi wéi eng Wuer, sinn d‘Geisele vun Trafikanten a brauchen en Auswee. De Profit op der Misär an dem Leed vun deenen déi an der Fal gefaange sinn muss elo ophalen“, esou de Paul Delaunois. MSF rifft déi europäesch Regierungen op, an hei ganz besonnesch déi lëtzebuergesch, domatter opzehalen d‘Agräifen an d‘Zwangsréckféierung vun de Refugiéeën an Migranten no Libyen ze ënnerstëtzen.

Foto: Migranten agespaart an engem Lager an der libescher Haaptstad Tripolis. Eng vun der Plaze wou et verhältnesméisseg „propper“ ausgesäit, an et der Press och méiglech hinzegoen. Esou gesäit an kaum engem vun de Lager aus an déi MSF Zoutrëtt kritt fir de Mënsche medezinesch Hëllef ze leeschten. (© Mahmud Turkia/AFP)

Related topics Dokteren ouni Grenzen, Europa, Lëtzebuerg, Libyen, MSF
Next post Previous post