Search

You may also like

François Bausch: Dat ass net seng Iddi vun Europa!
Kultur Neiegkeeten

François Bausch: Dat ass net seng Iddi vun Europa!

Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch a senger Verdeedegungsformatioun um

surprise
Hëlleft den Tram eiser CO2 Bilanz?
Kultur Neiegkeeten

Hëlleft den Tram eiser CO2 Bilanz?

Den Tram bleift am Gespréich: Am Dezember gëtt den éischten

Wäissrussland: Wahlen an enger Diktatur
Kultur Neiegkeeten

Wäissrussland: Wahlen an enger Diktatur

Laut de wäissrusseschen Autoritéiten huet den amtéierende President Alexander Lukaschenko

Lambert – de 15. Februar an der Kierch Saint-Joseph

Lambert – de 15. Februar an der Kierch Saint-Joseph

De Méindeg, de 15. Februar presentéiert d’Kufa an der Saint-Joseph Kierch een neo-klassesche Pianosconcert vum Lambert. Viru siwe Joren huet de Museker eng éischte Kéier vu sech héiere gelooss. Mee nach ëmmer ass net gewosst, wien d’Persoun hannert der sardescher Stéiermask ass.

Gerüchter doriwwer, wien oder wat sech hannert der Mask verstoppe kéint, ginn et der vill, zemools well dem Lambert seng Musek och international bekannt a gefrot ass. Bekannte Kënschtler wéi zum Beispill de José González, Deichkind a Moderat hunn bei him ugeklappt. Si kruten eenzegaarteg Neiinterpretatiounen zeréck. An dëse besote siwe Joren huet de Lambert sechs Solo-Alben verëffentlecht, hien ass iwwer den hallwe Kontinent getourt.

Well seng éischt Liveoptrëtter zesumme mam Nils Frahm an dem Ólafur Arnalds stattfonnt hunn, gëtt hien oft an Zesummenhang mat der Neoklassik bruecht. Dobäi schwätzen dem Lambert seng Harmonien eng däitlech aner Sprooch: Melodien tëscht de Beatles an dem Chopin treffen op rhythmesch Strukturen an maträissend Beweegungen, déi schliisslech mat moderner elektronescher Danzmusek verschmëlzen.

Et bleift festzehalen, datt de Lambert net ganz an e Stil anzeuerdnen ass. Déi popkulturell Traditiounen an Inspiratioune maachen hien zu engem bonte Phänomen.

Weider Informatiounen

D’Dieren ginn um 19.30 Auer op, Parkplaze si bei der Saint-Joseph Kierch ze fannen. Tickete sollen iwwer www.kulturfabrik.lu bestallt ginn, se kaschte 20 Euro, an der Oweskeess sinn et 25 Euro. D’Plaze si limitéiert.

Weider Detailer ginn et op www.kulturfabrik.lu.

Related topics Concert, Kierch Saint-Joseph, Kulturfabrik, Lambert, Neoklassik, Piano, sardesch Stéiermask
Next post Previous post