Search

You may also like

Inuit Ataqatigiit gewënnt virgezunnen Neiwalen a Grönland
Neiegkeeten

Inuit Ataqatigiit gewënnt virgezunnen Neiwalen a Grönland

Déi lénk Oppositiounspartei Inuit Ataqatigiit (IA) huet an der Stéchwal

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht
Neiegkeeten

Zeréck vum Cap Vert: 171 Persounen sinn duerch d’Luxair zeréck an hirer Heemescht

Nodeems duerch déi aktuell Kris vun der Covid-19-Pandemie Passagéierflich gestrach

Weltwäite Klimaprotest: An Australien leeft et schonn
Neiegkeeten

Weltwäite Klimaprotest: An Australien leeft et schonn

Am Kontext vun der globaler Beweegung „Fridays for Future“ sinn

Logement: Déi jonk Gréng hätte Fuerderungen

Logement: Déi jonk Gréng hätte Fuerderungen

Well d‘Kris vum Logement ëmmer méi dreet zum gesellschaftlechen Dissens ze féieren, an all déi politesch Entscheedungen, déi Moossname wou bis ewell ergraff oder zumindest an Aussiicht gestallt goufen net wierklech Friichten droen, sinn déi jonk Gréng mat hire „Pappen a Mammen“ onzefridden. Si hunn e Freideg d‘Press geruff, fir sech zum Logement ze positionéieren.

Dat kéint verwonneren, ëmmerhin ass de Logementsminister keen anere wéi den Henri Kox vun der Mammepartei, an eigentlech géif ee sech hei am Land elo net erwaarden, datt eng innerparteilech Meenungsdifferenz iwwert d‘Medien „gekläert“ ginn. Wann ee sech dann awer nees der Geschicht vun der Partei unhëlt, ginn d‘Zesummenhäng eppes méi kloer. Déi jong gréng sinn hiert Gewëssen.

Si hunn sech dann och emol nees den Ursaache vun der Kris ugeholl. Eng Kris déi reng finanziell geréiert gëtt, schliisslech huet keen anere Secteur, keng aner Investitioun esou ee séchere Profit wei eben de Logement. Geld léinen ass „bëlleg wéi nach ni“ et „parken“ kascht dogéint richteg eppes, firwat all Cent deen a Bëtongsgold investéiert gëtt, déi beschte Chancen huet zum Euro ze ginn.

Entgéint der ministerieller Ausriichtung an och wann déi jonk Gréng sech mam Logementspakt 2.0 kënnen ufrënnen, well et laangfristeg derzou féiere kéint, een de Besoine vun abordabelem Wunnraum entspriechende Wunnengspark ze hunn. Leider presséiert et eppes, d‘Leit brauchen elo en Daach iwwert dem Kapp, an dat net déi aner Säit vun de Landesgrenzen. Mee wat maachen?

Mäi Geld, däi Geld… hire Profit

Laut den déi jonk Gréng, ënnerstëtzt de Staat zanter Joerzéngten déi grouss Grondbesëtzer an all Zort vu Spekulanten. Gutt de Premierminister ass selwer zu Paräis an dësem Secteur aktiv an och soss huet an der Regierung wéi an der Chamber Leit, déi vum presente System zolidd profitéieren. Datt déi hiert Hiem an aller Konsequenz verdeedegen, ass awer scho verständlech, et geet ëm Goss.

Fir déi jonk Gréng muss awer elo eppes geschéien. Sécher d‘Regierung „wëll“ Logementer iwwert eng Besteierung vun de ongenotzten Terraine mobiliséieren, géint de Leerstand soll eng national awer spezifesch Steier agefouert ginn an och d‘Steieravantage fir Investitiounen an de Logement, géifen elo ofgeschaaft. Déi jonk Gréng schéngen der Koalitiounsregierung awer net ze vertrauen.

Si hunn doriwwer eraus och eegen Iddien, wéi beispillsweis d‘Verflichtung vun der Regierung all Joers 2% vum BIP an de Logement ze stiechen. Bei der NATO hunn déi Gréng ënnert der Leedung vum Krichsminister François Bausch, jo dëst 2% vum BIP Zil, scho bal erreecht. A wann et Geld fir de Militärkomplex huet, misst es jo och fir de Logement do sinn. Falls net uewe steet wou et läit…

Illustratioun: © Pascal Meier / unsplash

Related topics déi jonk gréng, Fuerderungen, Logement, Logementskris, Logementsminister, Politik
Next post Previous post