Search

You may also like

Iran-USA: Washington kënnegt „Frëndschaftsofkommes“ vun 1955
Neiegkeeten

Iran-USA: Washington kënnegt „Frëndschaftsofkommes“ vun 1955

Teheran huet e Mëttwoch d‘USA als „rechtsfräie Regimm“ bezeechent, nodeems

CR186: Spärung duerch neie Stroossebelag
Neiegkeeten

CR186: Spärung duerch neie Stroossebelag

Vum 4. bis de 7. Oktober gëtt de Stroossebelag op

Oh yes,we have no bananas!
Neiegkeeten

Oh yes,we have no bananas!

Freides, 10. Januar 2020 | 20:00 ARTIKUSS – Zolwer E musikalesche

Kulturell Mediatioun – Eng Formatioun fir sozial Integratioun a Kohäsioun

Kulturell Mediatioun – Eng Formatioun fir sozial Integratioun a Kohäsioun

Ab Oktober 2021 wäert zu Lëtzebuerg déi nei Formatioun an der kultureller Mediatioun starten. Si riicht sech un all Persoun, déi d’Ëffentlechkeet mat artisteschen a kulturellen Aktiounen beienee bréngt an esou liefhaft Wësse vermëttelt.

Ënnert engem kulturellen Acteur, respektiv Mediateur versteet een all Persoun, déi bei engem Spektakel oder enger Ausstellung den Echange fërdert, Virféierungen fir de Publik a Schoulen organiséiert, e Bléck hannert d’Kulissen erméiglecht, participativ Projeten lancéiert, artistesch Aktiounen am ëffentleche Raum stattfanne léisst an d’Konscht duerch Residenzen an Atelieren stäerkt.

Ma, all dës Initiativen hunn een Zil: Kenntnisser viruginn a sech kreativ ausliewen dierfen. A mat der Formatioun an der kultureller Mediatioun soll elo e Parcours ugebuede ginn, dee fundamental Kompetenze virugëtt, fir esou Projeten op d’Been ze stellen an säi Wëssen ze verbreeden.

Kultur ass fir jidderee geduecht. Nach ëmmer ginn et onsiichtbar Grenzen, an esou soll de richtegen Ëmgang mam kulturelle Beräich déi sozial Integratioun a Kohäsioun duerch den Dialog, Echange an d’Renconter fërderen.

Lancéiert gëtt dës Offer vum Kulturministère an dem Oeuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte, zesumme mam House of Training. D’Formatioun, déi an der Handelskummer ofgehale gëtt, wäert a franséischer Sprooch ofgehale ginn, dauert 60 Stonnen an huet e Wäert vun 2.600 €, déi komplett vum Oeuvre an dem Kulturministère iwwerholl ginn. Am Uschloss erhält all Participant, deen d’Formatioun erfollegräich ofgeschloss huet, en Zertifikat.

Aschreiwe kann ee sech elo schonn iwwert houseoftraining.lu.

Opmaacherbild: © Joshua Hanson / unsplash

Related topics House of Training, Inclusioun, Kohäsioun, Konscht, Kultur, Kulturell Mediatioun, Kulturministère, nei Formatioun, Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, Spektakel, Zertifikat
Next post Previous post