Kultur am Prisong: Opruff fir Projeten anzereechen

Am Kader vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 soll de Projet „Kultur am Prisong“ ab dem 1. Mee 2022 zu Schraasseg a Giwenech zum Liewen erwächt ginn. Esou starten de Kultur- an de Justizministère zesumme mat der Prisongsverwaltung e weideren Appell fir Aktivitéiten ze proposéieren an domat zur Inclusioun bäizedroen.

Zil ass et de Prisonéier d’Méiglechkeet ze bidden u kulturellen Aktivitéiten an Evenementer deelzehuelen, sech op verschidden Aart a Weisen ausdrécken ze dierfen a vläicht souguer e verstoppten Talent ze entdecken.

Vun Danz an Theater, iwwert Musek, Konscht a Literatur, hin zu Filmprojektiounen sinn den Aktivitéite bal keng Grenze gesat. Zougelooss gi Projete vu Fondatiounen, Danzgruppen, Kënschtlerkollektiven a méi, déi de Krittären entspriechen a bei engem maximale finanzielle Montant vun 10.000 € leien.

All Detailer (Beschreiwung vum Projet, praktesch Informatiounen an d’Modalitéiten) fannt Dir op mc.gouvernement.lu.

Latest news
Related news