D’Kulturfabrik gëtt zur Sammelstell

Zanter Russland an d’Ukrain amarschéiert ass, weist d’Kulturfabrik zu Esch sech solidaresch. D’Ekipp huet decidéiert sech ze mobiliséieren an hier Ënnerstëtzung unzebidden.

An dësem Kader huet de Kulturzentrum, zanter dem 3. Mäerz seng Dieren op an eng Sammelstell ageriicht. Dës Aktioun gëtt vun der Escher Gemeng ënnerstëtzt. Déi gesammelt Spenden ginn vun der asbl LUcraine verdeelt.

Gesicht gëtt nach medezinesch Ausrëschtung, Thermodecken, Éischt Hëllef-Këschten, Verbänn, Desinfektiounsmëttel, Schlofsäck, Decken, Hygieneartikelen, Bueddicher, Zännbiischten-a Pasta, Pampersen, Masken, Binden, Këschten an nach vill méi.

Keng Kleeder oder Liewensmëttel.

Dir kënnt Är Saache vu Méindes bis Freides tëscht 9 an 19 Auer ofginn. Fir eng Liwwerung ausserhalb vun den Ëffnungszäiten kënnt Dir um +352 55 44 93-1 uruffen.

D’Adress vun der Sammelstell ass:
Kulturfabrik, 116, rue de Luxembourg L-4221 Esch-sur-Alzette

Dernières nouvelles