Search

You may also like

Déidlechen Accident um Knuedler
Kultur Neiegkeeten

Déidlechen Accident um Knuedler

Groussasaz fir d‘Rettungsdéngschter um Sonndegowend. Op der Äispist um Knuedler

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou
Kultur Neiegkeeten

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou

Nach ëmmer ginn d‘Nouvellen, bezunn op den neiaartege Coronavirus 2019-nCov,

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot
Kultur Neiegkeeten

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot

Laut engem Communiqué vun der Stater KPL-Sektioun hätt eist ganzt

Kulturvandalismus op der Eecher Plaz

Kulturvandalismus op der Eecher Plaz

Op der Eecher Plaz ginn erëm Haiser ofgerappt. Eent dovu war nach virun e puer Joer komplett renovéiert ginn. De Promoteur huet genau wéi um Lampertsbierg als éischt d’Hasteng ronderëm d’Fënstere futti schloe gelooss, wahrscheinlech fir eventuell Denkmalschützer viru vollend Tatsaachen ze stellen.

Zesumme mat der schéiner aler Apdikt vis-à-vis, wou och nach net kloer ass, wat domat passéiert, forméieren déi Haiser en erhalenswäerten Ensembel, deen zanter dem Ufank vum leschte Joerhonnert net verännert gouf. Dat gesäit een op enger Postkaart vun 1904, déi um Facebook-Site “engpostkaartdendag” publizéiert gouf.

Kulturvandalismus

De kulturelle Vandalismus op der Eecher Plaz weist eemol méi, dass d’Stad Lëtzebuerg onbedéngt en Inventaire vun den erhalenswäerte Gebaier muss opstellen, sou wéi déi Lénk dat am Gemengerot ëmmer erëm fuerderen. Dofir sollen déi lokal Interesseveräiner, d’Geschichtsfrënn aus de Quartieren a natierlech de Service des sites et monuments nationaux mat erugezu ginn. Geschitt dat net, wäert an deenen nächste Joren d’Zerstéierung vum Patrimoine an eiser Stad nach méi séier weider goen.

Kulturvandalismus

Et muss ee leider feststellen, dass déi blo-schwaarz Majoritéit am Gemengerot de Promoteure weiderhi schéngt fräi Hand ze loossen!

Matgedeelt vun déi Lénk Stad

Related topics déi Lénk Stad, Denkmalschutz, Eecher Plaz, Kulturvandalismus, Ofrappen, Renovatioun
Next post Previous post