Search

You may also like

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus
International Neiegkeeten

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus

Dréchent Wieder a staarke Wand bereeden den Autoritéiten zolidd Suergen.

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr
International Neiegkeeten

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr

De 6. November waren d‘Gewerkschafte LCGB (Majoritär) an OGBL vun

OGBL: De Frontalieren hir Zukunft bestäerken
International Neiegkeeten

OGBL: De Frontalieren hir Zukunft bestäerken

De Finanzministère vu Frankräich huet elo just d’Ënnerschreiwe vun engem Ofkomme

Frontex a seng kriminell Spillercher

Wat muss nach passéieren, fir datt d'Europäesch Unioun reagéiert?

Frontex a seng kriminell Spillercher

Eleng an de leschte Joren huet sech Frontex zu enger mächteger Institutioun an der EU entwéckelt. Selbstverständlech gëtt si beschtméiglechst finanzéiert. Duerch eng Budgetserhéijung konnt Frontex sech e klengt Imperium mat Dronen a Fligeren opbauen. Dës notzen si geziilt, fir dat zentraalt Mëttelmier ze iwwerwaachen.

An dat ouni direkt Hëllef bei Séinoutfäll leeschten ze mussen. Fir si ass et méi rentabel sech mat der sougenannter libescher Küstewuecht zesummenzedoen. Dës schleefen déi geflüchte Mënschen zeréck an e Krichsland, wou kee weess, wat si duerch hire Fluchtversuch erwaart. Geld regéiert ebeb d’Welt, do kënne Mënscherechter séier zur Niewesaach ginn.

D’Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Watch huet scho méi wéi eemol op d’Mëssstänn opmierksam gemaach. Mat hiren Opklärungsfligere konnten dës Verbrieche souguer dokumentéiert ginn. Am Abrëll 2021 huet e Frontex-Fliger ee Séinoutfall matkritt. Aplaz mat ziville Rettungsschëffer ze kooperéieren, huet sech Frontex léiwer op Libyen verlooss. Dës Kéier koum et zu kenger illegaler Réckféierung. Déi sougenannte Küstewuecht huet net reagéiert. Dëst huet zu ongeféier 130 Doudege gefouert.

Do stellt sech ëmmer erëm d’Fro, wéi d’Europäesch Unioun dëst zouloosse kann … Sollten si sech net éischter fir Mënscherechter asetzen, aplaz dës Verletzungen ze toleréieren?

18.709

Dat ass net iergendeng Zuel – zanter dem Joer 2015 sinn ongeféier 18.709 Mënschen am Mëttelmier gestuerwen. Elo behaapt Frontex, datt si dat zentraalt Mëttelmier (ab Enn vum Joer) mat der Hëllef vu Satellitte vollstänneg iwwerwaache kënnen. Ass dat eng Dreeung? Et fillt sech op jiddwer Fall sou un.

D’Europäesch Unioun soll sech endlech fir eng Säit entscheeden an de Budget, deen doduerch gewonne gëtt, fir ee Sich- a Rettungsprogramm notzen.

Links:

Related topics Asylpolitik, Frontex, Mëttelmier, Sea-Watch, Sécher Fluchtweeër
Next post Previous post