Search

You may also like

What the Fakt – Raum 19 an d’Büst vum Nofretete
Neiegkeeten

What the Fakt – Raum 19 an d’Büst vum Nofretete

Um 6. Dezember 1912 ass an der mëttelegyptescher Stad Amarna

Endlech nees Bundesliga!
Neiegkeeten

Endlech nees Bundesliga!

Déi géintiwwer der FIFA an/oder UEFA net manner vu mafiéis

Wann d’Loscht op Fast-Food vum gielen M een iwwerkënnt
Neiegkeeten

Wann d’Loscht op Fast-Food vum gielen M een iwwerkënnt

Nodeems gëschter op 4 Plazen am Land déi beléift Fast

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert

E Sonndeg huet Réiden erëm mat ee grousse Programm un Attraktiounen ulässlech zum Kropemannsfest 2018 gebueden. 153 Stänn, 3 Bühnen, 11 Bands an de Waassergeescht selwer hunn dausende Leit an d’Gemeng gezunn.

Et hat den Tom Faber, zweete Schäffen, a säin Organisatiounsteam Méint un Aarbecht an Kreativitéit kascht fir dem Publikum nees een onbeschreiflecht Erliefnis ze bidden. Den Dag selwer gouf scho mueres um 4 Auer ugefaangen d’Zelter opzeriichten an déi läscht Virbereedungen ze treffen.

Ee politescht Theaterstéck wat d’Laachmuskele bal strapazéiert huet

Pünktlech um 10 Auer huet hannert dem Worréshaus d’Koméidisstéck vum Jean Nehrenhausen ugefaangen. Och dës Kéier sinn erëm eng Rëtsch Lëtzebuergesch Politiker op d’Schëpp geholl ginn, wei beispillsweis d’Corinne Cahen (DP), Familljeministesch, de Staatssekretär Claude Turmes (déi gréng) oder Deputéiert Cécile Hemmen (LSAP).

Am Stéck huet de Gemengerot eng Sitzung gehalen, déi scho verspéit ugefaangen huet. De Buergermeeschter, Henri Gerekens, huet nämlech seng Léift zur Maulefsziichtung fonnt a leider een „Lëppi“ verluer. No vollstänneger Versammlung vun de Membere gouf d’Sitzung dann dauernd gestéiert, wéi beispillsweis vun der Beweegung „#metoo“, bei der dräi Fraleit uginn hunn, vum fréiere Buergermeeschter, dem Henri Mausen duerch eng einfach Begréissung sexuell „vergewohltätegt“ ginn  ze sinn.

Nodeems de Buergermeeschter säi Lëppi ënnert dem Worréshaus vermutt huet, sollt d’Gebai ofgerappt ginn. Am selwechten Ablack gouf de Claude Turmes schon op der Schëpp vum Bagger op d’Bühn bruecht.

Mee och een internationale Gaascht gouf et. De Kim Jong Un, Diktator vu Nordkorea, ass op enger Rakéit an d’Gemengerotssitzung gefouert ginn. Et muss een zouginn, datt den Jean Nehrenhausen sech als Auteur a Regisseur vum Stéck nees selwer iwwertraff an de Publikum gutt zum laache bruecht huet.

Mat der Aaxt an dem Éierewäin an d’Fest eran

Um 11 Auer ass et am Cortège an d’Groussgaass gaangen, wou feierlech d’Seel mat der Aaxt duerchtrennt an d’Festivitéit offiziell lancéiert gouf. No dräi Mol Aushuelen haten den Tom Faber, d’Corinne Cahen an de Claude Turmes d’Seel schonn duerchtrennt.

Et huet un näischt gefeelt. D’Stänn hunn de Besicher eng riseg Variatioun un Kaafméiglechkeete gebueden. Zemools selwer gemaachten a regional Saache stoungen am Virdergrond. A mat 153 Stänn huet d’Gemeng Réiden net enttäuscht!

Och musikalesch hat d’Fest vum Waassergeescht vill ze bidden. Op ganzer dräi Bühnen ass ee grousse Programm un Ënnerhalung gelaf, mat ënnert anerem der Fadas Family an dem Käpt’n Ända a Matrous K1000. Den Ofschloss hunn vum Fest hunn dunn Roadrunners an d’Rhythm Band gemaach.

Déi Réidener selwer fréen sech, datt hir Gemeng landeswäit ëmmer méi bekannt gëtt duerch d’Kropemannsfest. No 7. Editiounen huet den Organisatiounscomité et fäerdeg bruecht eng Schëpp drop ze leeën an nach méi Leit un ze lackelen. Dat läit awer och um gudde Wierder, well d’Fest ass nach ni an d’Waasser gefall. Vläicht huet jo do een e Pakt mam Waassergeescht?

Related topics Jean Nehrenhausen, Kropemann, Kropemannsfest, Musék, Réiden, Theater, Tom Faber, Waassergeescht
Next post Previous post