Search

You may also like

Op der Sich no Chrëschtbeemercher
Kultur Neiegkeeten Uncategorized

Op der Sich no Chrëschtbeemercher

Fir déi wanterlesch Zäit sicht de Service Parcs elo schonn

USA: Déidlech Stuermfront iwwert de Südstaaten
Kultur Neiegkeeten Uncategorized

USA: Déidlech Stuermfront iwwert de Südstaaten

Eng massiv Stuermfront huet op hirem Wee duerch d‘Südstaate vun

Si wëlle fir ee gudde Wahlsonndeg suergen
Kultur Neiegkeeten Uncategorized

Si wëlle fir ee gudde Wahlsonndeg suergen

Gemengt ass hei den zentrale Regierungsbüro fir d‘Chamberwahlen (BCG), deen

Kufa’s Urban Art Esch – Esou faarweg ass d’Stad am Minett!

Ëmmer méi gëtt Esch-Uelzecht zu enger faarweger Stad, bei där et sech lount, och emol zu Fouss duerch ze trëppelen an déi verschidde Fresken un de Maueren ze bewonneren. Am Kader vun der 7. Editioun vu Kufa’s Urban Art Esch sinn 11 artistesch Interventioune geplangt, déi een ënnert anerem och bei enger guidéierter Visitt erkläert kritt.

Zil vun dëser Initiative, déi vun der Kulturfabrik an der Stad Esch organiséiert gëtt ass et, net nëmmen d’Stadbild méi attraktiv ze gestalten, mee och déi urban Konscht ze integréieren, Artisten Raum zur Kreativitéit ze offréieren a mat hire Leeschtungen d’Leit dobaussen ze begeeschteren. Dobäi berout se op den Aspekter vun der Konscht, der Pedagogik an der Sensibiliséierung. Nach bis den 11. Juli kann ee sech passend dozou, souwuel zu Fouss, wéi och um Vëlo, laanscht d’Kreatioune guidéiere loossen.

Kufa's Urban Art Esch
© Shari Pleimelding / moien.lu

Säin Ufank huet den Tour leschte Sonndeg bei engem vun de wuel bekanntste Freske fonnt: Am Joer 2016 huet de franséische Kënschtler Mantra dat risegt Wierk vun enger klenger Dramwelt erstallt. Ze gesinn ass eng jonk Fra an enger Bibliothéik, déi vun enger ganzer Bibliothéik, enger Eil a fléiende Rochen ëmginn ass.

De Sumo ass bestëmmt all Lëtzebuerger e Begrëff. Och um Site vun der Kulturfabrik duerft hie sech mat der Spraydous ausliewen an huet direkt bei der Entrée eng Fläch mat senge „Crazy Baldheads“ verschéinert. Ma, d’Visitt verleeft zum enge laanscht méi bekannte Plazen, bei deenen ee sécherlech och scho vum Auto aus faarweg Akzenter bemierkt, awer ni d’Zäit hat et sech méi genee unzekucken. Zum aneren besicht een och emol kleng Niewestroossen.

Och am Joer 2016 huet de Pixeljuice aus Däitschland un de Mauere vun engem Schoulgebai eng Dramwelt fir Kanner erstallt, déi kreativ Elementer vun „Alice im Wunderland“ enthält. Et ass de Lëtzebuerger Kënschtler Spike, dee mat Minimalismus a Prezisioun sengem Numm all Éier mécht.

Wie genee hikuckt, dee kann op den 200 Meter vun der Gare de Saz „Vers la terre de pourquoi“ liesen. Dëst faarwegt Wierk gouf vu Boa Mistura an dem CIGL Esch kreéiert, gouf och eréischt viru kuerzem fäerdeggestallt.

Kufa's Urban Art Esch
© Shari Pleimelding / moien.lu

Datt Konscht net nëmmen dekorativ an ästhetesch, mee och nëtzlech ka sinn, beweist de franséische Kënschtler Kit Empire, deen aus den Dreckskëschten an der Foussgängerzon déi Männercher zum Liewen erwäche gelooss huet, déi mat Freed Ären Offall entgéint huelen.

Nei an dësem Joer ass déi eegen Internetsäit mat interaktiver Kaart. Op www.kufasurbanartesch.lu kritt een esou d’Méiglechkeet, sech déi zuelräich Wierker vun Doheem aus unzekucken an en eegenen Tour ze plangen. Eng Foto um Bildschierm ka schliisslech net dat reaalt Erliefnis ersetzen, wouduerch et sech lount emol e kulturell-urbanen Dag anzeplangen.

Passend zu Kufa’s Urban Art wäert e Mëttwoch, den 30. Juni um 19:00 Auer d’Konferenz „Useful and participative art & design behind aesthetic ideas“, souwéi och eng urban Braderie um Samschdeg, den 3. Juli ab 14:00 Auer stattfannen. Weider Informatiounen dozou ginn et op kulturfabik.lu.

Mir wënsche vill Spaass beim Entdecken a Bewonneren!

Uewe fannt Dir eng Billergalerie © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics CIGL, Escher Gare, Fresken, Graffiti, Konscht, Kufa's Urban Art Esch, Kulturfabrik, Mantra, Pixeljuice, Spike, Sumo
Next post Previous post