Search

You may also like

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!
Kultur Neiegkeeten

Och d’ASTI wëll d’Lëtzebuergescht ënnerstëtzen – mee net onbedéngt an eise Schoulen!

Zum Gesetzesprojet zur “Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch” ginn et

Nei psychiatresch Struktur „De Park“ zu Ettelbréck ageweit
Kultur Neiegkeeten

Nei psychiatresch Struktur „De Park“ zu Ettelbréck ageweit

Et gëtt scho laang keng psychiatresch Institutioune méi, déi vun

En Dateschutzgremium fir Facebook
Kultur Neiegkeeten

En Dateschutzgremium fir Facebook

Et ass net well Facebook sech ganz rezent en neien

Kulturfabrik: Zesummen am Zeechen vun der Kultur, och a schwieregen Zäiten

Kulturfabrik: Zesummen am Zeechen vun der Kultur, och a schwieregen Zäiten

Haart Zäiten erfuerderen net ëmmer haart Moossnamen. Engagement, Passioun a Kreativitéit vun enger ganzer Ekipp kënnen dofir suergen, dat Bescht aus der Situatioun erauszehuelen. Esou bléckt d’Kulturfabrik ob e Pandemie-gepräägt Joer zeréck, an deem nei Weeër ageschloen an originell Initiativen ergraff goufen.

D’Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht huet sech zu Lëtzebuerg an iwwert d’Grenzen hinaus en Numm an der Kulturzeen gemaach a lackelt net nëmme mat Concerten a Spektakelen, mee och mat Workshops, artisteschen, literareschen a gastronomeschen Offeren op d’Plaz. Verdeelt op de 4.500 m² sinn 2 Säll fir Spektakelen, d’Galerie Terres Rouges, de Kinosch, d’Brasserie K116 an eng kollektiv Kichen, de klenge Bistro „Ratelach“, 4 Säll fir Workshops, Formatiounen an Ähnleches, sou wéi 6 Studioen fir Artisten.

Als Uert vun der Renconter ginn an Normalzäiten ëm 300 Evenementer d’Joer gebueden. Ma, dat war 2020 anescht.


Kulturfabrik – Rapport d’Activités 2020

Fänke mir awer emol domat un, datt d’Kulturfabrik matten am Confinement en neien Direkter kritt huet. Um 1. Mee 2020 huet de René Penning d’Tâche vum Serge Basso de March iwwerholl. Wou hien virun 18 Joer den Direkterposten kritt huet, konnt de Serge an der Kufa eng „2CV mat engem Rolls Royce-Motor“ erkennen. Et huet een déi richteg Handgrëffer a motivéiert Leit gebraucht, fir dës Plaz a Schoss ze bréngen an an dee beléiften Kulturzenter ze verwandelen, dee mir haut kennen.

Och wann de René Penning d’Entwécklung materlieft an d’Kulturfabrik esou kennt, wéi säin eegent Doheem, gouf hien an mat der Pandemie dat kaalt Waasser gehäit. Fir déi éischt Kéier säit 22 Joer huet een de ganze Summer iwwer opgehat, an duerch déi super Ekipp konnt een d’Erausfuerderungen esou gutt a kreativ meeschteren, wéi et grad méiglech war. Besonnesch erausgestach huet d’Kufa Summer Bar an d’Squatfabrik, méi dozou kënnt gläich.

Nieft sengem neien Direkter huet och de Verwaltungsrot sech nei opgestallt, mam Yves Wagener als President, dem Sandrine Hoeltgen als Vize-Presidentin, dem Ines Biwer als Sekretärin, an dem Guy Assa als Tresorier. Member sinn den Nick Clesen, d’Jeanne Glesener, d’Michèle Hemmer, d’Danièle Kohn-Stoffels, de Bernard Lahure, d’Sandy Lahure, de Robert Schneider, d’Daliah Scholl an de Roger Seimetz.

D’Renconter war och wärend der Pandemie wichteg

D’Kulturfabrik, d’Kufa Summer Bar an d’Ratelach hunn am Ganzen 20.030 Visiteuren am vergaangene Joer ugezunn, dovunner 4.341 fir déi summerlech Bar an 547 an der Kënschtlerresidenz. Dobäi kommen 2.500 Clienten fir d’Brasserie K116.

Kulturfabrik
Kulturfabrik – Rapport d’Activités 2020

Duerch déi sanitär Kris hunn 152 Evenementer missen ofgesot ginn. Glécklecherweis duerft een awer 145 Evenementer bäibehalen, respektiv bäiplangen am ugepasste Kader. Dobäi sinn déi meescht Visitten am Beräich vun der ëffentlecher Renconter (54,5%), an de Workshops (19,5 %) an op Concerten (10,9%) gezielt ginn.

Am Joer 2020 hat d’Kulturfabrik 2.220.816,59 € Chargen an 2.286.494,30 € Recetten, déi zum gréissten Deel ob Subventiounen zeréckginn.

Kulturfabrik
Kulturfabrik – Rapport d’Activités 2020

Elo awer zur Kufa Summer Bar an der Squatfabrik

Nodeems d’Regierung fir de 25. Mee 2020 ugekënnegt huet, datt d’Terrassen endlech nees opmaachen dierfen, huet d’Ekipp a kierzester Zäit en neit Konzept op d’Been gestallt. Nëmmen zwee Deeg méi spéit huet d’Kufa Summer Bar um 17 Auer éischt Virwëtzen empfaangen. An erëm zwee Deeg drop konnt déi éischt Soirée mat musikalescher Begleedung vun engem DJ organiséiert ginn.

Déi grouss oppen Terrass, déi ënnerschiddlechst Miwwelen, Lampionen a Vintage-Dekoratioun,si super beim Public ukomm. An zemools d’Kombinatioun mat Concerten, DJ Sets, Performancen a Filmer hu fir grouss Begeeschterung gesuergt. Esou konnt d’Kulturfabrik de ganze Summer iwwer 43 Evenementer am Kader vun der Kufa Summer Bar stattfanne loossen an 4.341 glécklech Visiteuren zielen.


Kulturfabrik – Rapport d’Activités 2020

Ma, och bei der Squatfabrik – engem Konzept vun enger Kënschtlerresidenz, déi der lokaler Zeen méi Visibilitéit an Ënnerstëtzung bitt – hunn d’Aen gefonkelt. All 2 bis 3 Wochen duerft en neien Kënschtler-Duo oder -Trio an d’Raimlechkeete vun der Keramikfabrik eraplënneren a sech artistesch ausliewen, wärend de Public hinnen iwwert d’Schëller kucken duerft.

D’Enn vun all Residence gouf mat engem sougenannten „Get-Out“ zelebréiert. Tëscht Mëtt Juni an Enn September konnte 7 Residenzen mat am Ganze 25 Artisten organiséiert ginn. 547 Visiteuren hu sech hir Kreatiounen op der Plaz ugekuckt.


Kulturfabrik – Rapport d’Activités 2020

Souwuel d’Kufa Summer Bar, wéi och d’Squatfabrik hunn elo duerch hiren immensen Zousproch eng fest Plaz am Programm vun der Kulturfabrik fonnt a wäerten och dëst Joer stattfannen.

Aircheck Sessions – Wéi d’Kiischt um Kuch

Wat ass Kultur ouni Live-Concerten? Wéi kann een dat an Zäite vun enger sanitärer Kris ëmsetzen? Ma, d’Kulturfabrik wollt säi Publikum net hänke loossen an huet sech mam Radio 100,7 zesummegedoen, fir de Projet vun den Aircheck Sessions ëmzesetzen.


Kulturfabrik – Rapport d’Activités 2020

Dohanner stieche 4 Optrëtter fir d’Joer 2020, déi an der Kulturfabrik zustane komm an iwwert de Radio iwwerdroe gi sinn. Dobäi waren de Benoit Martiny Band (LU), Tuys (LU), Great Mountain Fire (BE) an Heavy Petrol (LU). An duerch säi grousse Succès ginn och an dësem Joer dës Sessions virugefouert.

Dëst sinn nach laang net all d’Highlight, ob déi d’Ekipp vun der Kulturfabrik zeréckkuckt. Ma, hire komplette Joresbléck kënnt Dir Iech HEI ukucken. Wéi d’Kufa sech bis 2025 nei erfanne wëll, kënnt Dir HEI noliesen.

Opmaacherbild: Kulturfabrik / Facebook

Related topics Aircheck Sessions, Brasserie K116, Concert, DJ Set, Kënschtlerresidenz, Kinosch, KuFa, Kufa Summer Bar, Kulturfabrik, Ratelach, Recetten, Réckbléck 2020, René Penning, Serge Basso de March, Spektakel, Squatfabrik, Visiteuren
Next post Previous post