Search

You may also like

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann
Neiegkeeten

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann

Enger um Donneschdeg verëffentlechter Etüd no, waren 2015 weltwäit 36

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter
Neiegkeeten

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter

Wann ee bedenkt datt e sëllechen „Experten“ den Olympiakos Piräus

Sechs Joer Krich am Jemen: Si verléieren hir Famillen, d’Heemescht an d’Hoffnung
Neiegkeeten

Sechs Joer Krich am Jemen: Si verléieren hir Famillen, d’Heemescht an d’Hoffnung

Méi wéi 250.000 Doudeger, 20 Millioune Mënschen déi op humanitär

Déi eng Leit drénken d’Waasser aus der Fläsch, anerer hunn et léiwer aus dem Krunn

...wéi gesäit et bei eis zu Lëtzebuerg aus?

Déi eng Leit drénken d’Waasser aus der Fläsch, anerer hunn et léiwer aus dem Krunn

Fir dat erauszefannen hunn den Ëmweltministère, d‘Waasserwirtschaftsamt an de Lëtzebuerger Verband vun de Waasserdéngschter eng Ëmfro an Optrag ginn. Den Zweck dovunner war, déi aktuell Drénkgewunnechten zu Lëtzebuerg ze bewäerten. Dës Ëmfro gouf am August 2020 vum TNS Ilres duerchgefouert. Nach e Grond dovunner war, d’Motivatioun vun de Mënsche besser ze verstoen, fir dëst nohaltegt Verhalen ze fërderen. An dat schéngt gelongen ze sinn.

D’Ëmfro aus dem leschte Joer ass villverspriechend

Et drénken 82% vun den Awunner Krunnewaasser, dovunner 58% all Dag. Dat ass nawell eng staark Hausse am Verglach zu 2006. Do waren et nëmme 40% vun de Bierger a fir 28% all Dag. Et si 42% méi Awunner, déi Krunnewaasser wéi nach virun 10 Joer konsuméieren. De Grond vun dëser Verännerung sinn ökologesch Motiver (78%). Aner Grënn sinn d‘Präisser, et ass méi bëlleg (59%) an 51% vun den Awunner fannen et méi praktesch. 47% si mat der Qualitéit zefridden. Dacks fannen si souguer, datt et besser schmaacht, wéi aus dem Buttek. Datt et dann nach reegelméisseg kontrolléiert gëtt ass eng weider Motivatioun.

Et ginn awer och 18% vun den Awunner, déi ni Krunnewaasser drénken, si trauen där Saach net sou richteg, dat läit um Kallek oder um Geschmaach. Gutt, datt bal all Awunner, nämlech 94% zoustëmmen, datt proppert Waasser wäertvoll ass a geschützt soll ginn.

De Georges Kraus, President vun der Aluseau ASBL ass frou, datt d’Verbraucher Vertrauen an d’Qualitéit vum Krunnewaasser hunn. Säin Zil ass, d’Vertrauen an dës wäertvoll Flëssegkeet ze stäerken. Dofir garantéiert hien, datt sech weider drëms beméit gëtt, d’Qualitéit ze verbesseren an esou an ee sécheren an nohaltege Wee ze investéieren.

D’Waasser wäert 2021 nach ee wichtegt Thema ginn, weider Informatioune kommen an den nächste Méint no. An der Tëschenzäit kënnt Dir Iech hei nach e bësse méi informéieren:

https://drenkwaasser.lu/fr/ – www.waasser.lu

Illustratioun: © Jacek Dylag / unsplash

Related topics Aluseau Asbl, Ëmweltministère, Krunnewaasser, Waasserwirtschaftsamt
Next post Previous post