Search

You may also like

Editorial: Brexit „the english lesson“
Business Meenung Money Neiegkeeten WTF

Editorial: Brexit „the english lesson“

Eigentlech sollten d‘Briten Enn Mäerz goen, dunn den 12. Abrëll

Kabul: 9. Persoun huet de Fluchhafe erreecht – Éischt Evakuéierter zu Melsbroek ukomm
Business Meenung Money Neiegkeeten WTF

Kabul: 9. Persoun huet de Fluchhafe erreecht – Éischt Evakuéierter zu Melsbroek ukomm

Eng vun de Persounen, déi d’Recht huet op Lëtzebuerg ze

money
Washington bereet sech op d’Aféierung vun den Douanestaxe vir
Business Meenung Money Neiegkeeten WTF

Washington bereet sech op d’Aféierung vun den Douanestaxe vir

Laut dem Wall Street Journal, géif sech d’US-Administratioun drop virbereeden

moneysurprise

Krisegewënner Amazon deklaréiert 1,2 Milliarden Euro Verloscht (Kommentar)

Wann een 1,609 Milliarden Euro u Gehälter zu Lëtzebuerg muss bezuelen, ass dat wuel normal

Krisegewënner Amazon deklaréiert 1,2 Milliarden Euro Verloscht (Kommentar)

An der Lëtzebuerger Twitter-Sphär war den Artikel vum Guardian „Amazon had sales income of €44bn in Europe in 2020 but paid no corporation tax“ fir eppes Ironie a Sarkasmus gesuergt. Et gouf awer och déi kritesch a politesch Stëmmen dozou.

De Journalist Rupert Neate ass a sengem Artikel drop agaangen, datt den Onlinehändler Amazon am Pandemiejoer 2020, zu de grousse Gewënner vun der sanitärer Kris zielt. Den Ëmsaz soll op iwwer 44 Milliarden Euro geklomme sinn. Trotzdeem brauch dem Jeff Bezos seng Entreprise zu Lëtzebuerg kee Cent Steieren ze bezuelen. Grond: Amazon huet eng Perte vun 1,2 Milliarden € deklaréiert. Et ass erlaabt drop hinzeweisen, datt Amazon vum Finanzminister ee Steierkredit an Héicht vu 56 Milliounen zougestane krut. De Recht Detailer sinn dem ganz gudden Artikel vum Kolleg Ruppert Neate ze enthuelen.

Amazon

Elo kann ee sech natierlech iergeren an d‘Fauscht an der Täsch maachen, dat alles ass absolut legal. Gutt et heescht de Premier hat an engem Ufall vu politescher Demenz behaapt, datt Krisegewënner sech dës Kéier eppes wäerte mussen ustrengen, an der Staatskeess hiren Obolus entriichte mussen, mee wann eng Entreprise 1,2 Milliarden Euro an de Sand setzt, kann een net och nach Steiere vun dëser verlaangen. Dat passt sech einfach net. Zudeem muss een Amazon zougestoen, datt si de ronn 5.260 zu Lëtzebuerg ugemellte Salariéeën ee Joresgehalt vun 8,4 Milliounen ausbezuelen, wat jo gemiess un de Loyere rechtens ass.

Datt déi liberal Ministeren an der Regierung de Beholl vun Amazon an hirem Dirigent Jeff Bezos elo aus Grënn éischter begréissen, och wann si dat esou net weisen dierfen, dann huet dat jo ganz vill mat der politescher Ausriichtung ze dinn, an dem Fait, datt wann een déi richteg Politik fir déi richteg Leit mécht, sech dat och am Uschloss un déi politesch Carrière ausbezilt. Et ass awer och grad esou richteg, datt d‘Politik net un allem Schold huet. Als Wirtschaftsaffekot kéint engem de Franz Fayot – aktuell Wirtschaftsminister – jo och d‘Hannergrënn derzou erklären, mee bis een do eng Äntwert kritt, huet een d‘Fro vergiess.

Et si jo d‘Wirtschaftsaffekoten – an dat ass wuel och tatsächlech hir „raison d‘être“ – déi der Politik a punkto Steierrecht ëm Joerzéngte viraus sinn. Et sinn och si déi der Politik d‘Textbausteng fir déi ganz Gesetzer zouspillen. En éiweg dementéierte Fakt, wou och fir all déi aner politesch Beräicher gülteg ass, besonnesch wann et ëm vill Geld geet. De Client-Service-Direkter vun der TNS-Ilres kennt dat a schreift op Twitter: „(…) mëttlerweil ginn am Steierrecht nëmmen nach reaktiv Lücken zougemaach(…)“. Dat kann ee esou gëlle loossen, woubäi „dee Klengen“ hu se ëmmer séier a fir Éiweg mat den Eeër, wann et ëm Steiere geet.

Amazon

Dat interessantst dierft awer schlussendlech de Fait sinn, datt et de Spriecher vun der Oppositioun an der Koalitiounsmajoritéit ass, deen d‘Blummendëppen an d‘Arena vum ëffentlechen Debat geworf huet. De Meris Sehovic vun den déi gréng, hat eisen Erkenntnisser no, den éischten Tweet gepost, iert him da seng koalitionär Revolutioun ëm déi eegen Ouere geflattert ass. Esou huet de Marc Goergen (Piraten) eng Motioun proposéiert, déi dann déi gréng, zesumme mat de Partner zeréckweise kann. Jo et ass net einfach an der Verantwortung ze sinn, mee et ass richteg däämlech am Glashaus mat Steng ze werfen.

Als ofschléissend Remark muss awer nach ee Punkt opgeworf ginn. Et ass einfach a bëlleg sech un enger Entreprise ze vergräifen, déi een Defizit vun 1,2 Milliarde stemme muss. An de Staat kritt jo iwwert d‘Gehältersteier jo dat meescht dann awer agesäckelt… also vläicht, eventuell… ganz esou sécher war sech de Mann um Steierbüro schlussendlech och net. Zudeem ass Amazon EU Sàrl net d‘Ausnam. Et ass ee bëssi wéi mam Saumur, et bleift een ënnert sech an et deet ee gutt Uecht datt jo och keen eppes matkritt. Fir de Recht muss ee bereet sinn, och eppes Geld un déi richteg Leit am enken Ëmfeld ze verdeelen, da rullt et.

Illustratioun: © Daniel Eledut / unsplash

Annex: Steiererklärung Amazon EU Sàrl 2020

Related topics Amazon, Amazon EU Sàrl, Jeff Bezos, Kierperschaftssteier, Pierre Gramegna, Steiererklärung
Next post Previous post