Search

You may also like

Design City LX Festival
International Neiegkeeten

Design City LX Festival

Leschte Freideg huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, vertrueden

Gutt informéiert sinn ass essentiell
International Neiegkeeten

Gutt informéiert sinn ass essentiell

Richteg a gutt Informéiert sinn, wann et ëm de Covid19-Impfstoff

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 5)
International Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 5)

Fir d’Period vum Confinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Kuba: Eng Verfassungsreform fir e sozialistesche Rechtsstaat

Kuba: Eng Verfassungsreform fir e sozialistesche Rechtsstaat

D‘Verfassung vu Kuba staamt aus 1976, an ass eppes verstëbst, firwat een sech op der karibescher Insel eng nei wëll ginn. Et huet sech jo villes zanterhier gedoen: honnertdausende Kubaner sinn mëttlerweil Selbststänneg an dem Raúl Castro seng Duechter setzt sech fir LGBTI-Rechter an.

Mat der neier Verfassung wëll Kuba sech de Verännerungen upassen. Si soll och der politescher a wirtschaftlecher Evolutioun vun de Gesellschaft Rechnung droen. Um Samschdeg huet sech dat kubanescht Parlament mat der Reform beschäftegt, an et war ee sech séier eens, datt déi aktuell Verfassung net méi Zäitgeméiss ass, an et Upassunge muss ginn. Um Eeparteiesystem soll awer festgehale ginn.

Déi kommunistesch Partei (KP) bleift déi féierend Kraaft beim „Opbau vum Sozialismus“, dat eigentlecht Zil vun der Reform. Kuba wëll sech vun enger „kommunistescher Gesellschaft“ an e „sozialistesche Rechtsstaat“ verwandelen. Déi sozialistesch Wirtschaftsuerdnung sol an dësem Kontext opgelackert, Privateegentum unerkannt ginn. Zudeem soll déi nei Verfassung och de wirtschaftlech erfollegräiche klengst Entreprise méi rechtlech Unerkennung verschafen.

Am Schied vum Fidel Castro

All déi Virschléi si vun enger Kommissioun ënnert dem Virsëtz vum fréiere Staatschef Raúl Castro ausgeschafft ginn. De Raúl Castro, deen d‘Staatsgeschäfter vu sengem Brudder Fidel „geierft“ hat, wollt eng wirtschaftlech Ëffnung fir Kuba. Säit 2008, huet hien de Gedanke vun enger Reform an der kommunistescher Partei verbreet. Eng Reform déi no 60 järeger Herrschaft vun de Bridder, och eng Opdeelung vun der Muecht virgesäit.

Laut der neier Verfassung, soll dem President e Regierungschef zur Säit gestallt ginn, an och d‘Mandat vum Ministerpresident – dat et scho virun 1976 ginn hat – soll nees agefouert ginn. De President ass dann net méi de Chef vum Staatsrot an dem Ministerrot. De Staatsrot als iewescht Exekutivorgan gëtt an Zukunft vum Parlamentspresident geleet. Den Entworf gesäit eng Alters- an Amtszäitbegrenzung fir Presidente vir. Déi dierfen net méi al wéi 60 Joer sinn, an nëmmen nach iwwer zwou Amtszäite vu fënnef Joer regéieren.

Rechtsstaatlechkeet a Gläichberechtegung

An der Justiz soll de Prinzip vun der Onscholdsvermuddung als iewescht Maxime festgeschriwwe ginn. Diskriminéierung wéinst der „sexueller Orientéierung“ soll verbuede ginn, woumatter och de Wee fir d‘Bestietnes vu gläichgeschlechtleche Koppele fräi gemaach kéint ginn. Esou beseet den Artikel 68, datt d‘Bestietnes als „fräiwëlleg geschlossene Bond tëscht zwou Persounen“ definéiert ginn. Dat Bericht zumindest d‘Zeitung „Granma“, d‘Organ vun der kommunistescher Partei.

D‘Zeitung weist ausdrécklech drop hin, datt den Text net op d‘Geschlecht vun de „Bedeelegten“ ageet. An der aktueller Verfassung, gëtt d‘Bestietnes nach als „fräiwëllege Bond tëscht engem Mann an enger Fra“ definéiert. Fir de Francisco Rodríguez, Journalist an Aktivist fir LGBTI-Rechter, ass den Entworf eng Aluedung fir d‘Aféierung vum gläichgeschlechtleche Bestietnes.

Op Kuba goufe sexuell Minoritéite stigmatiséiert, homosexueller ugegraff, a sougenannte „Lager zur Ëmerzéiung“ gestach a generell vum Staatsdéngscht ausgeschloss. 2010 hat de Fidel Castro säi „mea culpa“ gemaach an déi „Ongerechtegkeeten“ géintiwwer den Homosexuellen agestanen. Déi hätten e groussen Deel vun den Intellektuellen a Kënschtler vun de 60er bis an d‘80er Joren an den Exil gedriwwen. Fir d‘LGBTI-Rechter setzt sech zanter Joren déi Deputéiert Maria Castro Espin an. Si ass d‘Duechter vum Raúl Castro an d‘Directrice vum nationalen Zenter fir Sexualerzéiung.

No der Ofstëmmung am Parlament, nach e Referendum

Bis e Méindeg soll dat kubanescht Parlament iwwert déi 224 Artikel vun der neier Verfassung ofstëmmen. Am Uschloss, wann se ugeholl ginn ass, soll de Verfassungstext de Bierger bei engem Referendum zur Ofstëmmung virgeluecht ginn. Hei kann een dann nach notéieren, datt déi kommunistesch Partei d‘Verfassungsreform schonn ugeholl huet.

Virun dësem – fir déi kommunistesch Partei historesche – Beschloss, hat d‘Parlament d‘Kabinett vum neie President Miguel Díaz-Canel gebëllegt. Mee et sinn awer nach déi „al Gesiichter“ aus der Castro-Regierung, déi am Ministerrot d‘Heft an der Hand hunn. Deen eenzegen deen net méi mat derbäi ass, ass den Marino Murillo. Hie war ënnert dem Raúl Castro fir Wirtschaftsreformen zoustänneg. De Miguel Díaz-Canel hat de Raúl Castro am Abrëll un der Staatsspëtzt ofgeléist.

mat AFP

Foto: De fréiere kubanesche President Raúl Castro ënnerhält sech am Parlament mat den Deputéierten, iert et zur Debatt fir eng Verfassungsreform komm ass. Bis e Méindeg soll den Entworf mat 224 Artikelen diskutéiert an ofgestëmmt ginn. Da mussen d‘Kubaner mëttels Referendum der neier Verfassung zoustëmmen. © Jorge Beltran/AFP

Related topics Kommunismus, Kuba, Raúl Castro, Referendum, Verfassungsreform
Next post Previous post