Search

You may also like

Zu New York hunn se aus der Gay Pride, d‘World Pride gemaach…
Kultur Neiegkeeten

Zu New York hunn se aus der Gay Pride, d‘World Pride gemaach…

Zu New York, wou d‘Gay Pride hiren Ursprong huet, hat

De Lëtzebuerger Kardinol an den Ouschterhues
Kultur Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Kardinol an den Ouschterhues

Lëtzebuerg, Europa, jo déi ganz Welt geréit aus de Fugen,

Griicheland fënnt eng Léisung mat den Scholdenandreiwer
Kultur Neiegkeeten

Griicheland fënnt eng Léisung mat den Scholdenandreiwer

No laangen an zeien Verhandlungen huet déi griichesch Regierung sech

Kulturprogramm am Prabbeli: Dat gëtt bis Mee 2020 gebueden!

Kulturprogramm am Prabbeli: Dat gëtt bis Mee 2020 gebueden!

D’Joer 2020 start och fir de Prabbeli zu Wolz mat engem décke Programm, deen si elo offiziell presentéieren. Vu Concerten, iwwert Liesungen an Theater ass fir all kulturbegeeschtert Persoun eppes mat dobäi.

  • The Feather (BE – Brandbau Salon)
    Indie Pop – De 25. Januar 2020 um 20:00 Auer am Brandbau
    De Solo-Projet vum Thomas Medard (Dan San), The Feather proposéiert Dream Pop, deen sech vu klasseschen Instrumenter, rhythmeschen Elementer a Synthesizer erniert. Dobäi entsteet ee reegelrechte modernen Dialog, deen säin Hauch vu Vintage trotzdeem net verléiert.
  • Filiband (LU/BE/FR/BF – Brandbau Session)
    Reggae/World Music – Den 1. Februar 2020 um 20:00 Auer am Brandbau
    Filiband ass 2011 tëscht der Belsch, Frankräich, Lëtzebuerg an dem Burkina Faso entstanen. Déi rhytmesch Musek gëtt vun afrikaneschen Instrumenter, wéi dem Djembé oder der Kora ënnerstëtzt. D’Texter schwätze vum Krich, derOngerechtegkeet an der Léift déi d’Vollek erlieft.
  • Orangi – Jidderengem seng Chance
    Erzielung, Gesank, Liesung, Figurentheater – Den 8. Februar 2020 um 15:00 Auer am Café Prabbeli
    An Zesummenaarbecht mat der WELUBI Weeltzer Ludo-Bibliothéik
    D’Erzielerin a Schrëftstellerin Josée Bourg erzielt eis déi léif an häerzeg Geschicht vum Orangi, wat sech anescht verhält wéi erwaart. Am Bësch bei den Déiere fënnt hatt Trouscht. Och do ginn et där, déi eleng a verstouss sinn. Si gi Frënn an zesumme kréien si de Courage fir hir eege Stäerkten an Talenter ënner Beweis ze stellen.
  • Alberta Cross (UK/SE -Brandbau Session)
    Rock – De 14. Mäerz 2020 um 20:00 Auer am Brandbau
    Alberta Cross ass de Grupp vum schwedesche Sänger a Gittarist Petter Ericson Stakee. Duerch de véierten Album duerften d’Museker scho mat grousse Kënschtler, wéi dem Neil Young an dem Black Rebel Motorcycle Club zesummeschaffen. Esou konnt Alberta Cross ënnert anerem op Festivaller, wéi dem Coachella oder och dem Glastonbury optrieden.
  • D’Maus Kätti
    Musikalesche Figurentheater – Den 19.03.2020, 10:00 Auer (Schoulvirstellung), 14:00 (Ëffentlech Virstellung), am Brandbau
    D’Maus Kätti wunnt um Land a kritt enges Daags Besuch vun hirer Kusinn Mim aus der Stad. D’Kätti ass iwwerglécklech, mee d’Mim fillt sech guer net wuel. Et probéiert d’Kätti z’iwwerrieden, hatt eemol an der Stad ze besichen. Wat d’Kätti och mécht!
  • D’Gëlle Fraen – Fir Schoulen
    Concert-Spektakel – De 14. Mee 2020 um 9:30 Auer am Brandbau
    Sidd dir prett fir mat de Gëlle Fraen e Sprong zréck an „Déi Gëllen Zwanzeger“ ze maachen, e Sprong zréck an d’Zäit vun de Stommfilmer an de Flapper-Girls? Eng Zäit mat enger ganz apaarter Ënnerhalungsmusek, vun Charleston iwwer Ragtime hin zu wonnerschéine virtuose Walzen. Nostalgie pur!
  • D’Gëlle Fraen
    Concert-Spektakel – De 15. Mee2020, 20:00 Auer am Brandbau
    Sidd dir prett fir mat de Gëlle Fraen e Sprong zréck an „Déi Gëllen Zwanzeger“ ze maachen, e Sprong zréck an d’Zäit vun de Stommfilmer an de Flapper-Girls? Eng Zäit mat enger ganz apaarter Ënnerhalungsmusek, vun Charleston iwwer Ragtime hin zu wonnerschéine virtuose Walzen. Nostalgie pur!
  • Benoît Martiny Band (LU/NL)
    Jazz-Rock – Den 28. Mee 2020 um 20:00 Auer am Brandbau
    D’Benoît Martiny Band ass eng Jazz-Rock Band, déi am Summer 2004 iergendwou tëscht enger Garage zu Rammeldang (LU) an de Stroosse vu Rotterdam (NL) gegrënnt ginn ass. Hire Stil baséiert op enger Hällewull un Aflëss, dorënner Jazz, Blues, Psychedelia a Rock.
Related topics Alberta Cross, Benoît Martiny Band, Concert, D’Gëlle Fraen, D’Maus Kätti, Filiband, Kulturprogramm, Orangi - Jidderengem seng Chance, Prabbeli, The Feather, Theater, Wolz
Next post Previous post