Search

You may also like

dislike
Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba
Kultur Neiegkeeten

Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba

Um Mëttwoch huet Washington matgedeelt d‘Geschäftsbezéiungen tëscht amerikaneschen a kubaneschen

Spoilers! Einfach driwwer schwätze geet net!
Kultur Neiegkeeten

Spoilers! Einfach driwwer schwätze geet net!

Dës läscht souz ech zesumme mat Kollegen op enger Terrasse.

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt
Kultur Neiegkeeten

Mossul ass fräi, mee den IS nach laang net besäitegt

No néng Méint huet den islamesche Staat (IS) Mossul verluer.

Kultur: Besser kulturell informéiert mat „Events in Luxembourg“

Kultur: Besser kulturell informéiert mat „Events in Luxembourg“

Ënnerstëtzt vum Kulturministère, hunn sech déi Lëtzebuerger Agence fir kulturell Aktioun an „update24“ zesummegedoe fir „Events in Luxembourg“ (EiL) op d‘Been ze stellen. Mat dësem neien Internetsite sollen alleguerten d‘Evenementer zu Lëtzebuerg an engem Agenda gebëndelt ginn. Interessant: de Site ass dräisproocheg gehalen, woubäi op lëtzebuergesch verzicht gëtt.

Déi Lëtzebuerger Agence fir kulturell Aktioun ass eng Asbl, déi vum Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg gedroe gëtt. D‘Agence gëtt als „Facilitateur“ bezeechent, déi dank hirer Erfarung eng gréisser Roll zougestane kritt huet. Dat esouwuel bei der Koordinatioun wei och der Organisatioun um kulturellen Niveau vum Land. D‘Agence ass 1995 gegrënnt gi wéi mir Kulturhaaptstad waren.

update24“ ass e streng kommerziell ausgeluechte Projet vun „White Sneakers SA“ (eng Boîte déi sech gutt am Netz ze verstoppe versteet) dee sech spezialiséiert huet Déngschtleeschtungen an Produkter ze liwweren, déi sech op s‘Sammelen an d‘Diffusioun fir ënnerschiddlech Supporten, wéi Handy, Tablett a Printmedien, baséieren. Iwwer béid Entreprise war wéineg erauszefannen.

Kultur

© Binsfeld

Fir de neie Site ze fërderen, gëtt erkläert, datt hien einfach ze benotzen ass, an allen Organisateuren, op „privat“ oder „institutionell“ zur Verfügung steet. Déi sollen hir Evenementer entweder Manuell oder iwwert e sougenannten Interface eroplueden, wou se bannent 24 Stonne sollte validéiert ginn. Dat ass noutwenneg fir d‘Qualitéitskontroll. D‘Datebank kann dann um Site consultéiert ginn.

Déi enregistréiert Evenementer vun EiL gi vun enger ëmmer gréisserer Unzuel un Agendae verbreet an dat online, wéi op Pabeier. Als Beispill gëtt „Visit Luxembourg“ ugefouert, an déi verschidde Sitte vun de regionalen Tourismusbüroen (ORT) genannt. Déi grouss Zeitunge géifen och schonn op d‘Date vun der EiL zréckgräifen. Interessant: d‘Datebank ass u Plurio (Groussregioun) ugeschloss.

Wat de Fonctionnement vun „Events in Luxembourg“ betrëfft, esou placéiert sech dësen an eng Logik vun enger „Ëffentlecher Déngschtleeschtung“, ass fir d‘Internaute gratis. Laut dem offizielle Communiqué hätt Lëtzebuerg elo säin eegenen „Event-Tool“, a schléisst sech un www.culture.lu un. Dat ass iwwregens de Kommunikatiounsvektor vum Kulturministère.

mam SIP

Related topics Events in Luxembourg, Kultur, Kulturministère, Lëtzebuerger Agence fir kulturell Aktioun, update24, white sneakers s.a.
Next post Previous post