Search

You may also like

…déi lescht Deeg am Bunker
International Stories

…déi lescht Deeg am Bunker

Wéinst den unhalende Protester zanter der Presidentschaftswahl vum leschte Sonndeg,

CNFP ënnert neier Presidence
International Stories

CNFP ënnert neier Presidence

Den Nationale Rot vun den Ëffentleche Finanzen (CNFP) huet zanter

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof
International Stories

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof

D’Bild gesäit net iwwerall d’selwecht gutt aus, mee d’Tendenz ass

Den Anthony Scaramucci, erkläert

Virum offiziellen Déngschtuntrëtt schonn erëm do baussen

Den Anthony Scaramucci, erkläert

Den Anthony Scaramucci huet zwou Wochen erlieft, déi duer goe géifen fir ee Liewen ze fëllen. Seng Fra huet hie verlooss, en huet d’Gebuert vu sengem Bouf verpasst, ass de Guru vum President senger Kommunikatioun ginn an… einfach erausgehäit ginn.

Well een Ongléck seelen eleng kënnt, huet de fréiere Bänker vu Goldman Sachs, Symbol vum amerikaneschen Dram, och nach seng Firma verluer. Déi huet hie misse verkafe, wéi en de Posten als Direkter vun der Kommunikatioun am Wäissen Haus ugeholl, huet.

Nëmmen zéng Deeg

De Fils vun italieneschen Immigranten mat engem Harvard-Diplom weess elo och, wéi den „Hire an d’ Fire“ Prinzip funktionéiert. E Méindeg, no grad emol zéng Deeg a Funktioun, war säin Néiergang esou brutal wéi säin Opstig erstaunlech. E bossegen Néiergang allerdéngs, och oder grad ugesicht der wéineg orthodoxer Presidence, wéi et déi vum Donald Trump ass.

Extravagant, ëmmer am leschte Chic gekleet, war de New Yorker den 21. Juli am Wäissen Haus ukomm. Hie sollt do uerdentlech um Beiestack vun der Pennsylvania Avenue rëselen an dem President senger Kommunikatioun e neit Gesiicht ginn.

Net vun dëser Welt

„Ech vergëtteren de President“, hat de Scaramucci bei senger éischter Pressekonferenz deklaréiert. Hien hat den Donald Trump als „prächtege Mënsch“ qualifizéiert, deen ee „richteg gudde Karma“ hätt. D’Pressekonferenz war op en Enn gaangen, mat enger „Kusshand“ a Richtung vun de Journalisten a de Kameraen. Amerika hat verstanen, datt den Toun sech geännert huet.

An den Deeg duerno, ass den Scaramucci mam President an der „Air Force One“ op d’Rees gaangen. Ëmmer den Daum no uewe wann hien och nëmme gemengt huet et wier eng Kamera op hie geriicht.

Net alles gëlle wat glänzt

Privat allerdéngs, war d’Situatioun schonn eppes méi a schlechten Dicher. Seng zweet Fra hat d’Scheedung agereecht (esou d’New York Post) an de Kommunikatiounsdirekter war mam Chef ënnerwee wéi säin zweet Kand, ee Bouf, op d’Welt komm ass.

„Ech ka Schléi astiechen, mee ech géif iech biede meng Famill an är Gebieder a Gedanken anzeschléissen, net méi“, huet hien sech verdeedegt, wéi ëmmer méi Detailer iwwert säi Privatliewe bekannt gi sinn. An de Scaramucci hat wierklech eppes mussen astieche fir unzekommen.

Kämpferesch ausgeluecht

Ofgesi vum Fait, datt hien seng Parte bei SkyBirdge Capital huet misse verkafen, huet e sech missen dem Widderstand vun den Déckkäpp an der Administratioun stellen. Ugefaange mam fréiere Generalsekretär vum Wäissen Haus, dem Reince Priebus. Awer och säi Virgänger Sean Spicer war net gutt op de Mann ze spriechen. Deen huet dann och beim Untrëtt vum 53 järegen demissionéiert.

E puer Deeg méi spéit huet den Anthony „The Mooch“ Scaramucci dann och déi Bomm an Luucht gejot déi hien den Job sollt kaschten. Hien huet tatsächlech ee Journalist vum New Yorker ugeruff, deem hien dunn ee Floss vu Frechheeten an d’Ouer lafe gelooss huet. Et ass hei ëm de Steve Bannon, e Beroder vum Trump, an de Reince Priebus gaangen. Deen war als „houere schizophrene paranoide“ ëmschriwwe gi.

De wäisse Ritter

De Priebus huet den aneren Dag gekënnegt. Et war d’Stonn vum John Kelly, fréiere Generol a Minister vun der interner Sécherheet. Deen huet sech der Saach ugeholl an am Wäissen Haus fir e rengen Dësch gesuergt. Seng éischt „Operatioun“ um Méindeg: de Scaramucci virun d’Dier setzen! Ouni grousst Gedeessems.

Mat sengem Spëtznumm „The Mooch“, sengem Fligerbrëll – an deem senger Spigelung ee seng ganz Gestë konnt verfollegen – a sengem karikaturéierte Look war hien zum Liibling vun den amerikaneschen Humoristen opgestigen. An et ass him näischt erspuert bliwwen. Op der Universitéit Harvard stoung hien op der Lëscht vun der Studenten déi verstuerwe sinn.

De Scaramucci ass awer net de Kommunikatiounsdirekter deen déi kierzten Amtszäit fir sech verbuche kann. Deen Titel hält ee vum Ronald Reagan senge Patrone vun der Kommunikatioun. Dësen huet nach an der selwechter Woch gekënnegt (Mäerz 1987) nodeems bekannt gi war, dat hien ee fréiere Member vun de Nazi-Jugend war.

mam Chris Lefkow/AFP

Foto: Den 53 Joer alen Anthony Scaramucci wollt opraumen an deem engen oder aneren de Wee zur Dier weisen. Gutt, déi huet hien elo gewise kritt. Als Millionär awer dierft hien net op der Strooss sëtzen (© Jim Watson/AFP)

Related topics Anthony Scaramucci, Donald Trump, USA
Next post Previous post