Search

You may also like

De Stress mam Busverkéier um Kierchbierg soll manner ginn
Kultur Neiegkeeten

De Stress mam Busverkéier um Kierchbierg soll manner ginn

Wéi et aus dem Nohaltegkeetsministère heescht, ass ee sech de

Si sinn es dem Minister iwwerdrësseg
Kultur Neiegkeeten

Si sinn es dem Minister iwwerdrësseg

Eigentlech ass de President vum SEW/OGBL Patrick Arendt ee ganz

Gebuertsdag um Haff – Alles Guddes u S.A.R. de Prënz Louis
Kultur Neiegkeeten

Gebuertsdag um Haff – Alles Guddes u S.A.R. de Prënz Louis

Um haitege Méindeg feiert S.A.R. de Prënz Louis säin 34.

THEM LIGHTS – D’Kulturfabrik presentéiert en neie Kënschtler

THEM LIGHTS – D’Kulturfabrik presentéiert en neie Kënschtler

Nodeems d’Escher Kulturfabrik déi pluridisziplinär Kënschtler Sandy Flinto an de Pierrick Grobéty an hirer Artistenresidenz, déi am Summer 2021 eriwwer ass, begleet huet, gëtt elo d’Fortsetzung presentéiert: De Sacha Hanlet ass den neien Artist an der Residenz!

Se ass de 15. Mäerz ugaangen a wäert bis de 14. Mäerz 2024 daueren. Wärend dësen dräi Joer profitéiert de Sacha Hanlet net nëmme vu finanzieller, mee och vu mënschlecher Ënnerstëtzung. Esou kann hien a Rou säi Soloprojet THEM LIGHTS, deen am Joer 2017 an d’Liewe geruff gouf, entwéckelen.

Hien ass net nëmme Songwriter, mee och Interpret, Performer a Produzent. Seng Musek ass eng Mëschung tëscht Pop, RnB an Electro. Donkel a groovy. An der lokaler Zeen ass hie bekannt well e Member vun der kënneger Grupp Mutiny on the Bounty ass. Dobäi besicht de Sacha zënter ville Joren d’Kulturfabrik.

„Ech hunn an der Kulturfabrik mat Mutiny on the Bounty geprouft. Dofir hunn ech zënter 16 Joer eng onvergläichlech Affinitéit zu dëser Plaz. Ech hunn d’Team, d’Atmosphär, seng Oppenheet a seng Flexibilitéit gär. Mat dëser Residenz hunn ech d’Dramméiglechkeet Musek sou professionell wéi méiglech ze maachen an dobäi op enger Plaz begleet ze ginn, wou ech mech fillen“, seet hien dozou.

Sacha Hanlet
De Sacha Hanlet notzt d’Kënschtlerresidez fir säi Projet THEM LIGHTS © Michael Stibling

Zur Kënschtlerresidenz

Dës Residenz vun dräi Joer gëtt vum Kulturministère ënnerstëtzt. De Projet huet 2018 säin Ufank fonnt fir Artisten eng professionell Ënnerstëtzung unzebidden, déi um Wendepunkt vun hirer Karriär stinn.

E weidert Zil ass et, d’Kënschtler beim Experimentéieren zur Säit ze stoen. Eréischt esou kann Neies wuessen a säi Wee fannen.

D’Sortie vum Sandy Flinto an dem Pierrick Grobéty ass fir Mëtt September geplangt a wäert fir de Public zougänglech sinn. Weider Informatioune dozou fannt Dir op www.eddivantsui.com.

Opmaacherbild: © Michael Stibling

Related topics Ënnerstëtzung, Kënschtlerresidenz, Konscht, Kulturfabrik, Musek, Pierrick Grobéty, Sacha Hanlet, Sandy Flinto, Them Lights
Next post Previous post