Search

You may also like

Human Rights Watch Film Festival 2020 – Wou Mënscherechter ënnert d’Lëns geholl ginn
Kultur Neiegkeeten

Human Rights Watch Film Festival 2020 – Wou Mënscherechter ënnert d’Lëns geholl ginn

New York – Den Human Rights Watch Film Festivals (HRWFF)

Opgepasst, et sinn nees Laangfanger um Tour
Kultur Neiegkeeten

Opgepasst, et sinn nees Laangfanger um Tour

Et ass net grad déi beschten Zäit fir den handel

Omar al-Bashir: en Diktator mat beschte Bezéiungen
Kultur Neiegkeeten

Omar al-Bashir: en Diktator mat beschte Bezéiungen

Am Sudan stinn zanter Wochen d‘Zeechen op Stuerm, an d‘Vollek

„Art Ansembourg“ – 4 Artisten, 2 Zorte Béier an 1 Hunnegschnaps

A mir wollte just luusse goen…

Et kann ee soe wat ee wëll, mee déi kulturell Offer um Päischtsonndeg war nees grandios. Sech fir eppes ze entscheede war dann och net emol esou einfach. Well eise Melvin um Koll an Aktioun war, eist Shari de Rock am Ring onsécher gemaach huet, ass de Redaktiouns-Joker op Aansebuerg op eng Ausstellung gefligert, wou et nieft der Konscht och nach e gastronomeschen Highlight gouf.

Organiséiert vun der Stuff Brauerei a Kooperatioun mat Mellis Finest, hunn an der aler Schmëtt véier jonk Artisten hir Wierker ausgestallt. Ganz interessant hei, d‘Wierker vun de „The Lost Boys“ déi zimlech eenzegaarteg Kalligraphie presentéiert hunn. Net manner beandrockend, dem Nathalie Soldani seng Konscht: hei geet et ëm d‘Verbindung vu Gravure mat Fotografie. Impressionnant!

Den Aurélien Ernst huet flott an inspiréierend Biller vu Latäinamerika ausgestallt an den Hadrien Friob war op der Plaz mat sengen Nuetsopnamen aus dem amerikaneschen Naturpark „Joshua Tree“. Alleguerten haten se en Ouer fir déi vill Froe vun de Gäscht, an esou ass den Nomëtteg reegelrecht verflunn. Et gouf getraatscht an gelueft, an dat Genderiwwergräifend, wéi en haut seet.

Dréche Konscht versus flëssegt Gold

Wien dann awer de Wee op „Art Ansembourg“ fonnt hat, konnt net nëmme vun der uewe genannter Konscht profitéieren. Am Gäertchen hannert der Schmëtt haten d‘Bouwe vun der Stuff Brauerei an déi zwee Häre vu Mellis Finest hir zelter opgeschloen. A si waren net mat eidelen Hänn ugereest. Et huet leckere Béier (Zinga & Mellis) ginn, en Hunnegschnaps gouf et an och eppes z‘iessen…

Fänke mir mat de „feste Bestanddeeler“ un: Wann et emol fir eng Kéier kee Fleesch muss sinn, an eigentlech sollt e jo och domatter eppes méi lues maachen, da sinn d‘Kichekueder Aurore Ksiazyk an de Sergio Fernandez eng sécher Adress. Wat si do erbäigezaubert hate war esou genial wéi och vum Goût hir einfach iwwerzeegend. Sollt dir hinne begéinen, onbedéngt schmaache goen!

Zu hire Canapéen, Empenadas an Tortillas, gouf et mat dat bescht wat sech aus Happ, Malz an Hunneg oder alternativ dozou Ingwer, hierstelle léisst. Den Zinga an de Mellis Hunnegbéier aus der eegener Produktioun (Stuff Brauerei) hu fir vill glécklech Gesiichter gesuergt. Vergiesse mir dann och net, de Marc an Paul, déi hiren Hunnegschnaps matbruecht haten. Oh der Däiwel ass dee lecker.

Foto: © Martine de Lagardère

Related topics Aansebuerg, Art Ansembourg, Hunnegbéier, Hunnegschnaps, MELLIS, Stuff Brauerei, Zinga
Next post Previous post