Search

You may also like

Räicher maache méi Knascht wéi déi Aarm
Kultur Neiegkeeten

Räicher maache méi Knascht wéi déi Aarm

Laut der ONG Oxfam, verursaache räich Mënsche méi CO²-Emissioune wéi

Däitschland: Bei der Boma hält de Spaass op
Kultur Neiegkeeten

Däitschland: Bei der Boma hält de Spaass op

Nodeems de Post mat enger iwwerspëtzter a satirescher Versioun vum

Hëllefsorganisatioun Sea-Eye op Kollisiounskurs mam Matteo Salvini
Kultur Neiegkeeten

Hëllefsorganisatioun Sea-Eye op Kollisiounskurs mam Matteo Salvini

No der Rettung vu 65 Persounen am Mëttelmier, huet dat

KUK – Déi nei Plattform vun Artisten fir Artisten

De KulturKanal fir Lëtzebuerg

KUK – Déi nei Plattform vun Artisten fir Artisten

Kultur, ganz ouni Entréesbilljee an dat vun doheem aus? Méiglech mécht et d’Digitaliséierung an d’Erfarungen, déi mir wären dem Confinement erlieft hunn. Mat der Plattform KUK knäppt een un den Succès un, deen d’Iwwerdroung vu kulturelle Spektakelen um Internet erlieft huet.

Dobäi ass KUK eng Internetplattform vun Artisten fir Artisten, mam Zil der Kultur eng autonom a virtuell Plaz ze bidden, déi zur Kreatioun an zum Ausdrock ermuddegt. Esou soll ee breede Publikum – Alter, Wuerzelen a soziale Stand spille keng Roll – ugezu ginn fir de Beräich ze demokratiséieren. Donieft geet et ëm e Reseau fir Produzenten, Createuren an Artisten, déi hir Passioun iwwert den digitale Beräich deele wëllen.

D’Plattform KUK dréit soumat säin Deel zum neie kulturellen an dynameschen Ekosystem bäi. Scho beim Museker Serge Tonnar sengem Programm „Live aus der Stuff“, duerch dee wärend dem Confinement 40 Spektakelen iwwert den Internet gedeelt gi sinn, konnt een den enorme Succès vun der räichhalteger an ofwiesslungsräicher digitaler Diffusioun vu Kultur erliewen. Iwwer 10.900 Persounen hunn d’Säit abonnéiert, woubäi ganzer 92 Deeg zesummegerechent gekuckt gi sinn.

KUK

E Programm a 5 Kategorien

Et soll eng Verbindung tëscht allen Acteuren entstoen, fir déi verschidde Beräicher vun der Kultur begeeschtert a Loscht op Neies gemaach ginn. Esou ënnerdeelt och KUK sech an 5 Kategorien, fir esou villsäiteg, wéi méiglech ze sinn:

  • Live: Direkt Iwwerdroung vu Performancen aus der Villa Louvigny
  • Thema: Thematesch Emissiounen a Reportagen
  • Art: Artistesch Kreatiounen an der Avant-Premiere op KUK
  • Heritage: Schonn existent audiovisuell Produktioune ginn ervirgehuewen
  • Partners: Artistesch Produktiounen a Projeten vun de Partner stinn am Fokus

An enger éischter Phas, déi vu Juni bis Dezember 2020 leeft gëtt KUK duerch Crowdfunding an de Beitrag vun externe Partner finanzéiert. Wärend dëse 6 Méint gëtt de Projet virun allem vum Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte gedroen a vun der Post ënnerstëtzt.

Opmaacherbild: © Aaron Greenwood / Unsplash

Related topics Artisten, Confinement, Digitaliséierung, Erliefnis, Konscht, KUK, Musék, Plattform, Spektakel
Next post Previous post