Search

You may also like

Handelskonfederatioun stellt sech queesch
Kultur Neiegkeeten

Handelskonfederatioun stellt sech queesch

An dësem Kontext hat et dann och an de leschte

What the Fakt – Haut ass Dag vum Laachen
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass Dag vum Laachen

Haut scho gelaacht an de Serotoninspigel an d’Luucht gedriwwe? Ma

Den LCTO ass nees fir Iech do!
Kultur Neiegkeeten

Den LCTO ass nees fir Iech do!

No der Zäit vum Confinement kann de Luxembourg City Tourist

Vu Schueberfouer bis Festival de Wiltz: Kultur fält moer aus

Vu Schueberfouer bis Festival de Wiltz: Kultur fält moer aus

Duerch déi aktuell Pandemie an d’Decisioun vun der Regierung, datt bis zum 31. Juli 2020 keng gréisser Evenementer stattfannen dierfen, gesäit et esou aus, wéi wann d’Kultur an dësem Joer moer ausfale géif. Souwuel d’Stad Lëtzebuerg, wéi och de Festival de Wiltz an d’Organisateure vum Open air Konstfestival zu Lellgen hunn d’Ofso vun hiren Veranstaltunge matgedeelt.

Hei fannt Dir elo den Detail zu den eenzelen Evenementer.

Stad Lëtzebuerg

All Concerten an Animatiounen, déi vun der Stad Lëtzebuerg op der Plëss an um Knuedler virgesi waren, si bis zum 31. Juli inclus ofgesot. Heizou gehéiert:

  • Brocanten a Reuniounen, bei deenen d’Bierger deelhuele kënnen
  • Sensibilisatiounswochen fir speziell Bedierfnisser
  • „Mardis littéraires“ (um 28. Abrëll, 12. Mee, 9. Juni a 14. Juli 2020)
  • Zéissenger Kiermes (vum 1. bis 5. Mee 2020)
  • De Mäertchen (vum 2. bis 17. Mee 2020)
  • Floumäert (um 3. Mee, 7. Juni a 5. Juli 2020)
  • Konscht am Gronn (um 3.Mee, 7. Juni a 5. Juli 2020)
  • Merler Kiermes (vum 22. bis 26. Mee 2020)
  • ING Night Marathon Luxembourg (um 23. Mee 2020)
  • My Urban Piano (vum 28. Mee bis 21. Juni 2020)
  • Gaasperecher Kiermes (vum 6. bis 9.Juni 2020)
  • Theaterplage (vum Juni bis September 2020)
  • Rencontres sans frontières (um 14. Juni 2020)
  • Sports fir jiddwereen (vun Abrëll bis Juli 2020)
  • Sports fir jiddwereen – actif 55+ (vun Abrëll bis Juli 2020)
  • Fest vun den Noperen
  • Fête de la Musique (um 19. Juni 2020)
  • Intra Urban Youth Dance Festival (um 21. Juni 2020)
  • Future Talent Stage (um 21. Juni 2020)
  • Festivitéite vun Nationalfeierdag (um 22. an 23. Juni 2020)
  • City Skyliner (am Juli an August 2020)
  • Kinnekswiss loves… (um 3. a 4. Juli 2020)
  • Bouneweger Kiermes (vum 10. bis 14. Juli 2020)
  • Blues’n Jazz Rallye (um 18. Juli 2020)
  • Kanner in the City (um 31. Juli an 1. August 2020)
  • Sport op der Kinnekswiss
  • S.d.S. Sport-Wochen (vu Juli bis September 2020)

Wëll een d’Situatioun duerno net aschätze kann an hei eng grouss Zuel u Visiteure wäerte sinn, goufen och folgend Evenementer ofgesot:

  • Streeta(rt)nimation (um 8. August 2020)
  • Schueberfouer (vum 21. August bis zum 9. September 2020)

An dësem Kader gëtt drun erënnert, datt d’Wochemäert um Knuedler weiderhin Mëttwochs a Samschdes organiséiert ginn. Hei proposéieren Food Trucks dann och weiderhin hiert Iessen fir matzehuelen. Um Glacismaart, deen um 17. Mee, 21. Juni an 19. Juli 2020 virgesinn war, wäerte just Iesswuere verkaaft ginn.

Festival de Wiltz

De Programm vum Festival de Wiltz gouf ob 2021 verréckelt. Den neien Datum mat den eenzelen Evenementer gëtt esou schnell et geet matgedeelt. Eng Rei Informatioune fannt Dir awer elo schon op www.festivalwiltz.lu.

Sollt Dir schonn Ticketen kaaft hunn, da behalen dës och hir Gëltegkeet. Zënter der Grënnung vum Festival am Joer 1953 ass et elo déi éischt Kéier, datt d’Evenement eng Paus aleeë muss. D’Gesondheet geet awer nu emol vir.

An dësem Sënn freeën sech d’Organisateuren, Iech am nächste Joer nees begréissen ze kënnen.

Open air Konstfestival zu Lellgen

„Et gëtt an der aktueller Situatioun näischt méi Wichteges ewéi d’Gesondheet“, deelen d’Organisateure vum Open air Konstfestival vu Lellgen mat. Aus dësem Grond muss den 30. Gebuertsdag vum Evenement waarden.

„Mir soen Eech Merci fir Äert Versteesdemech, an an der Hoffnung Eech nächst Joer um 30. Open air Konstfestival zu Lellgen begréissen ze däerfen“, heescht et hirersäits.

Net national, an awer…

Dirndl a Lederhose kënnen och ee weidert Joer am Schaf bleiwen – ausser Dir wëllt Iech privat emol bëssi anescht undoen. Dat gréisst Volleksfest vun der Welt, d’Oktoberfest zu München, fällt 2020 an d’Waasser.

De bayresche Ministerpresident Markus Söder an de Münchener Uewerbuergermeeschter Dieter Reiter hunn d’Wiesn, déi vum 19. September bis 4 Oktober 2020 stattfanne sollten, offiziell ofgesot. Fir d’Stad géif dat net nëmmen ee kulturellen, mee och ee wirtschaftleche Schlag an d’Gesiicht bedeiten. Ronn 6 Millioune Visiteure besichen d’Oktoberfest all Joer.

Related topics Ausfall, Blues'n Jazz Rallye, Coronavirus, Covid-19, Festival de Wiltz, ING Night Marathon, Kiermes, Kinnekswiss loves...., My Urban Piano, Oktoberfest, Open air Konstfestival, Pandemie, Regierung, Schueberfouer
Next post Previous post