Search

You may also like

Se sinn awer esou liicht ze duerchkucken
International Neiegkeeten

Se sinn awer esou liicht ze duerchkucken

Nodeems ee Méindeg de Covid19-Sonnerbeoptraagte vun der Regierung, Jeannot Waringo,

Interview: Sea-Watch, e klenge Bléck hannert d’Kulissen
International Neiegkeeten

Interview: Sea-Watch, e klenge Bléck hannert d’Kulissen

Virwuert: Ze beriichten datt eppes stattfonnt huet, féiert an dësen

Ass Amerika vun enger Hongersnout bedreet?
International Neiegkeeten

Ass Amerika vun enger Hongersnout bedreet?

Am Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten – wann een zu

Pompeo setzt Kuba nees op Terrorlëscht

Ob de leschte Meter schéngt d‘Trump-Regierung decidéiert verbrannte Buedem ze hannerloossen

Pompeo setzt Kuba nees op Terrorlëscht

Den US-Ausseministère deelt mat: „Kuba ass nees op der schwaarzer Lëscht vun de Staaten déi den Terrorismus ënnerstëtzen“. Néng Deeg virun der Muechtiwwergab, eng weider Iwwerraschung fir d‘Team Biden. 2015 hat de Barack Obama Kuba eréischt vun der Lëscht geholl.

An der Erklärung vum Mike Pompeo heescht et: „Mat dëser Moossnam wäerte mir déi kubanesch Regierung op en neits zu Rechenschaft zéien an ee kloert Signal senden, datt de Castro-Regime seng Ënnerstëtzung fir den internationalen Terrorismus an d‘Ënnerwanderung vun der US-Justiz beendege muss. De Ministère ergänzt, datt déi kubanesch Regierung sech béisaarteg verhält…

Gemengt ass hei ënnert anerem, datt déi kubanesch Regierung de venezuelanesche President Nicolas Maduro ënnerstëtzt. Domadder géif Kuba Ustrengungen ënnerhuelen, ganz Südamerika an Onrouen ze stierzen. Zudeem gëtt de Kubaner de Virworf gemaach, datt si ee fräizügegt Ëmfeld fir den Terrorismus geschafen hunn. Beweiser oder Verweiser op Fakten huet et leider keng ginn.

Kuba

Eng gutt Saach ass dat elo net an déi vum Barack Obama ugestrieften Entspanung bei de bilaterale Bezéiungen, ass domadder nees fir länger Zäit vum Dësch. Woubäi den Donald Trump vun Ufank un alles dru gesat huet, fir senge mafiéisen Exilkubaner vu Mar-a-Lago an dem Recht vu Florida gutt Laun ze maachen. 2017 goufen d‘Beschränkunge fir Reesen a Geldtransfert nees verschäerft.

Zäitgläich gouf Kuba mat maximale Sanktioune gedreet, sollt d‘Land sech Pëtrolsprodukter aus dem Venezuela besuergen. Wat elo dëse Schratt op internationalem Niveau fir Folge mat sech bréngt ass nach net gewosst an den Thema dierft wuel och d‘Vereenten Natioune beschäftegen. Jiddefalls huet d‘Trump-Regierung nach emol zimmlech eendeiteg gewise wat se wäert ass.

Kuba

Woubäi eigentlech sinn d‘Kubaner (och d‘Banditten a Florida) dem Donald Trump an dem Mike Pompeo gläichermoossen egal. Hei geet et exklusiv drëms, der „neier Ekipp“ d‘Liewen esou schwéier wéi méiglech ze maachen an déi gesamt Aussepolitik zu engem politesche Minnefeld ëmzegestalten. Den diplomatesche Schued deen hei ugeriicht gëtt, stellt d‘USA an den Abseits.

An dësem Kontext dierf nach ënnerstrach ginn, datt wärend de „Big Mike“ d‘Kubaner zu Terroriste mécht, säi Kumpel mat der schlechter Frisur den Inlandterror an gutt Hänn iwwerginn huet. Sécher, seng Terroriste sinn net déi Hellst an hale Revolutioun fir Fuesent, dofir sinn se allerdéngs net manner geféierlech… An och d‘Welt vun de sozialen Netzwierker wäert ni méi déiselwecht sinn.

mat indymedia/was

Illustratioun: D‘Kapitol zu Havanna, Kuba. Vun hei aus géifen, esou zumindest d‘Lige vum US-Ausseministère, Terroristen op der ganzer Welt ënnerstëtzt ginn. Zudeem solle kubanesch Agenten den US-Justizsystem ënnerwandert hunn. Beweiser konnten den Ament nach keng virgeluecht ginn. © Florian Whede / unsplash

Related topics Diplomatie, Havanna, Kuba, Mike Pompeo, Terror, US-Aussepolitik
Next post Previous post