UN-Kommissär fleegt kriteschen Ëmgang mat der EU

Europa, villméi déi Europäesch Unioun, wëlle vill Leit als d‘Wéi vun de Mënscherechter verstoen, woubäi et sécherlech hei och eng Fro vum Standpunkt ass. De Filippo Grandi, senges Zeechen UN-Flüchtlingskommissär ka jiddefalls esou eng Positioun net verdeedegen an üübt sech a Kritik.

De Vertrieder vun de Vereenten Natiounen, werft der Europäescher Unioun ganz däitlech Verstéiss am Ëmgang mat de Migranten/Flüchtlinge vir. Heifir bezitt sech de Filippo Grandi op déi schonn ëfters ernimmte Pushbacks, dat ongenéiert „dropgeklapps“ vun de Frontex-Agenten an nationale Grenzschützer, wéi d‘Uwenne vun asylrechtlechen Tricken.Dat Alles wier kontradiktoresch mam Usproch op d‘Rechtsstaatlechkeet, déi der EU-Kommissioun dach esou um Häerze geleeë wier…

EU-Parlament

Seng Ried am EU-Parlament zu Bréissel, an där onverblimmt kloer gestallt gouf, datt d‘EU bei vollem Bewosstsinn, also mat däitlechen Absichten, Mënschen am Mëttelmier ofsaufe léist, an anersäits Mënschen un der Ostgrenz plakeg an d‘Grenzflëss geheit, huet gesiess. Hie werft der Europäescher Unioun vir sech sengen asylrechtleche Flichten ze entzéien, andeems aner Staaten bezuelt ginn, fir hinnen d‘Drecksaarbecht ofzehuelen. Europa versteet dat als Entwécklungshëllef.

Wann der d‘Aktualitéit dertëscht facht

Natierlech huet de Filippo Grandi och d‘Aktualitéit am Bléck an sech esou dem „Minsker Problem“ ugeholl. Laut de Vertrieder vun der Unioun, also méi prezis de Polen an de Litauer, géif sech de wäissrusseschen Diktator iwwert den Ëmwee vun der Aschleisung vun illegale Migranten an/oder Flüchtlingen, fir déi géint hien, seng Leit an de Regime agesate Sanktiounen „revanchéieren“. Hie stellt fest: „Et ass inakzeptabel dat Staaten d‘Weiderrees vu verletzleche Mënsche fërdert“.

EU-Parlament

D‘EU werft jo dem Alexander Lukaschenko vir, Migranten/Flüchtlinge sichen ze goen, fir se dann iwwert d‘Grenzen zu Litauen a Polen an d‘Unioun anzeschleisen. Den Ament ass rieds vu bis zu 4.000 Mënschen, déi am ëstleche Grenzberäich tëscht de sech verhäerdende Fronte festsëtzen. Dat stellt esou och d‘EU-Kommissärin vir bannenzeg Ugeleeënheeten, Ylva Johansson, fest. Si notéiert datt Europa keng oppe grenzen huet, an d‘Unioun hir Grenzen ze schützen huet. Mee Trotzdeem…

Och d‘Ylva Johansson kritiséiert d‘Pushbacks. „Esou eng Virgoensweis dierf net d‘Norm ginn, et dierf een esou eppes och net legaliséieren. D‘EU muss sech u seng Wäerter halen“. Dat kënnt dann nees der Quadratur vum Krees gläich. Natierlech muss esou Daboe wéi dem Diktator Lukaschenko d‘Handwierk geluecht ginn, dorunner gëtt et näischt ze soen. Leider verhält et sech esou, datt et d‘Migrante sinn, déi d‘Käpp ageschloe kréien, an net déi wou fir de Mëssstand gesuergt hunn.

Foto: Iert sech de Filippo Grandi den EU-Deputéierte gestallt huet, war hien zu Besuch beim Xavier Bettel, eisem Premierminister. Mam Wirtschaftsminister Franz Fayot gouf sech op 32 Milliounen Euro „Contributioun“ an nach emol 1,5 Milliounen Euro Direkthëllef fir d‘Krisen am Afghansitan, Irak an dem Südsudan verstännegt. © UNHCR

Dernières nouvelles