Search

You may also like

D‘Batterie: Éischt Pannenursaach wärend dem Confinement
International Neiegkeeten

D‘Batterie: Éischt Pannenursaach wärend dem Confinement

Zanter eng Rei Joren, esou den ACL um Freideg, ass

Cargolux, LuxairCARGO an CFL Multimodal: D’Helden an der Kris
International Neiegkeeten

Cargolux, LuxairCARGO an CFL Multimodal: D’Helden an der Kris

Um 26. a 27. Abrëll 2020 huet de François Bausch,

What the Fakt – WhatsApp an Zukunft och voller Publicitéiten?
International Neiegkeeten

What the Fakt – WhatsApp an Zukunft och voller Publicitéiten?

Am Joer 2014 huet Facebook de Messengerdéngscht fir 22 Milliarden

Kritik vun de Piraten zur Evolutioun an Ungarn

Kritik vun de Piraten zur Evolutioun an Ungarn

D’Pirate gesinn déi aktuell Entwécklungen an Ungarn kritesch. Mir fuerderen eng Stellungnam vun der Regierung an, wann néideg, Konsequenzen fir den ungaresche Memberstaat, sou wéi se am Artikel 7 vum europäeschen Traité virgesi sinn.

Den ungaresche Premierminister Victor Orban krut den 30. Mäerz, iwwert ee Gesetz, wäitreechend Pouvoire vum Parlament. Virum Hannergrond vun der Bekämpfung vum Coronavirus, kann de Victor Orban vun elo un, an op onbegrenzt Zäit, per Dekret regéieren. Den Etat d’urgence, deen an Ungarn vum 11. Mäerz un a Kraaft ass, kann deemno ouni den Accord vum Parlament belibeg vum President verlängert ginn.

Säit 10 Joer kritiséieren international unerkannten Organisatiounen reegelméisseg Verstéiss géint d’Rechtsstaatlechkeet, géint fundamental Prinzipien vun der Justiz, géint d’Pressefräiheet an d’Mënscherechter. Och den Haut-Commissariat fir Mënscherechter vun der UNO ass beonrouegt iwwert déi aktuell Entwécklung an Ungarn. Den Europarot warnt iwwerdeems virun engem onkontrolléierten Etat d’urgence a warnt virum Net-Respektéieren vu fundamentalen demokratesche Rechter a Prinzipien. D’Kommissiounspresidentin Von der Leyen huet haut an engem Communiqué ënnert anerem Folgendes ugekënnegt:

The European Commission vill closely monitor, in a spirit of cooperation, the application of emergency measures in all Member States.

Den Artikel 7 vum europäeschen Traité gesäit fir, datt op Propositioun vun engem Drëttel vun de Memberstaaten, op Propositioun vum europäesche Parlament oder der Kommissioun, den europäesche Rot, eng Violatioun vun den am Artikel 2 vum Traité festgehale Valeure vun der europäescher Unioun ka konstatéiert ginn. Mir PIRATEN fuerderen, datt d’Regierung préift, ob de Lancement vun esou enger Prozedur am Fall vun Ungarn opportun ass.

D’PIRATEN fuerdere vun der Lëtzebuerger Regierung, wann néideg, datt si sech staark mécht, fir Konsequenzen fir den ungaresche Memberstaat, deen hei potentiell fundamental Prinzipie vun der Demokratie a vun der europäescher Unioun ënnergrueft.

Matgedeelt vun de Piraten

Opmaacherfoto: © Liam Arning / Unsplash

Related topics europäeschen Traité, Kritik, Piraten, UNO, Ursula von der Leyen, Verstouss, Victor Orban, Viktor Orbán
Next post Previous post