Search

You may also like

Lëtzebuerger Webserie W. – Kann si hir Onschold beweisen?
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Webserie W. – Kann si hir Onschold beweisen?

Si erwächt, huet keng Erënnerung méi a muss hir Onschold

Den Dauerwahlkampf, erkläert
International Neiegkeeten

Den Dauerwahlkampf, erkläert

Et huet een et op de Parteikongresser an de Medien

What the Fakt – Eng traureg Séil mat vill Sensibilitéit an Humor!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Eng traureg Séil mat vill Sensibilitéit an Humor!

Bekannt als US-amerikanesche Schauspiller konnt de Robin Williams virun allem

Krisegebitt Mëttelmier: op der Ocean Viking ginn d‘Liewensmëttel knapp

D‘Schëff vun den Hëllefsorganisatioune SOS-Méditérranée an Dokteren ouni Grenze brauch en Hafen

Krisegebitt Mëttelmier: op der Ocean Viking ginn d‘Liewensmëttel knapp

D‘Ocean Viking, déi vun den Hëllefsorganisatioune SOS-Méditérranée an Dokteren ouni Grenzen (MSF) gechartert gouf, huet 356 Mënsche u Bord an hänkt tëscht Lampedusa a Malta „fest“. Nach ëmmer gëtt no enger Léisung gesicht. Elo schloen d‘ONGen Alarm.

Um Schëff huet den Dokter Luca Pigozzi bestätegt: „All Dag verschlechtert sech d‘Situatioun. (…) D‘Liewensmëttel gi knapp, déi normal Ratioune sinn a fënnef Deeg opgebraucht. Et brauch eng Entscheedung, an zwar elo!“. Zudeem géif och de Gesondheetszoustand vu enger Rei Migranten sech rapid verschlechteren. Portugal huet mëttlerweil ugebueden, 35 Flüchtlingen opzehuelen.

Ocean VikingMalta wéi och Italien verweigeren awer weiderhin der Ocean Viking Zougang zu engem Hafen ze ginn. Nieft Portugal hunn awer och schonn Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg a Rumänien sech bereet erkläert, Migranten ze iwwerhuelen. Wa Portugal och bereet wier en Hafen „opzemaachen“, esou géif d‘Iwwerfahrt méi laang dauere wéi et Liewensmëttelreserven um Schëff gëtt.

Erzwonge Léisung

Beim Schëff „Open Arms“, vun der spuenescher ONG Proactiva Open Arms, huet d‘Justiz missen agräife fir de Migranten nees feste Buedem ënnert d‘Féiss ze ginn. Dat ass dann och beschlagnahmt a vun der italienescher Küstewaach „inspizéiert“ ginn. Déi huet Mängel – besonnesch mat Bléck op Sécherheetsaspekter – festgestallt, firwat d‘Schëff zu Porto Empedocle (Sizilien) festgesat ginn ass.

Ocean VikingEt kann een et dann elo och dréinen a kéiere wéi ee wëll, an och wa sech nach esouvill op Twitter an/oder Facebook iwwert d‘Migrante „geiergert“ gëtt, d‘Leit zréck a Libyen ze schécke ka keng Optioun sinn. Grad esou gutt kann een d‘Mënschen iwwer Bord werfen. Natierlech wier et eppes wéi eng Léisung d‘Rettungsmissiounen ze verbidden, zumindest géif een d‘Elend net méi gesinn.

Kleng Remark

Mee stellen d‘Europäer mat dëser Haltung net och hir eege Wäerter a Fro? An domatter sinn d‘Bierger wéi hir politesch Leader gemengt. Bei esou munch Kommentar, gëtt een dem Gefill net lass, datt d‘Auteuren duerchaus bereet wieren dës Mënschen – jo et si Mënsche vun deenen hei geschwat gëtt – mat eegenen Hänn ze ermuerksen. Ass jo méi einfach wéi Léisunge virzeleeën…

mat indymedia/rom/ber

Foto: D‘Alice, e Member vum Rettungsteam huet d‘Situatioun u Bord vun der Ocean Viking beschriwwen a erkläert firwat déi aus dem Mier gerette Migranten esou séier wéi méiglech mussen u Land bruecht ginn: „Dës Mënschen hunn enorm gelidden, déi meescht vun hinne waren a Libyen inhaftéiert“. Hiert Verbriechen? De Wonsch no Sécherheet an engem wierdege Liewen… © SOS-Méditérranée

Related topics Dokteren ouni Grenzen, Mëttelmier, Migratioun, MSF, Ocean Viking, SOS-Méditerranée
Next post Previous post